Search

You may also like

Rock The South 2019: D’Bands sti fest!
Neiegkeeten

Rock The South 2019: D’Bands sti fest!

Virun engem Mount ass den Opruff fir jonk Bands erausgaangen,

D’Summerschoul vun der Nationalbibliothéik war
Neiegkeeten

D’Summerschoul vun der Nationalbibliothéik war

Vum 2. bis de 6. August 2021 huet d’Summerschoul vun

Israel: Gënnt sech Likud eng nei Spëtzt?
Neiegkeeten

Israel: Gënnt sech Likud eng nei Spëtzt?

An Israel mussen sech d‘Membere vun der pseudo-liberaler Likud tëscht

Staatsvertrag mat RTL-Group: Verwaltungsgeriicht net zoustänneg

Staatsvertrag mat RTL-Group: Verwaltungsgeriicht net zoustänneg

Am Dezember 2019 hat den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei) sech derzou entscheet, eng Requête um Verwaltungsgeriicht géint de Premier- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel anzereechen. Heibäi ass et drëms gaangen Asiicht an déi tëscht der Lëtzebuerger Regierung an RTL-Group (Bertelsmann) geschlossen Accorden ze kréien.

Grond fir dëse Schratt: de Premier huet dem Deputéierten d‘Asiicht an dës „Transaktioune“ ouni grouss Erklärung verweigert. Et dierf een allerdéngs drun erënneren, datt dës Haltung – obwuel de Xavier Bettel sengerzäit mam Verspriechen ugetruede war eng transparent Regierung op d‘Been ze setzen – och bei kontroverse Verträg mat aneren Acteuren zur Praxis vun dëser Regierung gehéiert.

No enger gefillten Éiwegkeet huet d‘Verwaltungsgeriicht sech dann elo endlech zu enger Äntwert bequeemt, a stellt fest, datt et net kompetent ass. A senger Conclusioun heescht et, datt sech de Refus ënnert der Doktrinn vum „Handlunge vum Gouvernement“ analyséiere léist, also Aktiounen déi wuel vun der Exekutive ausginn, mee net am Kader vun der Ausübung vun der administrativer Funktioun, firwat esou Accorden ënnert déi eenzeg politesch Verantwortung vum Gouvernement falen. Zudeem hätt den Deputéierten net ausräichend gebrauch vu senge Rechter gemaach…

Dat heescht datt d‘Verwaltungsgeriicht gutt néng Méint gebraucht huet, fir den Deputéierten drop hinzeweisen, datt hien net vu senge parlamentaresche Kontrollméiglechkeete gebrauch gemaach hätt, déi himm jo awer géifen zoustoen: eng parlamentaresch Fro (schrëftlech oder mëndlech) an d‘Interpellatioun vum betraffene Regierungsmember. Wat esou eppes bréngt weess ee säit Google.

Elo dierf een dierf een, och wann et gedauert huet, an d‘Äntwert schon eppes zäitlech „opfälleg“ an d‘Summervakanz fält – wuel an der Hoffnung dat keen et matkritt – awer net a Fro stellen, datt dëst Verwaltungsgeriicht festgestallt huet, datt de Refus vum Staatsminister net vun dëser Autoritéit ka behandelt gi well si sech net an d‘Relatioun vun der Exekutive an der Legislative dierf amëschen.

Zu Lëtzebuerg gëllt nach ëmmer d‘Gewaltentrennung, a géint déi géif d‘Verwaltungsgeriicht hei verstoussen, wa si der Requête vum Sven Clement géif nokommen. Datt dës Institutioun mat hirer Ausso elo selwer derzou bäidréit, datt de Bierger hei zum Schluss kënnt, et géif Favoritismus, a wie weess, geheim Ofsproochen op Käschte vum Steierzueler bedriwwen, spillt natierlech keng Roll.

Bei Bertelsmann/RTL dierft ee – wéi sengerzäit bei Google an anere mächtege Konzerner – de Cremant sabréiert hunn. D‘Millioune fléisse weider, ouni datt een et misst rechtfäerdegen. Datt RTL allerdéngs eng Deel vum Personal zu Lëtzebuerg wëll ofbauen/auslageren, weist wéi enk dës Regierung mat de Privilegiéierten aus dem Privatsecteur verbonnen ass. An dat ass geféierlech.

Illustratioun: © Piratepartei

Related topics Piratepartei, RTL-Group, Staatsvertrag, Sven Clement, Verwaltungsgeriicht, Xavier Bettel
Next post Previous post