Search

You may also like

Diddeleng: Zu Besuch beim neien Goodyear-Standuert
International Neiegkeeten

Diddeleng: Zu Besuch beim neien Goodyear-Standuert

Ab Ufank 2021 wëll Goodyear déi éischt Pneuen, déi um

Déi XIX. Ausgab vum Covid19-Gesetz
International Neiegkeeten

Déi XIX. Ausgab vum Covid19-Gesetz

Ouni Iwwerraschung, dofir mam gläiche politeschen Dissens, ass um Freideg

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang
International Neiegkeeten

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang

Zanter Abrëll hunn déi hannerlëschteg Uschléi an Ugrëff vum Grupp

Sputnik V vun „The Lancet“ an héchsten Téin gelueft

Gëtt de russesche Covid19-Vaccin geschwënn an der EU zougelooss?

Sputnik V vun „The Lancet“ an héchsten Téin gelueft

Laut der medezinescher Fachzeitung „The Lancet“ hätt de russesche Covid19-Vaccin mat 91,6% eng grouss Wierksamkeet. De Sputnik V ass schonn a 15 Länner am Asaz. Russland géif dësen Impfstoff elo och gären an der EU kommerzialiséieren. Déi europäesch Medikamentenagence EMA préift dat grad. Déi däitsch Bundeskanzlerin géif no der Zouloossung direkt zougräifen.

Nach awer heescht et Ament Gedold hunn an emol a Rou kucke wat hei grad geschitt. An hirer Etüd bezéien sech d‘Wëssenschaftler op „intermediaire Resultater“, vun der wichteger Phas III. An dëser gouf den Impfstoff un 20.000 Fräiwëllege „getest“. An den Denis Logunov, zesumme mat senge Kolleegen, schéngt esouwäit méi wéi zefridden. De Sputnik soll zu 91,6% Wierksam sinn.

Sputnik V

Wat heescht dat? Eng Wierksamkeet vun 91,6% bedeit datt an enger geimpfter Grupp vun 100 Leit, 91,6% manner Infektiounen opgetruede sinn, wéi an der ongeimpfter Kontrollgrupp. De Russen hire Covid19-Vaccin wier domadder op Aenhéicht mat de „Konkurrenten“ Pfizer/Biontech an/oder Moderna. E wier allerdéngs wesentlech méi effektiv, wéi d‘Produkt vun AstraZeneca (62 bis 70%).

Säitens de russesche Fuerscher gouf nach drop higewisen, datt de Sputnik V och un iwwer 2.000 Probanten iwwer 60 Joer getest gouf. An dësem „Grupp“ wier den Impfstoff änlech gutt verdroe ginn, wéi bei de méi jonke Probanten. All d‘Tester wieren awer nach net ofgeschloss, hei géif nach weider gepréift. Russland hat de Vaccin dann och scho viru gutt sechs Méint bei sech zougelooss.

Sputnik V

Deemools allerdéngs hat vill Kritik aus der internationaler Fachwelt ginn. De Vaccin Sputnik V war vun de russeschen Autoritéiten zougelooss ginn, obwuel eng Rei wichteger Tester an Analysen nach guer net ugefaangen haten. „The Lancet“ hat dann awer éischt Detailer am September publizéiert, wat och nees zur Kritik gefouert huet. Et léist sech net kläre wéi vill Politik doranner matspillt…

Et dierf hei awer drop higewise ginn, datt vill Kritik aus Groussbritannien (Ian Jones, Universitéit Reading an Polly Roy, Londoner Institut fir Hygiène an Tropemedezin) geüübt gouf, datt leider virzuchsweis vun Experten déi guer net un der Etüd bedeelegt waren. Bemängelt gouf d‘Vitesse a feelend Transparenz. „Séier“ waren déi aner och, a Kritik un Transparenz a Russland e Standard.

mat indymedia/lon/bru/mow

Annex: Safety and efficacy of an rAd26 and rAd5 vector-based heterologous prime-boost COVID-19 vaccine

Related topics Covid19-Impfstoff, Covid19-Vaccin, Russland, Sputnik V, The Lancet
Next post Previous post