Search

You may also like

Sklaverei zu Lëtzebuerg: Wou verstoppt se sech a wéi kann een et beendegen?
Kultur Neiegkeeten

Sklaverei zu Lëtzebuerg: Wou verstoppt se sech a wéi kann een et beendegen?

Fir de „Liaisounscomité vun de Vereenegunge fir Auslänner Asbl“ (CLAE)

Ass eng Ëmverdeelung vun de Migrante méiglech?
Kultur Neiegkeeten

Ass eng Ëmverdeelung vun de Migrante méiglech?

Et schéngt sech endlech eppes ze doen an der europäescher

Chantier Pont Buchler: A weider geet et!
Kultur Neiegkeeten

Chantier Pont Buchler: A weider geet et!

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt duerch de Reamenagement

SQUATFABRIK #1 – vum 15. Juni bis de 4. Juli 2020

Zesumme mat de lokalen Artisten Mett Hoffmann, Nora Wagner an Irina Moons

SQUATFABRIK #1 – vum 15. Juni bis de 4. Juli 2020

Vu Juni bis September 2020 offréiert d’Kulturfabrik ëm 10 Artisten d’Carte Blanche, fir sech an der Entrée vum Kulturzentrum zu Esch, sou wéi am ale Gebai vun der Keramikfabrik artistesch auszeliewen. Ënnert dem Numm SQUATFABRIK gëtt esou déi lokal Zeen gefërdert, woubäi a Form vun engem Duo oder Trio der Kreativitéit fräie Laf gelooss ka ginn.

All zwou bis dräi Wochen kann en neie Binom, respektiv Trio déi fräi Plazen mat Liewen erfëllen. D’Visiteure sinn dobäi häerzlech agelueden, d’Atelieren ze entdecken, wéi och d’Wierker déi nach an Aarbecht sinn. All Residence kënnt mat engem sougenannte „Get-Out!“ zum Enn.

Déi éischt Artisten, déi vum 15. Juni bis de 4. Juli 2020 un der SQUATFABRIK deelhuelen, sinn de Mett Hoffmann, d’Nora Wagner an d’Irina Moons. Hire „Get-Out!“ fënnt de 4. Juli um 18:00 Auer statt.

Related topics Artist, Atelier, Irina Moons, Konscht, Kreativitéit, Kulturfabrik, Mett Hoffmann, Nora Wagner, Squatfabrik
Next post Previous post