Search

You may also like

Siwen nei Eefamilljenhaiser um Kierchbierg
Neiegkeeten

Siwen nei Eefamilljenhaiser um Kierchbierg

E Méindeg huet de Schäfferot siwen nei Eefamilljenhaiser, déi als

De Lëtzebuerger Hunnegbéier
Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Hunnegbéier

Wann den Hunnegbéier elo net direkt eng „Nouveautéit“ ass, esou

Editorial: Wat d‘USA wierklech am Venezuela wëllen
Neiegkeeten

Editorial: Wat d‘USA wierklech am Venezuela wëllen

Beim Kampf ëm d‘Muecht am Venezuela, steet fir d‘USA vill

De Staatsrot berechtegt seng Existenz

Et géif sech net gelangweilt an et hätt méi geschafft wéi nach 2016/17

De Staatsrot berechtegt seng Existenz

Fir den Exercice 2017/18 stellt sech de Staatsrot selwer eng „bonne Note“ aus. Zu dësem Constat kënnt d‘Institutioun, opgrond sengem Aktivitéitsbericht, deen am Mäerz virgeluecht ginn ass. 47 Sëtzungen (26 Plenarversammlungen an 21 ëffentlech Sëtzungen) huet et ginn, an och déi sëlleche Komissiounen hunn sech 218 gesinn. Alles an allem sinn der Regierung 605 Avisen zougaangen.

Datt de Staatsrot et och net fir néideg hält säi Joresbericht an der Landessprooch ze verfaassen, gëtt mam Argument „administrativ Sprooch“ erkläert, woubäi et bei der Brochure, déi dem Staatsrot seng Aufgaben erkläert, ëmmerhin och eng lëtzebuergesch Fassung gëtt. Dat fir kuerz drun ze erënneren, datt d‘Zukunft lëtzebuergesch schwätzt. Et ka sinn datt Sprooch iwwerbewäert gëtt.

Dat gesot dierf ee festhalen, datt de Rot sech zu 159 Gesetzprojete geäussert an 124 „zousätzlech“ Avisen erstallt huet. Aus dem Rapport geet dann nach ervir, datt „nëmmen“ fënnef Gesetzvirschléi aviséiert goufen, mee et zu ronn 300 Avise bei groussherzogleche Reglementer a Dekreter komm ass. Et huet am Exercice och nach dräi Avisen zu Virschléi zur Verfassungsännerung ginn.

Net mat allem averstanen

Laut dem Rapport hätt et fir den Exercice 2017/18, 380 formell Oppositioune ginn (+76 géintiwwer dem Exercice 2016/17). Déi meescht dovunner bezéien oder begrënnen sech op Verstéiss géint eis Verfassung – déi jo nach an dëser Legislaturperiod soll reforméiert ginn – an/oder well d‘Gesetz net konform mam internationalen an/oder europäesche Recht gaangen ass.

Bemängelt goufe 76 Dossieren, déi sech mat der Transpositioun vun EU-Direktiven an nationaalt Recht befaasse sollten. Iwwer 300 mol huet sech de Staatsrot op de Verstouss vu generelle Rechtsprinzipien an/oder Rechtssécherheet bezunn. Dat léisst déif blécken, well et direkt drop opmierksam mécht, wéi eng „Experten“ eigentlech un de Gesetzprojete schaffen.

Wann een da festhale kann, datt dem Staatsrot seng Existenz berechtegt ass a sech an dësem Gremium nëmmen nach Stakhanovisten zu Wierk ginn, esou huet et nach weider Beräicher an deenen Entscheedunge getraff musse ginn. Schued datt bei esouvill Aarbechtsopwand kaum nach Zäit iwwereg ass, sech an senger Mammesprooch auszedrécken. D‘Zukunft muss ebe waarden.

Related topics Rapport 2017/18, Staatsrot
Next post Previous post