Search

You may also like

money
Lëtzebuerg am Big Apple – Op der Sicht no neien Opportunitéiten
Neiegkeeten Sport

Lëtzebuerg am Big Apple – Op der Sicht no neien Opportunitéiten

Am Kader vum Deplacement op New York, wou den Ierfgroussherzog

Bass du prett, fir däi Lëtzebuergesch ze testen?
Neiegkeeten Sport

Bass du prett, fir däi Lëtzebuergesch ze testen?

[onionbuzz quiz-id=201][/onionbuzz] Ëmmer erëm stousse mer beim schreiwen op komplizéiert

dislikemoney
VW vum Bundesgeriichtshaff enttäuscht
Neiegkeeten Sport

VW vum Bundesgeriichtshaff enttäuscht

Volkswon (VW) hat gelunn an esou honnertdausende Clienten iwwert de

De Sportprogramm vum Weekend (13. – 14.03.2021)

De Sportprogramm vum Weekend (13. – 14.03.2021)

Och wann dëse Samschdeg keng epeschen Renconteren huet, de Sonndeg gëtt „hot“! Et gi grouss Derbyen an historesch Matcher fir déi ënnerschiddlech Titelrennen.

Torino – Juventus Turin, Sonndes
De 14 Mäerz um 15:00 Auer
Zweet Affiche tëscht zwee Veräiner vun der selwechter Stad. Natierlech boxen déi zwou Equippen net an där selwechter Kategorie. Turin kämpft an aller Hisiicht dorëm eng Katastroph ze verhënneren, an déi al Damm muss den Dënschdeg géint de FC Porto spillen an d’Wonne vun hirer Ausscheedung pléischteren a sech hir Plaz an der nächster Ausgab vun der Champions League sécheren. Wärend d’Victoire fir déi zwee feindlech Bridder onabdéngbar ass, wäerten d’Aen op de Cristiano Ronaldo geriicht sinn, deen an der Press no sengem Net-Match géint d’Portugise kritiséiert gouf.

Tipp vun der Redaktioun:
Torino 1 – 2 Juventus. Obwuel dem Pirlo seng Männer leiden, schéngt d’Lach tëscht den zwou Equippen ze grouss, fir eng Iwwerraschung ze erwaarden.

Monaco – Lille
De 14 Mäerz um 17:05 Auer
Kapitalmatch an der Ligue 1 Uber Eats tëscht zwee Kandidate fir den Troun. Wärend d’Asemisten am Titelkampf weider ee schiedleche Réckschlag erleiden, strieft de LOSC weider no gudde Resultater a bleift un der Spëtzt vun der Meeschterschaft. Zwee vun de sexieste Équipë begéinen sech dowéinst am Stade Louis II, an der Hoffnung hir Course op den hellege Gral weiderzeféieren. Eng Saach ass sécher: Paräis a Lyon wäerten dës Versammlung ganz, ganz gutt verfollegen.

Tipp vun der Redaktioun:
Monaco 1 – 3 Lille. Well mir wierklech wëllen, datt d’Nordlänner d’Ligue gewannen.

Arsenal-Tottenham
De 14. Februar um 17:30 Auer
London Derby in der Premier League. Béid gekréint mat enger entscheedender Europa League Victoire en Donneschdeg den Owend. Elo wäerten déi zwou Mannschaften d’Schwäerter kräizen. Et ass déi lescht Chance. Fir d’Course an Europa ass eng Victoire e Muss. Anescht kënnen si d’Qualifikatiounshoffnungen net oprechterhalen.
Dat ass eng zousätzlech Motivatioun an dësem historeschen Treffen, tëscht de Veräiner, déi sech haassen.

Tipp vun der Redaktioun:
Arsenal 1 – 2 Tottenham. D’Spurs si schlecht. Awer d’Gunner si ganz schlecht.

Milan – Napoli
Dee 14. Februar um 20:45 Auer
Historesch glamouréis, an sou 90er, dëse Konflikt tëscht zwee vun de legendäersten Equippe vu Calcio wäert sécherlech de Beschte vum Weekend sinn.
Fir Mailand, déi net wëssen ob se no vir kucken oder sech de Réck séchere sollen, ass d’Rechnung einfach: Si musse weider gewannen, fir op d’mannst eng Plaz an der nächster Saison vun der Champions League ze sécheren. Wat Napoli ugeet – sou onreegelméisseg wéi si an dësem Joer gespillt hunn, sou wichteg ass et dem Gattuso senge Männer ze gewannen. Si dreeme weider vun enger véierter Plaz.

Tipp vun der Redaktioun:
Milan 1 – 1 Napoli

FC Sevilla – Real Betis
De 14. Februar um 21:00 Auer
Andalusien ass onroueg. Historesch ee vun de spannendsten Derbyen an Europa, de Konflikt tëscht FC Sevilla a Real Betis brauch kee Publikum fir de Pudder ze hëtzen. Et gëtt leidenschaftlech. D’Partner vum Joaquin an Nabil Fékir wäerten um Sanchez-Pizjuan Terrain hiert Gléck versichen. Empfindlech Séilen sollten op dëse Match verzichten.

Tipp vun der Redaktioun:
Seville 1 – 1 Betis. An zwou rout Kaarten, wëll dës Géigner dofir bekannt sinn, sech net ze ëmaarmen.

Zesumme mat mental.lu
Opmaacherbild: © Nicolene Olckers / Unsplash

Next post Previous post