Search

You may also like

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 15.03.2021)
Neiegkeeten Sport

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 15.03.2021)

Och an dësem Joer ginn nees zwee Mol Maintenance- a

Lëtzebuerg a seng Fongen: D’Virreider vun der konsequenter Inkonsequenz
Neiegkeeten Sport

Lëtzebuerg a seng Fongen: D’Virreider vun der konsequenter Inkonsequenz

Mir sinn ambitionéiert a verfollege strikt eis Moossnamen, fir déi

Filmtipp: „Planet of the Humans“ vum Jeff Gibbs
Neiegkeeten Sport

Filmtipp: „Planet of the Humans“ vum Jeff Gibbs

Well d‘Covid19-Pandemie net déi eenzeg Kris ass, déi eise Planéit

De Sportprogramm vum Weekend (07.-09.05.2021)

De Sportprogramm vum Weekend (07.-09.05.2021)

Dëse Weekend steet am sportleche Beräich en décke Programm un. D’Widderhuelung vun der Championsleague-Final, en entscheedende Schock fir den Titel vun der Liga an der Ligue 1, en Angschtmatch an der A-Serie, Lancement vum Giro an eng super Formel 1 Course. Dëse Weekend ass Sport! Hei elo e klenge Resumé wat esou de Weekend usteet.

Fussball

Lens – Lille
Freides, de 7. Mee um 21:00 Auer

Dësen Derby vun den Nordstaaten entfaacht e Feier. Fir Lens ass d’Victoire entscheedend a senger Course zur europäescher Qualifikatioun. En iwwerraschend Zil fir den Opsteiger, deen Lille als Rival huet. Dëse Club spillt just fir den Titel a muss dësen och gewannen. Nom Schlag vum leschte Match (0-4), géifen d’Spiller vu Lens et bevirzuchen d’Dreem vun hire Kontrahenten ze zerstéieren an ee grousse Schrëtt a Richtung 5. Plaz vum Championnat ze maachen.

Tipp vun der Redaktioun:
Lens 1 – 3 Lille. Si kämpfe bis zum Schluss, déi Mëll.

Manchester City – Chelsea
Samschdes, den 8. Mee um 18:30 Auer

Mat senger monstréiser Avance an d’Premier League schéngt de Match fir Manchester zimlech einfach. Chelsea huet et dogéint batter néideg e puer Punkten ze kréien an esou seng 4. Plaz am Championnat ze sécheren. Mee dëst ass méi wéi e Match ëm den Championnat, et ass e formidabelen Astig mat der Final vun der Champions League, déi dës zwou Formatioune géigeniwwer stellt. Dës Widderhuelung virun der Zäit kéint ee wierklechen Impakt hunn.

Tipp vun der Redaktioun:
City 0 – 1 Chelsea. E bëssen Zweiwel un der Ekipp vum Guardiola ass do.

FC Barcelona – Atlético Madrid
Samschdes, den 8. Mee um 16:15 Auer

E Schock un der Spëtzt vun der Liga. Et ass eng erneit Renconter fir de Luis Suarez mam Camp Nou an dat gëtt eng Erausfuerderung. Fir Atlético Madrid , deen nach ëmmer Leader vum Championnat ass, kéint eng Null de Verloscht vun der éischter Plaz bedeiten. Dogéint géif eng Victoire fir d’Katalane si op een Niveau mat hire Kontrahente vum Owend bréngen a si kënnen d’Spëtzt vun der Liga erreechen.

Tipp vun der Redaktioun:
Barca 2 – 1 Atltético Madrid. Kuckt een déi aktuell Form missten d’Katalanen eng Ännerung abrénge kënnen. Kuckt dach mol op Granada, eh wat?

