Search

You may also like

Schnelltester fir Entreprisen
Kultur Neiegkeeten

Schnelltester fir Entreprisen

Bei der Virstellung vun dëser Aktioun, huet den Aarbechtsminister Dan

surprise
Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken
Kultur Neiegkeeten

Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken

Déi franséisch Insele Saint-Barthélémy a Saint-Martin sinn op Alarm „Mof“

Chamber: 10 Gesetzer a wéineg Debat
Kultur Neiegkeeten

Chamber: 10 Gesetzer a wéineg Debat

Zéng Gesetzprojete „Post-Kris“ si gëschter banne sechs Stonne Sëtzung am

D’Stad liicht – Andréck vun der Groussgaass, Plëss a Co.

Wärend de Wantermaart an Animatioun am Kader vun den traditionelle Stater Winterlights dëst Joer duerch Dir-wësst-scho-wat ausfält, probéiert d’Stad Lëtzebuerg mat festlecher Beliichtung an Dekoratioun alt e bëssi festlech Stëmmung ze bidden.

Ma, ob dat elo ze vill oder net genuch, passend oder iwwerflësseg ass, doriwwer léisst sech streiden. Sech awer emol en Owend Zäit ze huelen, an en Tour duerch d’Groussgaass, iwwert d’Plëss oder och laanscht d’Gëlle Fra ze maachen, kann an der aktueller Zäit fir eng schéin Ofwiesslung suergen. Dobäi erhellen déi iwwer 700.000 LED-Liichtercher net nëmmen déi ëffentlech Plaze, mee och nach d’Gemitt.

Wie Glühwäin a Schocki vermësst, dee kann dës an der Thermoskan mathuelen – sécherlech méi bëlleg an och d’Ëmwelt seet Merci, datt Dir keen Eeweebecher an Usproch huelt. Do feelt just nach, datt ee sech dem Wierder entspriechend undeet, sou datt dës Visitt och komplett genoss ka ginn.

Mir wënsche vill Spaass beim Kucke vun der Billergalerie a wann Dir direkt op d’Plaz gitt.

Fotoen © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Beliichtung, Chrëschtdag, feierlech, Gëlle Fra, LED-Luuchten, Plëss, Stad Lëtzebuerg, Visitt, Wanter, Winterlights
Next post Previous post