Search

You may also like

China ass: „2 Big 2 Fail“
Kultur Neiegkeeten

China ass: „2 Big 2 Fail“

Europa, dëse Sammelsurium u sech konkurréierende Länner, déi sech viru

Fir en Transparenzgesetz dat den Numm verdéngt
Kultur Neiegkeeten

Fir en Transparenzgesetz dat den Numm verdéngt

D‘ALJP war vum Medieminister Xavier Bettel (DP), grad esou wéi

Frankräich: Zwee Polizisten absichtlech mam Auto ugestouss
Kultur Neiegkeeten

Frankräich: Zwee Polizisten absichtlech mam Auto ugestouss

E 29 Joer jonke Fransous huet zu Colombes (Hauts-de-Seine) huet

Mat Netflix zum Sprooche-Profi: D’Top 5 u spuenesche Serien

Mat Netflix zum Sprooche-Profi: D’Top 5 u spuenesche Serien

Et gi verschidden Aart a Weisen eng Sprooch ze léieren. Eng Method, déi zu menge Favoritte gehéiert, ass et Serien a Filmer an der Originalsprooch ze kucken. A genee dofir presentéieren ech Iech meng Top 5 vun de spuenesche Serien op Netflix.

La Casa de Papel

D’Geschicht ass grandios an d’Serie konnt all Rekorder op Netflix briechen. Trotzdeem geet de Vokabular net ganz duer, fir d’Sprooch ze léieren. Ma, Dir léiert awer genuch fir eng Gelddréckerei oder Bank ze beklauen an Iech der Staatssécherheet géigeniwwer ze stellen (d’Ausso ass natierlech mat Humor ze huelen).

Las Chicas del Cable

Dës Serie ass direkt aus e puer Grënn vu Bedeitung. Et war déi éischt Fiktioun „made in Spain“ fir Netflix. Donieft handelt et sech ëm eng iwwerzeegend Geschicht mat räichhaltegem Wuertschatz, déi et erméiglechen Spuenesch méi einfach ze üben an ze verstoen.

Alta Mar

Zwou Staffele sinn duergaange fir de groussen Erfolleg, an dat besonnesch a Latäinamerika. D’Geschicht dréit ëm eng riseg Luxus-Croisière, déi vun Europa an Amerika fiert. D’Passagéier sinn op der Sich no enger besserer Zukunft. Léift, Intrigen an zuelräich Liggen sinn um Schëff ze fannen. All Kabinn enthält eng Geschicht an en donkelt Geheimnis. Just eng Saach ass kloer: Duerch dës Serie léiert Dir Spuenesch schwätze wéi e Profi.

El Inocente

Den Acteur Mario Casas ass ee vun de Staren, déi an der Netflix-Serie opdauchen. Wien Fan vun Action a Spannung ass, deen ass bei dësem Wierk genee op der richteger Plaz!

La Catedral del Mar

Déi ganzer 8 Staffele mat kuerze Folgen baséieren um Idelfonso Falcones sengem Roman mam selwechten Numm. War dës Serie soss just op Antena 3 ze fannen, kann een se elo komplett op Netflix kucken. La catedral del mar ass eng historesch Fiktioun, bei där d’Geschicht vum Arnau, engem jonke Mann aus enger bescheidener Bauere-Famill, dee mat sengem Papp am 14. Joerhonnert a Barcelona lieft, erzielt gëtt.

Eent ass sécher, nodeems Dir dës Serien gekuckt hutt, kënnt Dir perfekt spuenesch schätzen. Vergiesst just net de Popcorn!

Opmaacherbild: © Oscar Vargas / unsplash

Related topics Alta Mar, El Inocente, La Casa de Papel, La Catedral del Mar, Las Chicas del Cable, Netflix, Serien, Sprooch léieren, Spuenesch
Next post Previous post