Borussia Dortmund – RB Leipzig
Samschdes, den 8. Mee um 15:00 Auer

Wäert Borussia säi grousse Rival Bayern München kréine mussen. Ouni ze wäit virgräifen ze wëllen, si mir prett fir ze wetten, datt dat de Wonsch vun de Supporter vun Dortmund ass.D’Victoire gëtt gebraucht fir den éischte véier Gruppe bäitrieden ze kënnen a sech vun do aus fir d’Championsleague ze qualifizéieren. Eng Victoire géif de Wonsch vu Bayern offiziell bestätegen. Fir Leipzig, déi méi wéi sécher op zweeter Plaz lande wäerten, schéngt de Problem net grad esou grouss. De Sputt, dee si trennt, ass quasi onbezwéngbar.

Tipp vun der Redaktioun:
Dortmund 3 – 2 Leipzig. Mir jäizen et aus dem Häerz eraus: Mir wëlle Borussia an der Championsleague.

Juventus – AC Mailand
Sonndes, den 9. Mee um 20:45

Hitt dech virun de Verléirer. Nodeems Inter Milan lescht Woch offiziell säin Titel an der Serie A krut, huet d’Erausfuerderung sech fir déi zwee historesch Veräiner geännert. Ma eigentlech ass et ganz einfach: Sech qualifizéieren fir déi nächst Editioun vu der Championsleague. Mat 4 Equippen an zwee Punkten misst all Chute, ausser et kéim nach eng Iwwerraschung, de Verléierer vun de 4 éischte Plazen ewechstoussen. Dës Renconter bitt en héije Risiko, bei deem déi Equippe, déi d’Nerven am beschte behält, et packe misst.

Tipp vun der Redaktioun:
Juventus 0 – 1 Mailand. Dohannert stécht keng Iwwerleeung. Den Auteur vun dësen Zeilen wëll einfach de Christiano Ronaldo net ënnerstëtzen.

Rennes – Paris Saint Germain
Sonndes, den 9. Mee um 21:00 Auer

Katerstëmmung bei PSG. No senger Defaite um Terrain vu Manchester City, mussen d’Fransousen hir Eliminatioun ignoréieren fir sech op d’Ligue 1 ze konzentréieren. D’Trophäe ass wäit dovunner ewech gewonnen ze sinn an et gëtt en absolut perfekt Spill gefuerdert fir zeréckkommen ze kënnen. D’Sich no Perfektioun fänkt e Sonndeg de Owend um Terrain vu Rennes un, deen nach an der Europa spillt a mat engem Coup déi lescht 6 Méint vum Pochettino an een Albdram verwandele wéilt.

Tipp vun der Redaktioun:
Rennes 1 – 0 Paris Saint Germain. Hannen zerklappe sech den Neymar an den M’bappe, d’Katarer loossen déi aner am Stach a mir fannen PSG erëm, esou wéi mir si gär hunn – am Kampf fir den Erhalt.

Cyclissem

E Samschdeg, den 8. Mee gëtt zu Turin den 104. Giro d’Italia mat engem Zäitfuerprogramm (8,61 km) an de Stroosse vu der Haaptstad vu Piemont gefuer. Sonndes geet et fir de Peloton vun Stupingi op Novare (179,4 km), dat an enger Etapp déi virun allem fir d’Sprinter geduecht ass. Duerno muss ee sech bis Donneschdes gedëllegen fir d’Route vum Giro an der Regioun vu Marche ze gesinn. Dobäi wäert kee Lëtzebuerger mat un den Depart goen.

Formel 1

Eng Woch no Portimao ass d’Formel 1 schonn zréck op der Pist vu Barcelona. No senger Victoire a Portugal muss de Lewis Hamiltorn (Mercedes) sech erëm géint de Max Verstappen (Red Bull) beweisen. Béid Pilote kënnen dës Streck auswenneg. Déi 1.000 autoriséiert Spectateuren op den Tribünen kënne wärenddeem d’Heemspill fir déi spuenesch Pilote Fernando Alonso (Alpine) a Carlos Sainz (Ferrari) beobachten.

Zesumme mat mental.lu

Related topics AC Mailand, Atlético Madrid, Borussia Dortmund, Cyclissem, FC Barcelona, Formel 1, Giro d'Italia, Juventus, Lens, Lille, Manchester City, Paris Saint Germain, RB Leipzig, Sportprogramm, Weekend
Next post Previous post