Search

You may also like

déi Konservativ: Keng Spuerkeesse-Schléissungen!
International Neiegkeeten

déi Konservativ: Keng Spuerkeesse-Schléissungen!

D’Partei déi Konservativ deelt, mat dësem Schreiwes mat, datt si

Amerika zelebréiert de 4. Juli
International Neiegkeeten

Amerika zelebréiert de 4. Juli

Dat de 4. Juli an den USA a gewësser Mooss

290 Milliarde fir iwwer 70 Joer al Krichsschied
International Neiegkeeten

290 Milliarde fir iwwer 70 Joer al Krichsschied

E Mëttwoch huet d‘Parlament zu Athen beschloss, vu Berlin 290

Sri Lanka mécht et vir: Verbuet vun Import an Ubau vu Palmueleg

Sri Lanka mécht et vir: Verbuet vun Import an Ubau vu Palmueleg

De schlechte Ruff vu Palmueleg ass bekannt, senger Produktioun an Notzung gëtt awer an de seelenste Fäll entgéintgewierkt. Anescht a Sri Lanka: Wéi schonn 2019 bei de Presidentschaftswahlen ugekënnegt, huet de President Gotabaya Rajapaksa mat direkter Wierkung den Import an Ubau vum roude Bulli verbueden.

Virun engem gudden hallwe Joer hat hie schonns matgedeelt, no an no den Ubau vu Palmueleg am Land ze verbidden. Elo ass et dann offiziell. Entreprisen a Produzente kruten den Uerder pro Joer 10% vun hire Kulturen duerch Kautschuk an aner méi ëmweltfrëndlech Planzen ze ersetzen.

Pro Joer huet Sri Lanka 200.000 Tonne vum beléifte Planzenueleg importéiere gelooss, dat virun allem aus Indonesien an Malaysien. D’Land selwer huet ronn 11.000 Hektar Plantagen, duerch déi ëm 18.000 Tonne Palmueleg gewonne kënne ginn.

Mat senger Decisioun ass de President Rajapaksa ville Politiker viraus. Hat d’EU-Parlament de Wonsch geäussert ab dësem Joer Palmueleg am Biodiesel ze verbidden, esou woussten d’EU-Kommissioun an de Ministerrot dëse Plang gekonnt op 2030 ze verréckelen. Sollt tatsächlech e Gesetz kommen, esou ass et eleng mam Kraaftstoff awer net gedoen.

Palmueleg
DD India / Twitter

Palmueleg ass omnipresent a gëtt vill a gäre genotzt, well de Produit esou bëlleg, laang halbar a gutt erhëtzbar ass. Säi Goût ass neutral, wouduerch een de Knascht an Iesswueren, Kosmetik an och am Botzmëttel erëmfënnt.

Wärend Palmueleg u sech sou präiswäert ass, bezuelen d’Natur an d’Bevëlkerung en héije Präis: Ofholzung, vum Mënsch geluecht Bëschbränn, den Asaz vu Pestiziden, si just e puer vu ville Grënn, datt d’Biodiversitéit ëmmer méi dem Ënnergang geweit ass. Mee dee Problem gesi mir jo net direkt, also existéiert en net …

Opmaacherfoto: Collage aus (v.l.n.r.) Portrait vum sri-lankesche President Gotabaya Rajapaksa © Jorge Cardoso / Ministério da Defesa (CC BY 2.0); flëssegem Palmueleg, erkennbar un der rouder Faarf © oneVillage (CC BY-SA 2.0)

Related topics Bevëlkerung, Ëmwelt, Import, Kautschuk, Natur, Palmueleg, Plantagen, President Gotabaya Rajapaksa, Sri Lanka, Ubau, Verbuet
Next post Previous post