Search

You may also like

Kriss du eng Datz an eiser Prüfung zur Lëtzebuerger Geschicht oder bass de méi schlau wéi de Proff?
Neiegkeeten

Kriss du eng Datz an eiser Prüfung zur Lëtzebuerger Geschicht oder bass de méi schlau wéi de Proff?

[onionbuzz quiz-id=127][/onionbuzz] D’Geschicht vun eisem Land ass nawell zimlech oniwwersiichtlech

Den iresche „JO“ zum Schwangerschaftsofbroch ass eng Néierlag fir d’Kierch
Neiegkeeten

Den iresche „JO“ zum Schwangerschaftsofbroch ass eng Néierlag fir d’Kierch

De „massive“ Jo vun den Iren zum Recht op de

Analys: Eng kloer politesch Linn
Neiegkeeten

Analys: Eng kloer politesch Linn

Ass d‘Kand bis an de Bur gefall, sollt ee mengen

Och de Staatsrot fënnt en Hoer an der Zopp beim Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

Ee vun den Artikele schéngt am Konflikt mat der Verfassung ze stoen

Och de Staatsrot fënnt en Hoer an der Zopp beim Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

D’Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch kritt vill Opmierksamkeet. Déi erkläert sech doduerch, datt an de leschte Joren ëmmer méi op eng Stäerkung vun der Lëtzebuerger Sprooch gepocht ginn ass. Dëst ass och duerch eng Petitioun geschitt, déi méi oder manner direkt d’Motivatioun fir dëst Gesetz mat sech bruecht huet.

No der Presentatioun am Mäerz 2017 sinn d’Reaktiounen ganz ënnerschiddlech ausgefall. D’Gesetz steet widderhuelt an der Kritik, well et vill Schwammegkeeten doranner ginn. Och de Staatsrot huet esou seng Problemer domatter, wéi een am Avis liese kann.

A senge generellen Remarken stellt de Staatsrot fir d’éischt fest, datt déi Lëtzebuergesch Sprooch e wichtegt Element vun eiser Kultur ass. Mee  d’Méisproochegkeet wier och immens wichteg. Si géing eng “Force Unique” duerstellen, déi zum Virdeel vun de Lëtzebuerger wier. E klengt Land wéi Lëtzebuerg misst senge Bierger dës Opportunitéiten oppen halen.

Virun allem den Artikel 6 suergt vir Kappzerbrieches

E Feelen un Transparenz stellt de Staatsrot am finanzielle Beräich fest. Esou géing den Aktiounsplang opgestallt ginn, ouni datt do de finanziellen Impakt vun de Mesuren, déi doranner virgesi wieren, géing gewise ginn. Dëst wier e Problem, wat d’Transparenz ubelaangt, esou de Staatsrot.

Richteg festbäissen deet sech de Staatsrot um Artikel 6 vum Gesetz. Dee gesäit an der Propositioun wéi follegt aus:

De Kommissär gëtt ënnerstëtzt vun engem interministerielle Comité. D’Attributiounen, de Fonctionnement an d’Zesummesetzung vun deem interministerielle Comité gi vun engem groussherzogleche Reglement festgeluecht. Den interministerielle Comité gëtt vum Kommissär presidéiert.

De Staatsrot gesäit hei e Konflikt mat eiser Verfassung. Ganz konkret mam Artikel 76, wou et dorëmmer geet, datt de Groussherzog d’Organisatioun vun der Regierung bestëmmt. D’Schafung vun esou engem interministerielle Comité géing guer net an den Domän vun engem Gesetz falen. De Staatsrot opposéiert formell dësen Artikel.

Related topics Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
Next post Previous post