Search

You may also like

LVI: Souverän op zwee Rieder
International Neiegkeeten

LVI: Souverän op zwee Rieder

Kanner, déi d’Fueren vum Vëlo nach net léiere konnten oder

Sportlech Leeschtunge vun de jugendleche Lëtzebuerger zu Buenos Aires
International Neiegkeeten

Sportlech Leeschtunge vun de jugendleche Lëtzebuerger zu Buenos Aires

De 6. Oktober goufe viru ronn 200.000 Spectateuren déi drëtt

D‘Bevëlkerung schützen ouni de Schutz vun de Salariéeën ze afferen
International Neiegkeeten

D‘Bevëlkerung schützen ouni de Schutz vun de Salariéeën ze afferen

Mam Fortschreide vun der globaler sanitärer Kris, verstäerken sech och

Nordkoreanesche Staatschef stellt US-President en Ultimatum

Bluff? Provokatioun? De „béise Jong“ vu Pyongyang op Kollisiounskurs

Nordkoreanesche Staatschef stellt US-President en Ultimatum

Et klengt iergendwéi verréckt an awer passt et zum Bild datt ee sech vum Kim Jong-Un mécht. Den nordkoreanesche Staatschef verlaangt vum Donald Trump eng „Kursännerung“ an déi richteg „Astellung“, sollt et Washington dru geleeë sinn, et zu engem drëtte Sommet kommen ze loossen.

D‘Noriicht huet déi stattlech Noriichtenagence KCNA verbreet. Doranner heescht et, datt de Kim Jong-Un nëmmen dann un enger drëtter Entrevue mam US-President interesséiert wier, wann dëse mat der „richteger Astellung“ deelhëlt. De „grousse Leader“ géif nach bis Enn vum Joer op eng couragéiert Entscheedung vum Donald Trump waarden, heescht et do…

Wéi dat ganzt elo mat hirer gemeinsamer Erklärung vu Singapur an Zesummenhang ze bréngen ass, wou sech béid Staatsmänner – zumindest verbal – op eng vollstänneg Denukleariséierung vun der koreanescher Hallefinsel verstännegt haten, léist sech aus dem Stand net erklären. Et dierft awer en Zesummenhang mam Sommet vun Hanoi (Vietnam) ginn, dee virzäiteg ofgebrach ginn ass.

Esou soll de Kim Jong-Un a senger Ried virun der ieweschter Volleksversammlung erkläert hunn, datt hie sech d‘Fro stellt, ob d‘USA eeschthaft un enger gudder Bezéiung zu Nordkorea interesséiert sinn. Si (d‘Nordkoreaner) wiere bereet et nach emol ze probéieren, wann d‘USA eng fir béid Säiten akzeptabel Propose op den Dësch leeën. Seng Bezéiung zum US-President wier awer weiderhi gutt.

mat indymedia/sel/was

Bild: Videograb KCNA neews reel

Related topics Denuklearisatioun, Donald Trump, Kim Jong-Un, Nordkorea, Ultimatum
Next post Previous post