Search

You may also like

Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum
Neiegkeeten

Master Tattoo Convention 2018: D’Däichhal steet ënner Stroum

Um vergaangene Weekend stoung Ettelbréck ganz am Zeeche vun der

Drogesucht a Pandemie…
Neiegkeeten

Drogesucht a Pandemie…

Et heescht, datt Drogekonsumenten um Rand vun der Gesellschaft liewen.

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 16. bis den 22. November
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 16. bis den 22. November

An der Woch vum 16. op den 22. November ass

Stand Speak Rise Up! an d’Fondatioun ENGIE beim Mëttegiessen

Vergaangenen Donneschdeg ass S.A.R. d’Groussherzogin vum Isabelle Kocher vun der Fondatioun ENGIE, ee privilegéierte Partner vun der Asbl Stand Speak Rise Up! op dat traditionellt Mëttegiessen invitéiert ginn. Bei dësem Treffen ass d’Groussherzogin vu grousse Perséinlechkeeten aus dem sozialen, ekologeschen a kulturelle Beräich begleet ginn, wéi beispillsweis dem Jacques Attali, dem Generol Jean-Louis Georgelin, dem Jean-Louis Boorlo oder och dem Sophie Cluzel.

ENGIE

© Fondation ENGIE

Wärend dem Mëttegiessen huet d’Groussherzogin déi essentiell Roll vun der Associatioun, där hiert Zil et ass géint sexuell Gewalt als Krichswaff unzekämpfen, ervir gehuewen. Dobäi huet si och d’Fortschrëtter vun de leschte Joren presentéiert, wéi beispillsweis de Bau vun engem Weesenhaus fir Kanner, déi duerch Mëssbrauch entstane sinn, opzehuelen. Donieft gëtt hinnen ee Formatiounsplang a sozial a psychologesch Begleedung ugebueden.

Natierlech ass bei dëser Geleeënheet der Fondatioun ENGIE Merci gesot ginn fir d’Ënnerstëtzung beim Forum Stand Speak Rise Up! an déi zukünfteg Collaboratioun vun de Projeten vun der Associatioun.

Biller: © Fondation ENGIE

Related topics Fondation ENGIE, Isabelle Kocher, Mëssbrauch, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, Sexuell Gewalt, Stand Speak Rise Up
Next post Previous post