Search

You may also like

100 Joer Lëtzebuerger Konscht – En eemolegen Abléck an eis Geschicht
Kultur Neiegkeeten

100 Joer Lëtzebuerger Konscht – En eemolegen Abléck an eis Geschicht

„Heimat wollt ech e Steen an d’Waasser geheien“, sou huet

money
ArcelorMittal Diddeleng: D‘Bier ass geschielt!
Kultur Neiegkeeten

ArcelorMittal Diddeleng: D‘Bier ass geschielt!

Zu Bréissel sinn sech fir näischt ze schued. Esou ergëtt

Däitschland beschléisst Flicht sech géint Riedelen impfen ze loossen
Kultur Neiegkeeten

Däitschland beschléisst Flicht sech géint Riedelen impfen ze loossen

Et gouf laang a breet diskutéiert elo gouf endlech eng

Spuenien kënnt sech den 19. Oktober de Lëtzebuerger virstellen

Tourismus, Gastronomie, Kultur an Entreprenariat stellen sech op der Plëss an ee gutt Liicht

Spuenien kënnt sech den 19. Oktober de Lëtzebuerger virstellen

Spuenien ass eng vun eisen dräi beléiftste Reesdestinatioune, firwat et duerchaus Sënn mécht, datt déi spuenesch Handelskummer an der Belsch an zu Lëtzebuerg, zesumme mam spueneschen Tourismusbüro den 19. Oktober op der Plëss de „Spueneschen Dag“ organiséieren. En Event mat fräiem Antrëtt dee um 11 Auer offiziell gestart gëtt a bis owes 19 Auer vill Animatioun bitt.

Et ass déi éischte Kéier, datt béid Institutiounen dësen Evenement zu Lëtzebuerg organiséieren, mee et dierf ee sécher sinn, datt si hiert Handwierk verstinn an och allen Interesséierten hei e besonnesch schéinen Dag wäerten ubidden. Natierlech ass dëst Fest och eppes wéi eng grouss Reklamm, mee si sinn eis Frënn a mir sollten si empfänken, esou wéi eis bei sech an der Vakanz ophuelen: mat Léift.

Heibäi geet et dann och ëm déi villsäiteg touristesch Offer, déi ganz renomméiert Gastronomie a wat Spuenien am sportlechen an/oder kulturelle Beräich unzebidden huet. Flott dann och, datt sech spuenesch Entreprise virstelle kommen. Déi iberesch Betriber sinn innovativ an hunn den Uschloss un d‘Spëtzentechnologien net verpasst. Och datt sollt e sech wierklech op der Plaz ukucken.

Eppes fir all Alter an all Goût

Datt Spuenien wäit méi wéi „Ballermann“ oder „Lloret“ ass, dat sollt een eigentlech net misse betounen, mee alles kann ee jo och net kennen. Dofir bitt sech dëse flotten Dag un, Bekanntes a manner Bekanntes kennenzeléieren. Vill Aktivitéiten hunn natierlech mat Ernierung ze dinn, e Beräich deen eis Lëtzebuerger jo besonnesch geleeë kënnt. Fir e gudde Maufel deplacéiert e sech.

SpuenienZur Gastronomie gehéiert Kultur, an och dofir ass schonn e Besuch op der Plëss derwäert. Vill „live“ Musek, Danz a Folklore gëtt engem hei gebueden. Fir Langweil ass keng Plaz: Flamenco (well et och Klassesches ze entdecke gëtt) mee och avantgardistesch Musek steet um Programm. Sportlech geet och zou, mam dräifache BMX-Weltmeeschter Viki Gómez ass Äktschen ugesot.

Eis Butzen dierfen natierlech och net ze kuerz kommen. Dofir gëtt et e BMX-Atelier fir déi méi sportlech Krapperten. Och de Belín, ee ganz bekannte Stroossekënschtler ass mat vun der Partie. Hie stellt seng Konscht – déi ass: post-neo-kubistesch – aus, och dat ass wierklech den Ëmwee wäert, wéi eigentlech alles wat op dësem Dag virgestallt gëtt. Also méi léif geet et wierklech net.

Gutt geplangt ass besser organiséiert

Vergiesse mir dann och net op dëser Plaz drop hinzeweisen, datt dësen Event an Zesummenaarbecht mat villen interessante Partner organiséiert gëtt: Esou Luxair-Tours (Haaptsponsor), Entreprisen aus dem Sportsecteur, der Bildung (Universitéiten an Héichschoulen), de Secteur vum Immobilier an dem Tourismus. Parrainéiert gëtt den Event vun der Stad Lëtzebuerg an der spuenescher Ambassad.

Related topics Ambassade, Handelskummer, Luxair-Tours, Spuenien, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post