Search

You may also like

Sécherheet am Enseignement, wat leeft?
International Neiegkeeten

Sécherheet am Enseignement, wat leeft?

Zu Lëtzebuerg huet d‘Uwennung vu Gewalt ënner Schüler eng nei

Ab e Mëttwoch lackelt de Knuedler mam Food Village
International Neiegkeeten

Ab e Mëttwoch lackelt de Knuedler mam Food Village

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt ab e Mëttwoch, de 7.

Editorial: E Verfassungsrechtlech garantéiert Massaker
International Neiegkeeten

Editorial: E Verfassungsrechtlech garantéiert Massaker

Kann een an Amerika den „second amendment“ aus der Verfassung

Staarkreen och iwwer Éisträich

Staarkreen och iwwer Éisträich

Wärend sech bei eis am Land d‘Héichwaasser-Situatioun entspaant, huet et anerwäerts eréischt ugefaangen. Um Samschdegowend gouf d‘Stad Hallein (bei Salzburg) vun de Flute getraff an zolidd iwwerschwemmt. Et ass kengem eppes geschitt an d‘Waasser fänkt un ofzefléissen…

Nodeems de Staarkreen och iwwert dem europäeschen Alpeland erofgaangen ass, ware grouss Deeler vun der Stad Hallein bannent kierzester Zäit iwwerschwemmt. De Spriecher vun der Police, dee bestätegt huet datt, déi an de soziale Medie zirkuléierend Videoen echt sinn. D‘Lag wier extrem ugespaant, deels dramatesch. D‘Leit waren zäiteg opgeruff ginn sech a Sécherheet ze bréngen.

De Kommandant vun de Pompjeeën, Günther Trinker, huet confirméiert datt et zur Stonn keng Meldungen zu Verletzen oder Vermëssten hätt. Leit dann hiren Haiser „gefaange“ waren, konnte mat Booter oder grousse Camione vun der Arméi gebuerge ginn. Erfreelech Nouvellen, déi wuel, wann de materielle Schued bis ersiichtlech ass, nees eppes relativiséiert dierfte ginn.

AustriaFoto vun Hallein © GenuineParts/TechGamer (via Twitter)

Mee et huet net nëmmen zu Hallein wéi aus Eemere geschott. Och an anere Regioune vun den éisträicheschen Alpen ass een alertéiert. Zu Kitzbühl sinn honnerte Keller vollgelaf, zu Kufstein sinn d‘Awunner opgefuerdert ginn sech op d‘Etagen ze beginn an d‘Haiser net ze verloossen. D‘Baachen (Zouleefer vum Inn) sinn aus hire Better gesprongen a notzen elo d‘Stroossen.

Zu Wien huet Staarkreen a Donnerwieder d‘Pompjeeën an Otem gehalen. Beim Pressepunkt vun de Moien 8 Auer, huet de Kommandant vum Wiener Corps bestätegt, datt et sech bei de meeschten Asätz ëm iwwerschwemmte Kelleren a Garage gehandelt huet. An der Nuecht hätt et iwwer 500 Noutruff-Appeller ginn. Den éisträichesche Wiederdéngscht huet awer och bessert Wieder gemellt.

mat indymedia/slz/lnz

Foto: Ee Bléck op Leobendorf bei Wien. Hei si bannent 24 Stonnen 100 Liter/M² gemoss ginn © Storm Science Austria

Related topics Berchtesgaden, Éisträich, Hallein, Héichwaasser, Iwwerschwemmung, Staarkreen, Wien
Next post Previous post