Search

You may also like

Déi däischter Säit vun der Justiz
International Neiegkeeten

Déi däischter Säit vun der Justiz

Wa Mënschen hir Strof géintiwwer der Gesellschaft verbéisst hunn an

Wien: Treffe vun den däitschsproochege Finanzminister
International Neiegkeeten

Wien: Treffe vun den däitschsproochege Finanzminister

Ufank dëser Woch war de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna (DP)

What the Fakt – Haut ass den Internationalen Dag vun der Famill!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Internationalen Dag vun der Famill!

De 15. Mee steet ganz am Zeeche vun der Famill.

Spuenien verweigert sech!

Ausliwwerung vu veruerteeltem Mäerder gëtt vu Madrid ausgesat a stellt d‘Diplomatie op d‘Prouf

Spuenien verweigert sech!

Wat brauch een Accorden oder europäesch Verträg wann zu gudder lescht awer jidderee mécht wéi et him grad geleeë kënnt? Dat ass eng Fro, déi eis Politiker an der Chamber missten op de Leescht huelen, well entweder et gëtt eng europäesch Juridiktioun an där den europäeschen Haftbefehl och kann duerchgesat ginn, oder et léist een et ganz sinn.

Am spuenesche Punta Umbria (Andalusien), gouf den 10. August deen zu Lëtzebuerg wéinst Mord verurteelte Jean Marc Kiesch, op der Grondlag vun engem europäeschen Haftbefehl vun der Police matgeholl an agespaart. Nodeems déi Lëtzebuerger Autoritéiten informéiert waren, hunn dës, esou wéi et sech laut de Prozedure gehéiert, bei de spueneschen Autoritéiten d‘Ausliwwerung gefuerdert.

Virun zéng Deeg huet et Geriicht zu Madrid entscheet de verurteelte Jean Marc Kiesch op fräie Fouss ze setzen, bis de Volet „Ausliwwerung“ gekläert ass. Dem 39 järege Mäerder ass dann de Pass ofgeholl ginn, Fluchtgefor géif keng bestoen, well da Mann mat enger spuenescher Fra zesummelieft a Papp ass. Dat Lëtzebuerger Urteel gëtt dann och net vun de Spuenier a Fro gestallt.

Trotzdeem huet déi spuenesch Justiz elo entscheet, datt dee Mann wou laut Lëtzebuerger Geriicht, am Januar 1999 bei engem Iwwerfall eng Fra néiergeschloen huet, déi dann un hire Verletzunge gestuerwen ass, net méi soll u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn. Fir de Jean Marc Kiesch, deen am Oktober 2004 ee „penale Congé“ genotzt hat fir sech duerch d‘Bascht ze maachen, ee Glécksfall.

Dat well et d‘Geriicht zu Madrid fir erwisen hält, datt déi „ganz enk Verbindung“ vum verurteelte Mäerder zu Spuenien et rechtfäerdegt, déi vu Lëtzebuerg agereechten Demande zur Ausliwwerung zeréckzeweisen. Zu Lëtzebuerg ass dës Decisioun vun der Staatsanwaltschaft zur Kenntnis geholl ginn, a well ee wuel net méi maache kann, wäert et dann elo och domadder gedoe sinn.

Woubäi, esou de Communiqué vum Procureur, et hätt een déi spuenesch Kolleege gebueden, da wéinstens dofir ze suergen, datt deen zu Lëtzebuerg wéinst Mord verurteelte Jean Marc Kiesch, seng Recht-Strof vun 3.275 Deeg sollt an engem iberesche Prisong ofsëtzen. Dat ass allerdéngs éischter „rhetoresch“ a soll wuel de Versuch sinn ze weisen, datt een dat Méiglecht versicht huet.

Säitens der Politik, also Regierung an/oder Chamber, huet et zu dësem Virfall bis ewell keng als „Reaktioun“ ze bewäertend Stellungnam ginn. Hei wier et awer schonn ubruecht, sech als Staat ze positionéieren an d‘Justiz net mat erofgeloossener Box dostoen ze loossen. Schliisslech schéngt et hei erwisenermoossen eng Diskrepanz mam Fonctionnement vum europäeschen Haftbefehl ze ginn.

Illustratioun: © Benjamin Davies / unsplash

Related topics Ausliwwerung, Haftbefehl, Jean-Marc Kiesch, Mäerder, Spuenien
Next post Previous post