Search

You may also like

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert
Money Neiegkeeten WTF

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert

De globalen UN-Migratiounspakt, dee vun den flammänneschen Nationalisten denoncéiert gouf,

OPGEPASST: Salmonellen a verschidden Zoossissen vu „La Provençale“
Money Neiegkeeten WTF

OPGEPASST: Salmonellen a verschidden Zoossissen vu „La Provençale“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet ruffe wéinst Salmonelle véier Zorten

Jean Asselborn: „ech hunn net gelaacht!“
Money Neiegkeeten WTF

Jean Asselborn: „ech hunn net gelaacht!“

Eisen Ausseminister, Jean Asselborn (LSAP), war zu New York, wou

moneysurprise

De Staatsbudget an der Schosslinn vun der Handelskummer

De Staatsbudget an der Schosslinn vun der Handelskummer

Et wier de Budget vun alle Paradoxen, esou d‘Iwwerschrëft vun enger déifgräifender Analys vun der Handelskummer, an hirer Stellungnam zum Staatsbudget 2018. Dobäi haten déi Häre Marc Wagener a Carlo Thelen dann awer nach zwou Prioritéite vun der Regierung ze begréissen.

Fir d‘Handelskummer wieren also eenzeg déi Kapitelen zu der Liewensqualitéit an der Kompetitivitéit – am Sënn vum Qualitéitswuesstem – „gutt gesinn“. Natierlech gëtt och begréisst, datt d‘Wirtschaftspolitik vun der Regierung, bezunn op déi fiskalesch Stabilitéit, dem Land zum erhale vum „Tripple A Rating“ bäidréit.

Keng Hausse vun der Rentabilitéit bei den Entreprisen

Beim grousse „Rescht“ awer hunn se op der Handelskummer eng ganz Rei Paradoxe festgestallt. Et wier een nach ëmmer an engem extensive Budget, mat héije Staatsausgaben an enger revidéierter Previsioun vum Wuesstem beim BIP. E Punkt zu deem säitens der Handelskummer widderhuelt gewarnt ginn ass.

Suerge bereet der Handelskummer dann och d‘Feststellung, datt et wuel ëmmer méi Aarbechtsplaze gëtt, d‘Produktivitéit a sengem Ensembel awer net steigt. Heit hätt et an de leschte 15 Joer kee Wuesstem ginn an dat kéint een ugesicht der bevirstoender „drëtter industrieller Revolutioun“ net gutt heeschen.

Wou ass de Budget 4.0 ?

D‘Handelskummer – an hei sinn se dann och op der Linn mam CNFP an dem Rechnungshaff – fuerdert dann och vun der Regierung ee wäitaus méi „transparente“ Budget, wéi dat aktuell de Fall ass. Si stellen och fest, datt d‘Ausgaben zum Enn vun der Period zréck ginn – gemengt sinn d‘Investissementer – grad zu engem Zäitpunkt wou déi misste méi héich sinn.

En Dar am A vun der Handelskummer sinn och d‘Ausgabe vun der ëffentlecher Administratioun. Déi wuessen am Zäitraum 2018-21 duebel esou schnell wéi eben d‘Investissementer. Et géifen ëmmer méi Leit beim Staat agestallt ginn (1.100 Posten si virgesinn), woubäi een et op der Handelskummer léiwer hätt, wann déi wou do sinn, méi Aarbecht géife leeschten.

Sech net op den Iwwerschoss vun der Pensiounskeess verloossen

Wann eng „Reserve“ vun 18 Milliarden an der Pensiounskeess sech „Komfortabel“ unhéiert, esou sollt een hei Uecht dinn. Dat kann sech „mir näischt, dir näischt“ änneren. Ëmmerhin, esou gëtt d‘Handelskummer ze bedenken, gëtt de gréissten Deel vun de Beiträg vun de Frontaliere gedroen, a gläichzäiteg gëtt e méi aus, wéi d‘Cotisatiounen erabréngen.

Handelskummer

(v.l.n.r.) Muriel Bouchet, Marc Wagener, Carlo Thelen, Christel Chatelain. © Martine de Lagardère/moien.lu

Zesumme mam Rechnungshaff ass ee sech also scheinbar eens, datt schonn ab 2023 dat ganzt sech selwer an d‘Bredouille steiert. Dat läit zum gréissten Deel dann och dorunner, datt een net méi wéi „virgesinn“ 2060 bei 1,2 Milliounen Awunner, mee bei „nëmmen“ 990.000 Awunner géif leien.

Gläichzäiteg stellt een dann awer och op der Handelskummer fest, datt Keese vum der Sozialversécherung am Zäitraum 2017-21, onënnerbrach weider en Iwwerschoss géife produzéieren. Woubäi dësen Iwwerschoss vun 1,9% vum BIP 2017, op 1,4% am Joer 2021 géif zréckgoen. E Réckgang deen op d‘Pensiounen zréckzeféiere wier.

Onkloer Zuelen och beim Chômage

Bei der Handelskummer ass een dann och engersäits ganz erfreet iwwer de gudde Chômagetaux, woubäi een anerersäits, wat d‘Ausgabe fir de Chômage betrëfft weiderhin onzefridden ass. An et ass net wei wann een um Kierchbierg net matkritt hätt, datt d‘Depensen hei ëm 5 Milliounen Euro zréck gaange sinn. Nee hei ass een éischter Verwonnert, datt da Staat 2 Millioune méi an Aarbechtsmesure stécht.

An do kann een dann, no der „Analys“ vun der Analys bedaueren, datt de Constat u sech stëmmeg ass, mee mat kenger Zeil erwäänt gëtt wéi d‘Entreprisen hire Bäitrag kéinte leeschten, fir déi monéiert Aarbechtsmesure duerch „Beschäftegung um éischten Aarbechtsmaart“ ze ersetzen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Handelskummer, Staatsbudget, Wuesstem
Next post Previous post