Search

You may also like

Russland-Affär: Keng Beweiser?
Neiegkeeten

Russland-Affär: Keng Beweiser?

Et war eng laangwiereg a komplex Enquête, déi dem Sonnerermëttler

Washington: Sträit ëm d‘Récknam vun den IS-Kämpfer
Neiegkeeten

Washington: Sträit ëm d‘Récknam vun den IS-Kämpfer

Beim sougenannten „Anti-IS“ Koalitiounstreffen zu Washington ass et gëschter zum

D’Réimer hu vill Spueren zu Lëtzebuerg hannerlooss. Mee wéi gutt kenns du se?
Neiegkeeten

D’Réimer hu vill Spueren zu Lëtzebuerg hannerlooss. Mee wéi gutt kenns du se?

[onionbuzz quiz-id=135][/onionbuzz] Et ass zwar scho laang hier, mee d’Réimer

Spuerkeess: Et geschéien nach Zeechen a Wonner, och zu Lëtzebuerg

BCEE-Direktioun fënnt no dräi Joer Sträit am Tarifkonflikt en Accord mat der APBCEE

Spuerkeess: Et geschéien nach Zeechen a Wonner, och zu Lëtzebuerg

Déi vun der CGFP sinn, wann et drop ukënnt, scho richteg „streidereg Hënn“ a bei hire Sektiounen, also Beruffsverbänn, ass dat ee ganz appreciéierten Atout. An et dierf sech op Säite vum Personal an der Personalvertriedung (APBCEE) elo dann endlech iwwert en Accord erfreeën.

Wéi aus dem Communiqué vun der CGFP ze enthuelen ass, wier de Konflikt – deen eis ëmmerhi schonn zanter 2015 beschäftegt – elo endlech bäigeluecht. De 6. Februar war et, esou wëll et de gewerkschaftleche Jargon, d‘Entrevue vun der leschter Chance. Mediatioun a Conciliatioun waren net dat „gielt vum Ee“. Et ass haart doriwwer nogeduecht ginn, wéi een der Sturheet vun Direktioun an Aktionär (Staat) misst eppes entgéint setzen. Mam Protest am November war et net gedoen….

An Tëschenzäit haten sech – tradition oblige – déi gewerkschaftlech Leader am Kontext vum neie Joer, mat hire Ministeren zu kuerzen Entrevue getraff, wou et ëm de Regierungsprogramm an déi vu Gewerkschaftssäit oppe Fuerderunge gaangen ass. Et musse konstruktiv Gespréicher gewiescht sinn well se Ziilféierend waren. De Finanzminister Pierre Gramegna (DP) an de Minister fir den ëffentlechen Déngscht, Marc Hansen (DP), hu sech e Mëttwoch fir eng Léisung staark gemaach.

Et muss allerdéngs och eppes Kappzerbrieches bereet hunn, wann esou eng „Krisesëtzung“ sech iwwer véier Stonnen hinzitt. Um Enn jiddefalls ass e brauchbaren Accord zustane komm, woubäi d‘Direktioun vun der Spuerkeess, huet missen zur Besënnung bruecht ginn. De Konflikt awer ass vum Dësch, a vir honnerte Salariéeë vun der Spuerkeess gëtt elo och nees esou eppes wéi eng berufflech Perspektiv. Et kënnt esou Réckwierkend op den 1. Januar 2019 zu Verbesserungen.

Elo ginn Neel mat Käpp gemaach!

Ofgekämpft awer zefridden, huet de CGFP-Nationalpresident, Romain Wolff, no der Ënnerschrëft vum Accord erkläert: „En Deel vun de Salariéeë kritt elo zäitno eng Befërderung, déi hinne virdrun net zougestane goufen“. Verbesserunge gëtt och bei villen anere Punkten, an am grousse Ganzen ass de Fuerderunge vum Beruffsverband Rechnung gedroe ginn. Hei kann een nach ervirhiewen, datt ee net emol u Gesetzer oder groussherzogleche Reglementer fréckele goe muss.

Am Virfeld vun de Sozialwahlen am Mäerz, ass dës Victoire vun enger Gewerkschaft och e gutt Signal fir d‘Salariat, sech ebe grad fir dës Walen ze mobiliséieren. Nëmmen eng Gewerkschaft déi de Réckhalt vu senge Memberen huet, kann d‘Rechter vum Salariat géintiwwer dem Patronat verdeedegen. Esou sollt et dem Salarié vun der Luxtram – wat eigentlech och méi „Etablissement Public“ wéi Privatentreprise ass – Hoffnung ginn, et nach zu enger éierlecher Pai ze bréngen.

Mee och fir all déi aner Secteuren am Land, ass esou en Accord gutt a wichteg, well et derzou bäidréit an enger op Erneierung getrimmter Aarbechtswelt, op d‘Roll an d‘Importenz vun engem Kollektivvertrag hinzeweisen. An dëser eiser Welt, ass et nach ëmmer esou, datt de stenge Krou dem eisene Krou net wierklech d‘Stir bidde kann. Wann ee sech allerdéngs gewerkschaftlech „organiséiert“ huet, steet een net Eleng dem Patron géinteniwwer, dee fräiwëlleg näischt hir gëtt.

Foto: De 27. November hat et virun der Direktioun vun der Spuerkeess en däitleche Message ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu (Archiv)

Related topics APBCEE, BCEE, CGFP, Romain Wolff, Sozialkonflikt, Spuerkeess
Next post Previous post