Search

You may also like

Editorial: Europa an den tierkeschen Ugrëffskrich
International Neiegkeeten

Editorial: Europa an den tierkeschen Ugrëffskrich

D‘EU misst léieren „d‘Sprooch vun der Muecht“ unzewennen, esou gëschter

Mëssstänn bei der Fondatioun wéi och an den Ateliere Kräizbierg
International Neiegkeeten

Mëssstänn bei der Fondatioun wéi och an den Ateliere Kräizbierg

De leschten Dënschdeg hunn sech ronn honnert Mataarbechter vum Betreiungspersonal

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom
International Neiegkeeten

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom

Netflix probéiert zënter enger gudder Zäit schonn, sech als Filmproduzent

EMA préift Zouloossung vum Sputnik V

Déi europäesch Medikamentenagence kläert grad of op de russesche Vaccin, deem ee grousse Wierkungsgrad nogesot gëtt, och an der Unioun soll a kann zougelooss ginn

EMA préift Zouloossung vum Sputnik V

Vun der europäescher Medikamentenagence EMA mat Sëtz zu den Haag gouf gëschter matgedeelt, datt ugefaange ginn ass ze préiwen, ob de russeschen Impfstoff och an der Unioun soll Uwennung fannen. Wéini dësen de Leit da kann zougewise ginn, ass natierlech nach net gewosst. Mee et gëtt sech bei der EMA scho villes vum Sputnik V erwaart.

Esou heescht dann och säitens der EMA, datt d‘Entscheedung op den Tester am Laboratoire, mee natierlech och déi klinesch Tester, déi scho virleien. Eng fortlafend Kontroll vun den Date steet um Ufank vun der Prozedur. Mam sougenannten „Rolling-Review“ (scho beim CVnCOV agesat) kann d‘Zouloossung méi séier erfollegen. Fachleit jiddefalls hunn de Sputnik V schonn zolidd gelueft.

Sputnik V

Aus Russland kënnt nach d‘Informatioun, datt am Fall vun enger Zouloossung, ab Juni ronn 50 Milliounen Impfdosen un d‘EU kéinte geliwwert ginn. Dat zumindest behaapt de „Russian Direct Investment Fund“ (RDIF) dee mat der Vermaartung vum russesche Vaccin „Sputnik V“ beoptraagt ginn ass. Am weidere Verlaf vun 2021, kéinte weider Milliounen Dose geliwwert ginn, esou RDIF.

Wou ass den Hoken?

Wa gewosst ass, datt de Vaccin „villverspriechend“ ass, an esouguer déi medezinesch Fachzeitung „The Lancet“ volle luef fir dëse Stoff ass, esou spillt hei natierlech och Politik eng gewësse Roll. Russland, datt huet sech esou agebiergert, ass de Feind ee Géigner deen et ze bekämpfe gëllt. An dat natierlech aus Grënn. Ganz Rezent hunn sech jo d‘EU-Ausseminister fir Sanktiounen ausgeschwat.

Sputnik V

Och d‘Amerikaner – hei sinn et awer d‘Pharmakonzerner – gesinn et net mat engem gudden A, datt d‘EU sech fir russesch Impfstoffer interesséiert. Déi erwaarde vu hirer Regierung mindestens esou vill „Widderstand“ wéi dat am Kontext vun der Gaspipeline „Nordstream2“ de Fall ass. D‘EU dierft de Russen net dat Geld ginn, datt Moskau zur Ënnerdréckung vun der Meenungsfräiheet asetzt.

Jidderee fir sech?

Ee klenge „fun-fact“ am Kontext Sputnik: Ungarn, dat ass dat Land dat vu bekennende Faschisten dirigéiert gëtt, déi sech als erkläerte Géigner vun der europäescher Unioun presentéieren. Si ginn och ëmmer gäre „kritesch“ mat der russescher Federatioun ëm. Beim „Sputnik V“ gouf et awer keng Bedenken, dee léist den Orban senge Leit längst ënnert d‘Haut joen. Ouni d‘EMA ze froen.

Sputnik V

Gutt dat ass en Detail, mee wéinst der Kausa „Nawalny“ féiert d‘Unioun aktuell keng Gespréicher mat Russland. Also zumindest offiziell, well hannert dem Rideau gëtt selbstverständlech verhandelt, firwat jo och RDIF gebraucht gëtt. Firwat d‘EU d‘Bierger hei hannert d‘Liicht féiert? Et geet drëms de Schäin ze woren, an der Welt ze beweisen, datt engem Rechtsstaatlechkeet helleg ass…

Well elo awer an der ganzer Europäescher Unioun, d‘Wäerter vun de Grënnungspappe kaum bis guer net méi behäerzegt ginn, d‘Rechtsstaatlechkeet wéi d‘Meenungs- a Pressefräiheet ëmmer méi a Fro gestallt ginn, ass et nëmme konsequent, datt eng Rei Länner net wëlles hunn op d‘EMA ze waarden, fir de Sputnik ze kafen an anzesetzen. Ob Lëtzebuerg es kafe wäert ass net gewosst.

mat indymedia/ams/bru/mow

Next post Previous post