Den Hugo, e verkannten Nationalheld?
Dir hutt et villäicht matkrut: Mir haten déi ganz Woch
Dir hutt et villäicht matkrut: Mir haten déi ganz Woch
Um Méindeg gouf zu Diddeleng de neie Berodungszenter vun der
Et ginn där Deeg, do wär ee besser am Bett
Wien op dësem Sonndeg Nomëtteg nach net sollt wësse wat mat senger Zäit ufänken, fir Konscht an al Miwwelen eppes iwwereg huet, dee sollt sech haut en Ausfluch op Stadbriedemes gënnen.
Fir déi 2. Kéier an dësem Joer, gëtt am Concilium-Gebai, dat géinteniwwer der Schleis geleeën ass, vun der Entreprise „Lux-Auction“ eng grouss Konscht- a Miwwelstee organiséiert. Auktioune gëtt et der zu Lëtzebuerg esouvill net, firwat dat eleite schonn en aussergewéinlecht Evenement ass.
Alles wat haut de Mëtteg zu Stadbriedemes (ab 14.30 Auer) ënnert den Hummer kënnt, staamt aus enger Lëtzebuerger Successioun. Et ass den zougeloossenen Expert, Adrien Denoyelle, deen de Katalog – wou d‘Miwwelen am Mëttelpunkt stinn – zesummegestallt huet. An et gëtt hei och vill ganz interessant Objeten déi Sammlerhäerze méi héich schloe loossen.
Eng schéi Kommoud aus dem 18.Joerhonnert am Style Louis XV. (courtesy Lux-Auction)
Ze ernimme wier anerem e schwaarz lackéierte Büro mat Bronzeverschléi (Louis XIV), dee bis zu 60.000 Euro wäert soll sinn. Donieft gëtt et Kommouden an en Iessdësch (Louis XVI), déi een esou éischter seelen zu Gesiicht kritt. Et ginn awer och Objete fir de klénge Portmonni ugebueden.
Nieft den héichwäertege Miwwelen, gëtt et nach eng helle Wull un Objeten, déi präislech méi accessibel sinn. Esou eng flott Kollektioun un Zeechnungen (Lëtzebuerger Landschaften) vum Lëtzebuerger Kënschtler Pierre Droessaert (1923-1997), wou de Präis pro Bild ëm 150 Euro läit.
Eng Zeechnung vum Pierre Droessaert, déi d’Corniche an der Stad duerstellt. (courtesy Lux-Auction)
Eppes méi „eeler“ awer net manner „authentesch lëtzebuergesch“, ass de Portrait vum Jean-Baptiste Lahure. E Bild entstanen am 18. Joerhonnert, deem säi Wäert ëm 2.500 Euro bedréit. Natierlech gëtt et zu Stadbriedemes och en „Highlight“. Dobäi handelt et sech ëm e Portrait, deen awer eppes méi zäitgenëssesch ass, a vum südafrikanesche Moler Gerard Sekoto realiséiert ginn ass.
De Bloe Portrait vum Gerard Sekoto, gett als Highlicht vun der Stee genannt,. (courtesy Lux-Auction)
Dëse Moler (1913-1993) suergt bei de Konschtkenner a Sammler fir ëmmer méi Opmierksamkeet. Esou huet e Wierk vum Gerard Sekoto 2017, fir 47.000 Euro en Interessent fonnt. Dat ass vun der „Gazette Drouot“ ervirgehuewe ginn, woubäi d‘Bild op bis zu 6.000 Euro geschat ginn ass.
Wann der elo virwëtzeg gi sidd, awer keng Zäit oder Loscht hutt bis op Stadbriedemes ze pilgeren, et gëtt eng agreabel Alternativ. D‘Stee gëtt live op : www.drouotonline.com iwwerdroen. Dat dierft och Interessenten aus aller Welt unzéien, wat dem Evenement nach e weideren „Touch“ gëtt.
Manner u Konscht, dofir méi un engem gudde Wéngchen interesséiert? Am Uschloss un déi uewe genannte Stee, kommen aus der selwechter Successioun, nach 300 Fläsche Wäin ënnert den Hummer. Dës Auktioun soll um 17:00 Auer ufänken.
Méi Informatiounen zu dëser Auktioun fannt dir ënnert: