Search

You may also like

Rendez-vous mat Äisbieren
Kultur Neiegkeeten

Rendez-vous mat Äisbieren

D’Lëtzebuerger Fotografin Eilo Elvinger huet 2017 zu London bei de

MeteoLux: Haut ass en Dag fir op der Couch ze bleiwen
Kultur Neiegkeeten

MeteoLux: Haut ass en Dag fir op der Couch ze bleiwen

Während am Frankräich d‘Lag op der Wiederfront éischter „bedreelech“ ass,

Editorial: Eng Falsch Informatioun gëtt net richteg well ee se widderhëlt
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Eng Falsch Informatioun gëtt net richteg well ee se widderhëlt

Et gëtt esou villes iwwert dat ee sech als aviséierte

D’Staater Émaischen – Wann d’Péckvillercher nees zwitscheren dierfen!

D’Staater Émaischen – Wann d’Péckvillercher nees zwitscheren dierfen!

Wéi all Joer annoncéiert d’Ouschterfest nees den traditionelle Mart vun der „Émaischen“. Zesumme mat de faméise Péckvillercher ginn um Ouschterméindeg, den 22. Abrëll de ganzen Dag iwwer fantastesch Aktivitéiten an de Stroosse vun der Haaptstad gebueden.

Vun 08:00 Auer moies bis 18:00 Auer Owes fënnt een an den historesche Stroosse vun der Alstad, ronderëm de groussherzogleche Palais, an der Rue Sigefroi, um Krautmaart, an der Rue du Rost, sou wéi an der rue de la Rein an der Rue du Fossé, bis hin op d’Place d’Armes eng immens Offer un Aktivitéite, Musek, Animatioun a Mäert. Folgend Folklore-Gruppen wäerten optrieden:

  • 10:00 Auer: Lidderuucht Lëtzebuerger11:00 Auer: Folklore Uucht-La ronde
  • 13:00 Auer: Les Brasseurs (Brass Ensemble)
  • 14:30 Auer: Grënnesch Strëpp

Um selwechten Dag kann ee sech iwwregens vun 10:00 bis 17:00 Auer d’Gesiicht bemole loossen – Facepainting ass ugesot!

Bis zum 20. Abrëll kann een donieft op der Paräisser Plaz den traditionelle Maart „De Lapouer op der Gare“, dee vun der Animatioungrrupp Gare Asbl organiséiert gëtt, fannen. Bis zum Ouschterméindeg kënnen d’Kanner och vum Karussel beim „Roude Pëtz“ profitéieren!

Automobilisten sollten onbedéngt folgende Circulatiounsplang berécksiichtegen:

Mir wënsche schéin Ouschteren!

Related topics Émaischen, Maart, Ouschteren, Péckvillchen, VDL
Next post Previous post