Search

You may also like

Totenhopfen Brauhaus „Quick‘n Dirty“ – Héich aus dem Norde kommen ech hir…
Neiegkeeten

Totenhopfen Brauhaus „Quick‘n Dirty“ – Héich aus dem Norde kommen ech hir…

Kann ee seng Passioun zum Exzess dreiwen? Mam „Quick‘n Dirty“

surprise
Katalounien: De Carles Puidgemont ënner Zuchzwang
Neiegkeeten

Katalounien: De Carles Puidgemont ënner Zuchzwang

De katalanesche Separatisteleader Carles Puidgemont, zanter November am Bréisseler „Exil“,

Den Oprëschtungswahnsinn vun der Regierung muss gestoppt ginn!
Neiegkeeten

Den Oprëschtungswahnsinn vun der Regierung muss gestoppt ginn!

D’Majoritéit wäert héchstwahrscheinlech un dësem Donneschdeg, den 23. Juli, iwwert

Elo geet et duer – D’Stad Esch dréit wéinst Vandalismus de Krunn zou

Elo geet et duer – D’Stad Esch dréit wéinst Vandalismus de Krunn zou

Scho säit Wochen a Méint gouf d’Stad Esch mat enger Vandalismus-Serie konfrontéiert, bei där d’Waasserleitungen an -uschlëss an de Cités Jardinières um Bouwenacker a Schneier muttwëlleg beschiedegt gi sinn. E puer dausende Kubikmeter Waasser sinn dobäi verschwent ginn an och de Risiko vun der Kontaminatioun war héich, wouduerch een elo decidéiert huet, ab haut de Krunn komplett zouzedréien.

Net nëmmen sinn d’Haaptwaasserleitungen express zerschnidden, deplacéiert oder och duerchgepickt ginn. Zudeem goufen illegal Verbindungen an esou enger schlechter Aart a Weis gemaach, datt pro Stonn ganzer 6 Kubikmeter Waasser an d’Näischt gelaf sinn.

Dobäi kënnt, datt och d’Récklafspäre manipuléiert, respektiv ganz ewech geholl gi sinn. Dobäi ginn dës benéidegt, fir am Fall vun engem Drockoffall weiderhin d’Bevëlkerung mat Drénkwaasser versuergen ze kënnen. Zuelräich Artikele vum Gemengenreeglement vum 18. Mee 2018 si vu Sous-Locatairen mëssuecht ginn.

Vandalismus

© Stad Esch

D’Stad Esch weist sech gezwongen, d’Cités Jardinières ab haut net méi mat Drénkwaasser ze versuergen. Datt d’Gemeng hei Drénkwaasser zur Verfügung gestalt huet, ass oder war iwwregens keng Verflichtung mee just e Gefale fir d’Clubs a Sous-Locatairen.

Vandalismus

© Stad Esch

An dësem Kader gëtt nach emol drun erënnert, datt nom Gemengereeglement vum 18. Mee 2018 dOpfänke vu Reewaasser obligatoresch ass. All Parzell vun der Jardinière muss een Opfänkbehälter mat Deckel hunn, sou datt och keng Moustiquen an d’Waasser fléien. Doduerch kann de Besoin u Waasser fir d’Planze gedeckt ginn.

Related topics Beschiedegung, Drénkwaasser, Jardinière, Reewaasser, Stad Esch, Vandalismus, Verschwendung, Waasserverschmotzung
Next post Previous post