Search

You may also like

De Vermummungsverbuet, erkläert
Neiegkeeten

De Vermummungsverbuet, erkläert

Dëse Méinden huet de Justizminister Felix Braz (déi gréng) eng

What the Fakt – 1000 Kusse fir eis Lieser!
Neiegkeeten

What the Fakt – 1000 Kusse fir eis Lieser!

Et ass wuel eng vun de schéinsten Aart a Weisen

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf
Neiegkeeten

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf

D‘Biergcourse vun Eschduerf, déi traditionell vun der „Union des Pilotes

EU verwerft de Staatsbudget vun Italien, Roum hält dru fest.

EU verwerft de Staatsbudget vun Italien, Roum hält dru fest.

Nodeems den italienesche Staatsbudget vu Bréissel verworf ginn ass, huet et en Ament Onrou ginn, iert d‘Parteileader vun der Koalitioun (Lega NordMovimento 5 Stelle) de Matteo Salvini an de Luigi Di Maio, verséchert hunn un hirem Budgetsprojet festzehalen.

„Et ännert näischt, datt déi Häre vun der Spekulatioun sech berouegen, mir kommen net drop zréck“ esou de Matteo Salvini géintiwwer italienesche Journalisten, déi hie bei engem Deplacement an Rumänien befrot hunn. „Si vergräifen sech hei net un enger Regierung, mee un engem Vollek. Et si Saachen déi d‘Italiener nach méi rose maachen, an herno beschwéiert ee sech, datt d‘Popularitéit vun der EU en Déifpunkt erreecht hätt“ ënnersträicht den italieneschen Inneminister.

Och de Luigi Di Maio, Wirtschaftsentwécklungsminister, huet eng Äntwert fir Bréissel. Hie post op Facebook: „Et ass den éischten italienesche Budget deen der EU net gefält. Dat wonnert mech net: et ass den éischte Budget deen zu Roum redigéiert ginn ass, a net zu Bréissel! (…) „Mir wäerten och weiderhin der EU-Kommissioun erziele wat mir wëlle maachen, an dat mat Respekt. Mee de selwechte Respekt muss och den Italiener an der Regierung déi se representéiert zoukommen“.

E philosophesche Standpunkt

Dat ass eng „Première“ an der jonker EU-Geschicht, an awer huet d‘EU-Kommissioun en Dënschdeg de Budgetsprojet 2019 vun der italienescher Regierung verworf. „Eng däitlech Deviatioun, assuméiert, a vun eenzele revendiquéiert“, esou de franséischen EU-Kommissär fir Wirtschaft, Pierre Moscovici, deen nach emol un déi italienesch Staatsschold erënnert huet.

E Méindeg huet de Chef vun der italienescher Regierung, Giuseppe Conte, säi Budget bestätegt, mee dunn awer versprach d‘Philosophie dovunner, Bréissel ze erklären, a seng Objektiver ze respektéieren. „Mir si keng Band vu Verbriecher. Mee wa mir en anert Finanzgesetz ugeholl hätten, géife mir eng Rezessioun erausfuerderen“, betount de Giuseppe Conte.

Wéi den italienesche Regierungschef en Dënschdeg zu Moskau, fir en offizielle Besuch beim russesche President Vladimir Putin, ukomm ass, huet hien seng Ausso widderholl. D‘Bäibehale vum Budget an dem Dialog mat Bréissel.

E wichtege Budget fir Italien

„Mir konfrontéiere se mat den Donnéeën, de Wuesstemsprognosen, dem Verdéngscht vun de Reformen déi mir virgeschloen hunn, a mir wäerten eis an dräi Wochen der EU-Kommissioun entgéintstellen, fir dëse konstruktiven Dialog, mat Rou an Oppenheet weiderzeféieren“, huet de Giuseppe Conte zu Moskau russeschen an italienesche Journalisten erkläert.

Lauschtert mir gutt no: fir Italien gëtt et keng Chance op en ‚Italexit‘

„Et ass keen improviséierte Budget. Et ass ee Budget dee mir meditéiert, elaboréiert hunn. Mir hunn eis laang a vill Gedanke gemaach. Also haut oder muer de Moien ze soen, datt mir dësen nach emol wäerten iwwerschaffen, mécht éierlech kee Sënn. Dëse Budget dréckt eng politesch wirtschaftlech Richtung aus“, esou den italienesche Regierungschef.

„D‘EU-Kommissioun suggeréiert eng aner Richtung fir eis Wirtschaftspolitik, also musse mir hir eis Iddien entgéintstellen, a da wäerte mir gesinn, op et eis geléngt d‘Kommissioun vum Wäert vun eise Choixen ze iwwerzeegen“. A wann déi Häre Conte, Salvini an Di Maio sech fir hire Budget asetzen, esou hunn si och bestätegt, datt Italien mat der EU an dem Euro fest verbonnen ass.

mat AFP

Related topics Bréissel, EU, EU-Kommissioun, Giuseppe Conte, Italien, Luigi Di Maio, Matteo Salvini, Pierre Moscovici, Staatsbudget
Next post Previous post