Search

You may also like

natur&ëmwelt: Schonn een Doheem fonnt?
Money Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Schonn een Doheem fonnt?

D’Sich no de véier Wänn ass och vir eis Villercher

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen
Money Neiegkeeten

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen

„An dësem Moment zerstéiere Bëschbränn – déi sech méi schnell

money
De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen
Money Neiegkeeten

De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen

2017 war d‘Cargolux dat beschte Joer säit sengem Bestoen. 4%

money

D‘Spuerkeess: E Wirtschaftsacteur ouni soziaalt Gewëssen

D‘Spuerkeess: E Wirtschaftsacteur ouni soziaalt Gewëssen

Eelef Agencen zoumaache fir sech besser op d‘Zukunft virzebereeden, dat ass et wat sech d‘BCEE (Spuerkeess) virgeholl huet. Dat si domadder dem Bierger signaliséiert, dat d‘Zäite wou een als Staatsbetrib nach de Client „matgeholl“ huet, elo definitiv Vergaangenheet sinn, ass hinnen esou eppes vun egal… an esoulaang wéi den Besëtzer, also den Aktionär d‘Hänn an de Schouss leet…

Hei muss een awer der Fairness hallwer berécksiichtegen, datt d‘Spuerkeess – wéi iwwregens all d‘Finanzinstituter an d‘POST Lëtzebuerg – déi grouss Majoritéit vun de Cliente gutt gedrillt huet, an déi iwwerzeegt krut, hir Bankgeschäfter gefällegst online ze erleedegen. Wat een am Schalter muss erleedege kascht richteg Goss an et mengt ee bal, d‘Onfrëndlechkeet wier deel vum Business.

Dat huet zur Folleg datt manner Leit an d‘Agence ginn, woubäi natierlech och muss berécksiichtegt ginn, datt vill Cliente vun der Spuerkeess op Agencen am noen Aarbechtsëmfeld zréckgräifen, wat zu enger Verlagerung vun den Disponibilitéite féiert. Dofir awer direkt d‘Agencen zouzemaachen, wou zumindest d‘Optioun „alternéiert Ëffnungszäiten“ hätt a betruecht geholl ginn, eng Frechheet.

An hirem Communiqué vum 12. Februar heescht et zudeem, datt ugesiichts „dem Succès vum Onlinebanking“ an der Vernoléissegung vun de Gronddéngschtleeschtungen, d‘Schléissung vun den Agencen – déi eigentlech als „Fusioun mat der nächstgeleeëner Agence“ verkläert gëtt – eng Zukunftsweisend Moossnam ass. Zudeem ass een eng Bank wéi all déi aner, an déi maachen et och.

Datt d‘Agence schonn de 27. Mäerz zoumaache sollen, weist eis awer och, datt dës Decisioun wäit virum 12. Februar bekannt war. Et ass schwéier sech virzestellen datt den Aktionäre vun dëse Pläng näischt sollt gewosst hunn, och wann de Finanzminister Pierre Gramegna es sech net midd gëtt ze betounen, datt hie keen Afloss op d‘Gestioun vun der „Banque et Caisse d‘Epargne de l‘Etat“ huet.

Nei Proximitéit

Mee bei der Spuerkeess geet drëms eng „Strategie vun der Proximitéit“ ze entwéckelen, déi dann och besser op d‘Demande vun der Clientèle reagéiere kann. An dësen Agence sollt et ee vu Grond op verbesserte Service bei de Gronddéngschtleeschtunge ginn. De Schwéierpunkt awer, dee gëtt op d‘Berodung geluecht, besonnesch am Kontext vun de Prêten an Investissementer vun de Clienten.

Wien also d‘Spuerkeess just brauch fir seng Pai/Rent „ze parken“ an déi üblech Operatiounen (Stroum, Gas, Waasser, Loyer an Telefon) ze erleedegen, dee sollt sech séier mam Internet a generell den neien Technologie vertraut maachen. De neie Service fir de Pöbel gëtt ënnert der digitaler Mega-Agence „Spuerkeess Direct“ zesummegefouert. Et muss ee mat der Zäit goen…

Datt et generell ëmmer besser ass, esou „gréisser“ Verännerunge mat eppes Transparenz an enger konsequent oppener Kommunikatioun unzegoen, dat huet d‘Elite vun der BCEE-Direktioun net beduecht, a während de Client wéi gewinnt d‘Fauscht an der Täsch mécht, sinn et d‘Lokalpolitiker déi sech zur Wier setzen. D‘Buergermeeschter vun de betraffene Gemenge vereenen sech.

Hinnen huet schonn déi gesamt Approche an dat gewëssent Feigefill vun der BCEE-Direktioun eppes op d‘Gemitt geschloen. Esou beispillsweis de Buergermeeschter vu Wanseler, Romain Schroeder, deem d‘Schléissung vu „senger“ Agence iwwert „Ëmweeër“ zougedroe ginn ass. Dat onmanéierlecht Verhale vun der Spuerkeess geet him no, ass dach hei rieds vun enger Institutioun.

Alles war gelunn

Dat mat der „Institutioun“ ass laang hir, a wann dee vum Bierger mandatéierten „Aktionär“ seng Hänn an Onschold wäscht, bleiwen dir nach just d‘Ae fir ze kräischen. D‘Privatiséierung vun der Staatsbank, war eis sengerzäit als déi gréissten Errongenschaft an engem wiesentlech bessere Service „verkaf“ ginn. Alles sollt méi bëlleg a besser ginn… Haut ass gewosst, dat war gelunn.

Eng Lige mat Absicht, wëll esou ass et net d‘Politik déi d‘Leit „digitaliséiert“ an och net de Staat, dee besonnesch de vulnerabelsten an eisen eelere Matbierger d‘Bengelen an d‘Speechele stécht, mee déi béis Privatwirtschaft, an déi ee sech net als Regierung amëschen dierf. De Bierger, deen elo eleng mat de Konsequenzen ze kämpfen huet, hat et der Politik gegleeft a gouf kal erwëscht.

A während sech säitens de Buergermeeschter de Widderstand reegt – muer si mir zu Réiser wou et heizou sollt Erklärunge ginn – mécht de Bierger… Näischt! Zwar reegt sech alles am Internet op de gewinnte Plazen op, och der Press géinteniwwer dréckt een zuweilen säin Onmutt aus, mee sech richteg „asetzen“ ass net esou dat. Och d‘Bank wiesselen, ass fir kaum e Client eng Optioun.

Dobäi wier et vläicht ubruecht, wann sech – zumindest emol d‘Leit aus de betraffene Gemengen – géifen eppes solidariséieren, an ee Protestpiquet virum Sëtz vun der Spuerkeess mat uschléissendem Sit-In virun der Chamber géifen organiséieren. Et ass elo – zumindest wann ee géint dës Fermeturen ass – elo deck néideg, d‘Buergermeeschter net eleng ze loossen a mat hinnen de Kampf opzehuelen.

Foto: Wien sech elo eleng op d‘Schléissung vun de Spuerkeess-Agence konzentréiert, deem sollt nach op de Wee gi sinn, datt et der Direktioun net nëmmen ëm d‘Ofwerfe vu „Ballast“ geet. Hei sollen och déi bestoend Human Ressource besser an differenzéiert agesat ginn. Am Kloertext: et gëtt mëttelfristeg och un der Personaldecke gezunn. Et wäert net direkt zu Entloossunge kommen, mee vill „Neier“ kommen net méi no. © Alice Pascal / unsplash

Related topics Agencen, BCEE, Buergermeeschter, Online Banking, Schléissung, Spuerkeess
Next post Previous post