Search

You may also like

Verdriwwen a gejoht erliewe Migranten zu Ouistreham eng nei Hell
Kultur Neiegkeeten

Verdriwwen a gejoht erliewe Migranten zu Ouistreham eng nei Hell

Ee Joer nodeems den Dschungel vu Calais „opgerappt“ ginn ass,

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus
Kultur Neiegkeeten

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus

Ugefaangen huet dat Ganzt de 14. November, wéi ee Grupp

Zumindest weess elo jidderee wien den Eric ass
Kultur Neiegkeeten

Zumindest weess elo jidderee wien den Eric ass

Wa vu YouTuber a Podcast-Produzente riets ass, ass een zimmlech

D’Squatfabrik feiert säi Comeback!

D’Squatfabrik feiert säi Comeback!

D’Kënschtler vum Kollektiv cooperationsART sinn zeréck an der Kulturfabrik fir hire Projet, deen Mëtt 2020 ugefaangen huet, weider ze verdéiwen. Ënnert dem Numm „Squatfabrik“ fënnt och an dësem Joer nees déi eng oder aner Konschtresidenz statt, bei deenen een den Artisten iwwert d’Schëller kucken, mee och hir fäerdeg Wierker bewonnere kann.

De Raum vun dëser Konschtresidenz gouf op d’Terres Rouges Galerie erweidert. Och d’Dauer ass ëm ee Mount verlängert ginn.

Squatfabrik© Shariel Baptista

What made you look for a safe space?

Moies ukommen, säin Aarbechtsmaterial virbereeden, kënschtlerescht Schafen, Paus, kënschtlerescht Schaffen, Paus, kënschtleresch Paus, Schaffen, Heem fueren, Paus, Schlofen, Opstoen, Moies ukommen …

Routine sinn natierlech gutt fir verschidden Handgrëffer a sech ze verankeren, fir déi eegen Tätegkeet besser ze erleedegen, mee wann et keng Ofwiesslung méi gëtt, sinn d’Effekter bal ausnamslos negativ. Eemol am Studium vun der Monotonie a Langweil ukomm – a scho gëtt et bal kee Wee eraus.

Dësen Zoustand erënnert un d’Charly Chaplin’s Modern Times an hiren automatiséierten Ofhandlungen an der “Electro Steel Corporation”. Et gëllt d’Gewunnechten ze briechen, Saachen ze iwwerdenken an nei Virgäng ze erfuerschen. Déi aktuell Ëmstänn verstäerken dëse Moment a fuerderen ee Schutzraum. Een diffusiounsoppene Schutzraum gëtt genee dësem Usproch gerecht – an dat a raimlecher, wéi och zäitlecher Hisiicht.

Déi laang Weeër op d’Plaz bestäerken d’Gefill vum “Et passéiert eppes”. Esou loossen sech nei Dynamiken eraus kléngen. Déi net gehëtzte Galerie transforméiert sech an ee Wierkraum fir Skulpturen a raumiwwergräifend Installatiounen. Den temperéierte Beräich déngt als Zentrum fir filigran Aarbechten. Duerch dës raimlech Uerdnung entsteet eng Symbiose tëscht haart a mëll, waarm a kal. Konscht a Konscht. Dat prozessualt Geschéie gëtt dokumentéiert an däerf wärend den Ëffnungszäite gelieft ginn. Een oppent Wierk vollend dat Ganzt.

Och den Erich Franz seet: “Et geet duer ze gesinn, wat siichtbar ass.”

Squatfabrik© Shariel Baptista

Zu CooperationsART

De Kënschtlerkollektiv “cooperationsART” ass een a Lëtzebuerg gegrënnt, interdisziplinäert an inklusiivt Kënschtlernetzwierk, wat Artiste kreativ Fräiraim a Plattformen zum Vermëttelen, Léieren, Produzéieren a Presentéiere vun interdisziplinärer Konscht a Konschtwierker ubitt.

Squatfabrik

Duerch déi aktuell Pandemie, déi d’Kulturfabrik zu enger kompletter Iwwerschaffung vun hirem Programm gezwongen huet, huet sech d’Ekipp vum Kulturzentrum un d’Aarbecht gemaach, fir en neie kënschtleresche Residenzprojet ze plangen, dee banne vun e puer Wochen op d’Been gestallt gouf.

Zil war et, seng Ënnerstëtzung ze weisen an der lokaler Zeen zousätzlech Sécherheet ze bidden. All zwou, dräi Wochen huet en neie Kënschtlerduo- oder Trio déi eemoleg Raimlechkeete vun der Keramikfabrik an der Entrée vun der Kulturfabrik, iwwerholl. D’Ëffentlechkeet war agelueden, duerch d’Dieren vun dësen ephemere Wierkstätt ze trëppelen an dem “Get-Out” bäizewunnen, wat een no all Schluss héieren huet. Am Ganze koume 25 Kënschtler an d’Squatfabrik. Duerch säin Erfolleg ginn och dëst Joer erëm reegelméisseg d’Dieren op.

D’kënschtleresch Residenz ass vum 25. Januar bis de 26. Februar 2021. D’Ausstellung ass vum 1. bis de 26. Februar. D’Ëffnungszäite si vun 10 bis 21 Auer. Den Entrée ass fräi, de Mondschutz ass obligatoresch.

Weider Informatiounen zur Squatfabrik ginn et op kultrufabrik.lu.

Opmaacherbild: © Shariel Baptista

Related topics cooperationsArt, Kënschtlerresidenz, Kulturfabrik, Squatfabrik, Terres Rouges Galerie, What made you look for a safe space
Next post Previous post