Search

You may also like

dislike
Editorial: Netflix a Cannes – Wa Film net gläich Film ass
International Kultur Neiegkeeten

Editorial: Netflix a Cannes – Wa Film net gläich Film ass

Netflix war an de vergaangene Joer wuel eng vun deenen disruptivste Forcen,

Gréngt Gold: Ofholzung a Waassermangel fir eis luxuriéis Bedierfnisser
International Kultur Neiegkeeten

Gréngt Gold: Ofholzung a Waassermangel fir eis luxuriéis Bedierfnisser

Ob als Guacamole, am Smoothie oder och pur – d’Avocado

OPGEPASST: Réckruff vu Linguine Saumon-Spinat duerch Glasstécker
International Kultur Neiegkeeten

OPGEPASST: Réckruff vu Linguine Saumon-Spinat duerch Glasstécker

D’Liewensmëttelsécherheet informéiert doriwwer, datt an dem Produit Linguine Saumon-Spinat vu

Spuenesch Trap: Hal däi Pupes bei dir!

Spuenesch Trap: Hal däi Pupes bei dir!

Wärend déi eng an der Vakanzenzäit um Strand leien, steet fir anerer een Trip an eng vun de ville Stied, gefëllt mat engem décke Sightseeing-Programm. Besonnesch beléift ass hei déi italienesch Stad Roum. Wien allerdéngs déi Spuenesch Trap besicht, sollt sech op kee Fall op se sëtzen – et kéint deier ginn!

Dolce Vita Adé, op alle Fall wat déi Spuenesch Trap ugeet. Nieft dem Kollosseum an dem Trevi Buer gëllt si als eng vun den Haapt-Attraktiounen. Wie sech op der Marmortrapen am historeschen Zentrum ausroue wëll, ka mat enger Strof vu bis zu 400 seng Vakanz mat méi klengem Portmonnie verbréngen.

Spuenesch Trap

Piranesi Piazza di Spagna, um 1748

Am Summer huet de Stadrot een Dekret ofginn, wat ënnerseet, datt een sech op d’Monument setzt. Donieft huet een och d’Bueden an de Bueren oder d’Spadséieren ouni Uewerdeel verbueden. D’Trepplecken vun der Spuenescher Trap dirfen an Zukunft och net méi a Beréierunge mat de Rulle vun de Valisse kommen.

Mat dëse Moossname wëll déi italienesch Stad de Massentourismus ënnert Kontroll bréngen. No der Renovatioun am Joer 2016 wëll een och verhënneren, datt Knätsch, Kaffi, a Co d’Trepplecke verknaschten. Loftverschmotzung eleng géif hei scho genuch uriichten.

Ëm 1723 huet den Architekt Franceso de Sanctis déi Spuenesch Trap entworf a gebaut. Déi beléift Touristenattraktioun zu Roum geet erop bei d’Kierch Trinita déi Monti. Viru ronn 3 Joer ass d’Trap vir 1,5 Millioune renovéiert ginn.

Related topics Geldstrof, Police, Roum, Spuenesch Trap, Vakanz, Verbuet
Next post Previous post