Search

You may also like

Den neie Service „Infoline Maladies Rares Luxembourg“
Neiegkeeten Sport

Den neie Service „Infoline Maladies Rares Luxembourg“

Am Kader vum éischten nationale Plang zu de seelene Krankheeten

Eng App fir faarweblann Persounen: Elo gëtt et faarweg!
Neiegkeeten Sport

Eng App fir faarweblann Persounen: Elo gëtt et faarweg!

Säi ganzt Liewe ass de Vincent Florentini scho faarweblann. Mat enger

Analys: Eng kloer politesch Linn
Neiegkeeten Sport

Analys: Eng kloer politesch Linn

Ass d‘Kand bis an de Bur gefall, sollt ee mengen

Staatsbeamte geroden an d’Schweessen: 2. Editioun vum Sportsdag

Staatsbeamte geroden an d’Schweessen: 2. Editioun vum Sportsdag

Reegelméisseg Beweegung deet bekanntlech Kierper a Geescht gutt. Esou wëll dann och de Staat dofir suergen, datt duerch genuch Beweegung seng Beamte bei beschter Gesondheet bleiwen. En Donneschdeg, den 11. Juli huet de Ministère vun der Fonction Publique zesumme mam Sportsministère seng Beamten och ausserhalb vum Büro schweesse gedoen, an zwar op der 2. Editioun vun hirem Sportsdag.

Zil vum Sportsdag ass et, datt d’Beamten och nei sportlech Aktivitéite kenneléieren kënnen. Soumat plaidéiert ee fir ee gesonde Liewensstil an hofft drop, datt deen een oder aneren eng (nei) sportlech Tätegkeet fir sech entdeckt, falls dat nach net de Fall gewiescht soll sinn.

Fir déi 2. Editioun hu sech eng ronn 700 Beamten um Campus Geesseknäppchen an am Bambësch Rendezvous ginn. Dobäi hate si de Choix fir u verschidden Turnéieren deelzehuelen, wéi zum Beispill am Futtball, Volleyball oder Badminton. Ma och Jogging an Nordic Walking goufen ugebueden, grad sou wéi eng Rëtsch Atelieren (#Wéi fit si mer, Massage Amma, Diabetis, (Re)Start am Lafen).

Ofgeschloss gouf de Sportsdag mat de Riede vu béide Ministeren.

Als Minister vun der Fonction Publique huet de Marc Hansen trotz dem Reen eng gutt Ambiance de ganzen Dag iwwer feststelle kënnen. Hien huet sech bei den zuelräiche Participante bedankt, grad sou wéi alle Benevollen a Veräiner, déi zu dësem Dag bäigedroen hunn, Merci gesot. Och déi Responsabel vum Campus Geesseknäppchen an dem Bambësch sinn net vergiess ginn.

De Sportminister Dan Kersch huet sech deem ugeschloss an huet nach eemol betount, datt de Motto “Zesumme beweegen” sech an den nationalen Aktiounsplang “Gesond iessen, méi beweegen” areit. Haaptziler vun dëser Campagne sinn:

  • Sensibiliséieren an informéieren
  • Gesond an ausgeglach Ernierung
  • Déi kierperlech Aktivitéit vun der Gesamtbevëlkerung ze erhéijen

Opmaacherfoto: Et war eng flott Ambiance op der 2. Editioun vum Sportsdag fir eis Staatsbeamten, dat hunn den Dan Kersch (lénks) an de Marc Hansen (riets) festgestallt. © MFP

Related topics Beweegung, Dan Kersch, Gesondheet, Marc Hansen, Sport, Sportsdag, Staatsbeamten
Next post Previous post