Search

You may also like

Chantier an der Avenue de la Faïencerie (26.08.-12.09.2020)
Neiegkeeten

Chantier an der Avenue de la Faïencerie (26.08.-12.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vun engem Chantier

Nee zur schläichender Privatiséierung vum „Honnertkommasiwen“
Neiegkeeten

Nee zur schläichender Privatiséierung vum „Honnertkommasiwen“

Säit dem Donneschdeg gëtt et um Honnertkommasiwen, dem ëffentleche Sender,

Liuzhou Forest City: Wéi a China eng gréng Stad entsteet!
Neiegkeeten

Liuzhou Forest City: Wéi a China eng gréng Stad entsteet!

Nodeems den italieneschen Architekt Stefano Boeri zuelräich beplanzt Gebaier op

Wann et ëm d’Sprooche geet, ass Lëtzebuerg top!

Wann et ëm d’Sprooche geet, ass Lëtzebuerg top!

Dat erginn d‘Zuele vun Eurostat: 83,7% vun de Lëtzebuerger Kanner am léieren zwou oder méi Sproochen. Op der ofgeschloener drëtter Plaz fënnt een Estland mat 30,7%, gefollegt vu Griechenland mat 29,3%. Des Zuele bezéien sech all op eng Erhiewung aus dem Joer 2015.

Däitsch un der Spëtzt zu Lëtzebuerg

An der Primärschoul gesäit et esou aus, datt 100% vun de Schüler zu Lëtzebuerg op mannst eng Friemsprooch léieren. Do gëtt sech déi éischt Plaz mat Zypern, Malta an Éisträich gedeelt.

Wat kaum fir eng Iwwerraschung suergt: Englesch ass mat 83,5% déi meescht vertruedenst Sprooch, déi d’Kanner an der EU léieren. Däitsch gëtt zu Lëtzebuerg als déi meescht geléiert Sprooch ugefouert. De Grond: Am Kader vun dëser Erhiewung gouf just Lëtzebuergesch net als Friemsprooch definéiert.

D’Récksäit vun der Medaile fir Europa ass allerdéngs, datt 15,7% vun de Kanner an der EU keng Friemsprooch léieren. Dobäi gëllt allerdéngs d’Léiere vun enger anerer Sprooch als e grousse Virdeel, erhéicht et d’Méiglechkeeten vum Austausch tëscht de verschiddene Kulturen. Dofir gëtt och all Joer den 26. September den Europäeschen Dag vun de Sprooche gefeiert.

Related topics EU, Lëtzebuerg, Sproochen
Next post Previous post