Search

You may also like

Virtuell Studentefoire 2020: Däin Talent, deng Zukunft, däin Job
Meenung

Virtuell Studentefoire 2020: Däin Talent, deng Zukunft, däin Job

Wéi schonn am Juli ugekënnegt wäert déi 34. Editioun vun

Halloween: Grujelspecial zu Iechternach
Meenung

Halloween: Grujelspecial zu Iechternach

Den TRIFOLION presentéiert Potty Lotty – Gruselliesung fir Kanner vun

Laschet & Söder: „Et kann nëmmen ee ginn“
Meenung

Laschet & Söder: „Et kann nëmmen ee ginn“

De CDU- an de CSU-Chef versichen sech als politesch Alphadéier

D’Museksindustrie huet Kaméidi mat Spotify – Dobäi misst dat guer net sinn

E Kommentar

D’Museksindustrie huet Kaméidi mat Spotify – Dobäi misst dat guer net sinn

Wéi vill bleift fir Museker iwwreg, wann een op Spotify hier Lidder streamt? Laut dem Guardian sinn et am beschte Fall 0,006 Dollar! Also knapps en hallwen Cent all Kéiers, wann d’Lidd gelauschtert gëtt. Beschtefalls. Elo ass Spotify erëm an den Schlagzeilen, ginn se nees viru Geriicht gezunn. Jee no Liesweis ass dëst eng Reaktioun op déi geréng Rekompensatioun, déi d’Kënschtler erhalen.

Dat ännert alles näischt dorunner, datt kee Wee méi un de Streamingplattformen laanscht féiert. D’Museksindustrie war bekanntlech déi, déi fir d’éischt d’Léiergeld huet misse bezuelen, wat d’Digitaliséierung ugeet. Wie kann sech net un déi „gutt“ al Zäiten erënneren, wou ee bei Napster a Co. Sech sou zimlech all CD erofgelueden huet, déi ee wollt. Dunn huet et laang – ze laang! – gedauert, bis dech Industrie endlech wakereg ginn ass. Dank Streaming Déngschter ass der Piraterie gréisstendeels en Enn gesat, an dach muss een d’Fro stellen: Wéi mussen Kënschtler sech finanzéieren?

Et gëtt ganz gäre vergiess, datt Museker méi Méiglechkeete ginn ass, fir Geld ze verdéngen, wéi nëmmen eng CD ze verkafen

Live-Concerten sinn do eng Äntwert, mee do kann een nëmme bis op e Punkt d’Ticketspräisser erop schrauwen. Interessant ass do, datt een ëmmer méi Concerten weltwäit an de Kinoen verfollege kann. Firwat dës Concerten awer net op Netflix a Co. Als Videomatschnëtt ugebuede ginn, ass mir e Rätsel.

Och de Crowdfunding ass fir verschiddener interessant. Virun allem klenger Kënschtler gräifen doropper zeréck. Apropos kleng Kënschtler: déi wëssen nëmmen all ze gutt, datt se ouni Spotify a Co. keng Reechwäit hätten. Mee dat sinn dach och net wierklech déi Problemer, mat deenen sech déi ganz grouss Museker musse ronderëm ploen.

Et huet sech villes um Finanzéierungsmodell geännert, mee dat heescht net, datt et de Kënschtler méi schlecht geet

Mee stëmmt et iwwerhaapt, datt Museker manner Geld maache wéinst Spotify? Medium huet dat eng Kéier opgeschlësselt: Och wann et an de 90er esou war, datt een als Museker dovunner profitéiert huet, datt de Konsument sech eng ganz CD fir een eenzegt Lidd huet misse kafen, esou huet en sech och missen domatten offannen, datt en nëmmen eng Kéier dru verdéngt. Wann ech higinn an e Lidd am Verlaf vun engem Joer iwwert 200 Kéiere lauschteren (wat scho mol virkënnt), huet de Kënschtler do ganz uerdentlech verdéngt. Méi, wéi wann ech seng CD fir 15€ kaaft hätt.

Den Streaming huet awer och esou seng Problemer. Kënnt et och hei zu enger Zerspläiterung vum Marché, wéi sech dat beim Videostreaming ukënnegt? Well da kréie mer e Präiskampf, an dee gëtt no ënnen hinner ausgedroen. An op doriwwer d’Kënschtler frou sinn, dat kann ee bezweifelen.

Related topics Digitaliséierung, Musék, Spotify
Next post Previous post