Search

You may also like

Youth for Climate – Blo maache fir de Bloe Planéit
Kultur Neiegkeeten

Youth for Climate – Blo maache fir de Bloe Planéit

E Freideg hu sech dausende Schüler a Studenten um Glacis

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht
Kultur Neiegkeeten

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht

14 Deeg laang huet d‘Rettungsschëff vun der däitscher Organisatioun Sea-Watch

FlamencoFestivalEsch: En digitale Concert vum Alfredo Tejada
Kultur Neiegkeeten

FlamencoFestivalEsch: En digitale Concert vum Alfredo Tejada

Loscht op e musikaleschen Ausfluch an dat sonnegt Andalusien? Um

D’Squatfabrik a seng „Safe Spaces“ – Get Out um 26. Februar

D’Squatfabrik a seng „Safe Spaces“ – Get Out um 26. Februar

D’Kënschtler vum Kollektiv cooperationsArt rocken ënnert dem Numm „Squatfabrik“ zënter Ufank Februar an den ale Raimlechkeete vun der Keramikfabrik, sou wéi an der Galerie Terres Rouges. Wann Dir nach wëllt matkréien, wéi dem Charel seng Boombox dröhnt, wärenddeem hie Graffiti mécht, ass elo de Moment. D’Dieren sinn nach bis de Freideg, de 26. Februar op – de „Get Out“ ass deen Dag vu 14 bis 18 Auer.

An dono ass et eriwwer – de Francis Kirtz sëtzt net méi do, d’Aktbiller mécht hien dann nees anzwousch anescht. D’Fatima de Moura liest d’Dageszeitung bei sech doheem, d’Inspiratioun fir seng Texter fënnt hatt och do. De Kevin Schmit daucht a seng Welt „Isiso“ an – dat ass de Planéit vu sengem Web-Comic mam Titel “Dead on the Art”.

Wou, wann net an der Squatfabrik? Dëst freet e sech och beim Tania Steinfort, wat gäre mat den Äsche vun der Erënnerung experimentéiert a Neies entstoe léisst. An och de Ben Kieffer, Carlo Wertheimer an den Didier Scheuren hu just nach wéineg Zäit, fir sech an der Kënschtlerresidenz ze amuséieren.

Wat soll een do nach soen? Et war schéin an der Squatfabrik. Elo kënne mir gespaant sinn, wat d’Kënschtler nach fir Pläng hunn. Eng Saach ass sécher – et gëtt hinne bestëmmt net langweileg. Inspiratioun ass iwwerall ze fannen.

Opmaacherbild: © Rotondes / Facebook

Related topics cooperationsArt, Galerie Terres Rouges, Get Out, Keramikfabrik, Squatfabrik, What made you look for a safe space
Next post Previous post