Search

You may also like

Visionär fortschrëttlech
Neiegkeeten Sport

Visionär fortschrëttlech

Am Kader vun der Generalversammlung vun der Associatioun „Quattropole“ hunn

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser
Neiegkeeten Sport

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser

En Donneschdeg hunn den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an den

US-Investigatiounsjournalist vu Brasilien ugeklot
Neiegkeeten Sport

US-Investigatiounsjournalist vu Brasilien ugeklot

Den amerikaneschen Investigatiounsjournalist Glenn Greenwald ass vum brasilianesche Parquet ugeklot

De Sportprogramm vum Weekend (26. – 28.03.2021)

De Sportprogramm vum Weekend (26. – 28.03.2021)

Fir dëse Weekend – un deem iwwregens och d’Zäit ëmgestallt gëtt – ass d’Aktioun omnipresent an der Welt vum Sport! Tëscht Fussball, Rugby, Vëlofueren, Tennis a Basketball fënnt all Sportsfan eppes fir sech. Hei ass eng kleng Zesummefaassung vun den interessantste Matcher.

Fussball

Irland – Lëtzebuerg,
E Samschdeg, den 27 Mäerz, 20:45 Auer

A lass geet et! D’Qualifikatiounscampagne fir d’Weltmeeschterschaft 2022 fänkt de Samschdeg offiziell fir déi rout Léiwen un. An enger ganz staarker Equippe wäerten d’Männer vum Luc Holtz vill ze dinn hunn fir den Opstig vun de leschte Joren ze bestätegen.
Den éischte Géigner ass Irland. Fir dëst Zesummentreffen, wat an Debrecen stattfënnt, mussen d’Britten no hirer Néierlag géint Serbien gewannen. Fir Lëtzebuerg, wou e Mëttwoch an engem Frëndschaftsmatch géint de Katar verluer huet, geet et drëm säin éischte Match virum prestigeträchtege Seleção-Empfang, den 30. Mäerz ze starten.

Tipp vun der Redaktioun :
Irland 0 – 3 Lëtzebuerg. Dëst Joer ass dat vum Grand-Duché, dat soe mir iech!

Serbien – Portugal
E Samschdeg, den 27. Mäerz um 20:45 Auer
Et gëtt villäicht den éischte richtege Schock vun dëser Grupp. Tëscht dësen zwee Kandidate fir d’Qualifikatioun, versprécht de Match spannend ze ginn.
Fir Serbien, d’Gewënner vun engem spektakuläre Match géint Irland (3 – 2), wäert eng weider Victoire hir Plaz als Aussenseiter festegen. Wat Portugal betrëfft, sou wäert dem Fernando Santos seng Equippe no enger éischter schleppender Victoire géint Aserbaidschan hire Status als Favorit, duerch eng erfollegräich Leeschtung bestätege wëllen.

Tipp vun der Redaktioun:
Serbien 1 – 1 Portugal. Esou schloe mir Irland, mir widderhuelen dat mat Portugal, an dann huele mir lues déi éischt Plaz vum Grupp. Dëst Joer ass dat vum Grand-Duché, dat soe mir iech!

Tschechesch Republik – Belsch
E Samschdeg, de 27. Mäerz um 20:45 Auer
Et gëtt Zäit déi rout Däiwelen ze bestätegen. De belsche Kader, nach ëmmer ouni Eden Hazard, wëll eng zweet Victoire an dëser Grupp erreechen.
Nodeems si géint Wales gewonnen hunn, treffen dem Roberto Martinez seng Männer op déi aner Aussesäiter an dëser Grupp. Tschechesch Republik, déi Estland mat 6 – 2 geklappt huet.

Tipp vun der Redaktioun:
Tscheschech Republik 1 – 3 Belsch. Mir änneren keng Formel déi gewënnt.

Kasachstan – Frankräich
Sonndes, den 28 Mäerz um 15:00 Auer
Dës EquippE mat den dräi Faarwen däerf keng Feeler méi maachen. No engem Onentschiede géint Ukraine, muss dat franséischt Team Punkte sammele fir säi Status als Favorit ze behalen. Am Géigesaz dozou soll Kasachstan e Spillmuster reproduzéieren, wat den Ukrainer änelt.

Tipp vun der Redaktioun:
Kasachstan 0 – 2 Frankräich. D’Lück tëscht den zwou Equippen schéngt nach ëmmer grouss.

Rugby mam Turnéier vun den VI Nations 2021

Frankräich – Schottland
Freides, de 26. Mäerz um 21:00 Auer
Dëse leschten Dag vum Turnéier gëtt spannend. Frankräich hat trotz der Néierlag géint de laangjärege Feind England e gudde Laf. Si mussen en offensiivt Spill ubidden, fir sech de Pokal ze erkämpfen. Si mussen op mannst 21 Punkte viraus sinn, dofir kritt Frankräich awer och den Offensivbonus. Eng Leeschtung, déi um Pabeier méiglech schéngt an eng schéi Finall.

Tipp vun der Redaktioun:
Frankräich gewënnt, och wann si den Titel net sichen.

Tennis

Turnéier vu Miami – de ganze Weekend

Eeschthaft Saache sollten a Florida ufänken. No enger éischter Ronn ouni gréisser Iwwerraschung, kommen déi meescht Kaderen dëse Weekend an engem vun de beschte Masters vum Joer an d’Spill. De Medvedev, Shapovalov, Schwartzman, Paire oder och de Rublev, fänken d’Competitioun op der Männer-Säit un. Bei de Frae gëtt et ee schéint Duell tëscht Azarenka a Kerber, mee och tëscht dem Kvitova an dem Konta.

Cyclissem

Gent – Wevelgem an den Tour de Catalogne

Déi flämesch Klassiker sinn am gaangen – eng Woch virum Tour de Flanderen, wäert Gent-Wevelgem als Generalprouf fir véier Lëtzebuerger déngen: De Jempy Drucker (Cofidis), de Kevin Geniets (Groupama – FDJ), den Alex Kirsch (Trek-Segafredo) an den Tom Wirtgen (Bingoal WB) wäerten dobäi sinn.

D’Christine Majerus (SD Worx) wäert um Start vum der Fraen-Rennen dobäi sinn.

Fortsetzung a Schluss vum Tour de Catalogne déi e Sonndeg zu Barcelona mat den zwee AG2R Citroën Vëlosfuerer Ben Gastauer an Bob Jungels, sou wéi dem Trek-Segafredo Vëlosfuerer Michel Ries ophält.

Basket

NBA – de ganze Weekend

De Weekend ass mat Basket gelueden. An elauter schéine Matcher. Ënnert anerem wäerten d’Clippers vill ze dinn hunn, wann si sech den Philadelphia Sixers an de Bucks of Milwaukee stellen. Héich hier geet et och tëscht tëscht Hornets – Heat, Charlotte – Phoenix, Denver – Atlanta, Knicks – Miami Heat oder Milwaukee – Knicks.

Basketball Fans wäerten sech freeën!

Related topics Baske, Cyclissem, Fussball, NBA, Rugby, Sportprogramm, tClippers, Tennis, Tour de Catalogne, Turnéier vu Miami, Weekend
Next post Previous post