Search

You may also like

OPGEPASST: Glas am Schockelaspudding vu Söbbeke!
Meenung Neiegkeeten

OPGEPASST: Glas am Schockelaspudding vu Söbbeke!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Produit „Söbbeke Bio

FlamencoFestivalEsch: En digitale Concert vum Alfredo Tejada
Meenung Neiegkeeten

FlamencoFestivalEsch: En digitale Concert vum Alfredo Tejada

Loscht op e musikaleschen Ausfluch an dat sonnegt Andalusien? Um

Venezuela: De Kampf ëm d‘Muecht geet weider
Meenung Neiegkeeten

Venezuela: De Kampf ëm d‘Muecht geet weider

E Méindeg ass et am venezuelanesche Muechtkampf, deen de selwer

Editorial: D‘Sprooch vun de Lëtzebuerger ass Franséisch

Editorial: D‘Sprooch vun de Lëtzebuerger ass Franséisch

Ob ee Resident oder Frontalier ass, Lëtzebuerger oder Migrant… wien sech net dem franséische Sproochendiktat ënnerwërft, ass esouwuel um Aarbechtsmaart verluer, wéi et him dierft onméiglech sinn, Handel ze bedreiwen. Eigentlech ass eist muselfränkescht Dialekt vëlleg obsolet a jo esouguer d‘Regierung weigert sech, d‘Landessprooch bannent der Unioun unerkennen ze loossen.

Wien zu Lëtzebuerg eng Schaff oder eng Wunneng sicht, dem franséischen dann awer net ganz esou mächteg ass, wéi dat vun der Gesellschaft erwaart a gefuerdert gëtt, huet et schwéier. Dat gëllt och dann, wann een akafe geet, Déngschtleeschtungen an Usproch huele muss oder mat Verwaltungen ze dinn huet. Dobäi sollt streng geholl, d‘Sprooch vun de Lëtzebuerger dat lëtzebuergescht sinn.

Et geet esouguer ee Sproochekommissär an en Dictionnaire – deen zwar dem Hond hannen näischt daacht – an eigentlech sollten engem Verwaltungen an där Sprooch äntweren (falls et dann eng vun den „administrative“ Sproochen ass) an där si ugeschriwwe ginn, mee do ass de Wonsch de Papp vum Gedanken. D‘Ursaachen si bekannt, den Dilemma politesch an ekonomesch voll beabsichtegt.

Dat dann éischter an der rezenter Landesgeschicht. Et huet jo Zäite ginn, do ass ee léiwer mam Preis an d‘Bett gaange wéi mam onmanéierleche Fransous. Deen huet eis dunn awer zweemol Iwwerfall an dat huele mir dem däitschen Noper nach ëmmer iwwel. Zudeem si mir de Fransousen alles schëlleg. Si hunn eis d‘Gesetzer bruecht an hir Architekte stoungen hannert der Festungsstad Lëtzebuerg.

Wirtschaftlech – an hei mécht d‘Finanzplaz, wann da leedeglech en anglophonen ënnerscheet – ass d‘Land och frankophon ausgeriicht an evidenterweis vum belschen Noper ofhängeg. Lëtzebuerger Betriber, déi een nach als mam Land identifizéierbar kéint bezeechnen, si längst a friem Hänn – där auslännescher – iwwergaangen. Méi generell: et huet och kaum Lëtzebuerger am Eenzelhandel.

Déi grouss Majoritéit vun de Mënschen déi am Land wunnen, a besonnesch déi wou politesch guer net matspillen dierfen/wëllen, geséich mat grousser Freed, wann sech drop géif verstännegt ginn, datt déi franséisch Sprooch als eenzeg Verkéierssprooch géif aktéiert ginn. Dat lëtzebuergescht dierf a gewësser Mooss nach „Folklor-Charakter“ hunn, sollt awer aus dem alldeegleche verschwannen.

Et huet natierlech alles säi Grond, besonnesch am Kontext vum Aarbechtsmaart. Leider gëtt et net méi de Personalbüro wéi fréier. Haut ass de Mënsch gläich dem Véi oder de Rohstoffer, nach just eng Ressource an de Personalbüro nennt sech haut „Ressources Humaines“. Dës Aktivitéit gëtt zu Lëtzebuerg bal exklusiv vun der franséischer Sprooch mächtege Mënsche bedriwwen.

Och d‘Séileverkeefer, also déi modern a vun der Politik legaliséiert a gefërdert Sklavenhändler aus dem Zäitaarbechtsecteur kënne kaum eng aner Sprooch wéi franséisch. Esouguer op der ADEM ka geschéien, datt den Demandeur mat wéineg Kenntnisser am Franséische reegelrecht drangsaléiert jo erniddregt gëtt. Iwwregens… och bannent der Regierung huet et kaum Loscht op d‘Landessprooch.

Illustratioun: © la nana

Related topics Aarbechtsmaart, Ausverkaf, Folklor, Lëtzebuergesch, obsolet, Sprooch
Next post Previous post