Search

You may also like

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv am August
International Kultur Neiegkeeten

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv am August

Et ginn op mannst zum Deel gutt Noriichten um Aarbechtsmaart:

Guardian Europe an d‘Zukunft vum Industriestanduert Lëtzebuerg
International Kultur Neiegkeeten

Guardian Europe an d‘Zukunft vum Industriestanduert Lëtzebuerg

Nodeems bekannt ginn ass, datt Guardian d‘Produktiounsstanduerter Käerjeng (Luxguard I)

Juristesch Beroderin vum Trump bezeechent Aids als Gottes-Strof fir Homosexuell Mënschen
International Kultur Neiegkeeten

Juristesch Beroderin vum Trump bezeechent Aids als Gottes-Strof fir Homosexuell Mënschen

Dat de Milliardär a seng reliéis-konservativ Band nach ni eppes

Stan Lee: eng Legend zitt seng Reverenz

Stan Lee: eng Legend zitt seng Reverenz

Stan Lee, den amerikaneschen Zeenarist dee fir de Verlag „Marvel Comics“, esou Personnage wéi: Spiderman, Hulk oder d‘X-Men erfond huet, a ganz Generatioune vu Comic-Fans entzéckt huet, ass e Méindeg am Alter vu 95 Joer verstuerwen.

De Stan Lee, gebiertege New Yorker mat Wunnsëtz zu Los Angeles, ass um Méindegmueren an engem Spidol vun der Metropol gestuerwen. An de 60er Joer, huet de Stan Lee zesumme mat Marvel den amerikanesche Comic revolutionéiert, a weltwäit eng nei Kultur verbreet.

„Marvel an den Ensembel vun der Walt Disney Company begréissen d‘Liewen an d‘Carrière vum Stan Lee, an erweisen hir éiweg Dankbarkeet fir déi onvergläichlech Erfolleger déi hien an hire Mauere vollbruecht huet. Bei all Kéier wou dir e Comic opschlot, ass de Stan do“, esou Marvel – Entreprise vun der de Stan Lee Éierepresident war – an engem Communiqué.

Stan Lee

„De Stan Lee war esou aussergewéinlech wéi d‘Personnagen, déi hie geschaaft huet. E richtege Superheld fir all Marvel-Fan op der Welt, hat de Stan Lee d‘Muecht ze inspiréieren, ze ënnerhalen an d‘Leit zesummenzebréngen“, deklaréiert de Bob Iger, CEO vum Grupp Disney.

Walt Disney Company hat 2009 Marvel zum Präis vu véier Milliarden US-Dollar opkaf, an et esou méiglech gemaach, datt dem Stan Lee seng Helden, sech als zu Stare vum groussen Ecran behaapte konnten.

Vun Iron Man bis Black Panther

Seng Personnagen, vun Iron Man bis Black Panther, sinn zu Galliounsfigure vun der Kinoindustrie ginn. Si hunn d‘Dreem vu ville Generatioune Fans erfëllt, déi dëse Schellem vun Zeenarist, och schonn emol als Hallefgott betruecht hunn.

Perséinlechkeeten aus alle Milieuen, vum New Yorker Gouverneur bis hin zum Grënner vun Tesla, Elon Musk, hunn drop bestanen dem Stan Lee en Hommage ze ginn. Och dat en Zeeche vu sengem groussen Afloss, deen hien op déi populär Kultur hat. „Zeus, gëff him däin Troun. Et gëtt elo e richtege Patron ënnert de Gëtter“ twittert den franséische Comic-Auteur Joann Sfar.

Stan Lee

D‘Fans vum Stan Lee hunn, no bekannt gi vu sengem Dout, um „Hollywood Walk of Fame“, bei sengem Stär éischt Blummen a Käerzen néiergeluecht, fir dëser „Legend“ e leschten Hommage ze ginn. © Valerie Macon/AFP

„Hie war dat wat ee vun him erwaart huet, a villes méi. Ech hat dëse Mënsch gären, an hie wäert mir bis zum Liewensenn feelen. Et seet een, datt een ni soll sengen Idoler aus der Jugend begéinen. Dat ass falsch“, heescht et am Tweet vum Mark Hamill, e bekannten Acteur aus der Star Wars Saga.

E Bléck op de Personnage

De Stan Lee war d‘Kand vu rumäneschen Immigranten, an ass den 28. Dezember 1922 op d‘Welt komm. 1939 huet hien ugefaange vir de Virgänger vu Marvel, de Verlag „Timely Comics“ ze schaffen. Him ass et gelongen, dem Genre „Superheld“ en neie Geescht anzehauchen. Hien huet Superhelden erfonnt, déi en ausbalancéierten Humanismus Opweises haten.

Esou konnt de Stan Lee d‘Popularitéit vu sengen „Helden“ bei engem Public festegen, déi sech och mat dëse Superhelden identifizéiere konnten. „Dëse Kärel, Peter Parker, ech wëll just datt hien e normale Jugendlechen ass. Hie soll kengem aneren, super muskuléisen Held gläichen“, hat de Stan Lee erkläert, wéi hien de Spiderman erfonnt huet.

Bei senge Fans, wéinst sengem Sonnebrëll a gréngem Pullover, bekannt, konnt de Stan Lee seng grouss Popularitéit an de Kreesser vun de Comic-Fans an der Pop-Kultur ausbauen. De grousse Public huet hien, duerch seng „Erscheinungen“ an de Verfilmunge vun den Aventure vu sengen Helden, erkannt.

Den Ambassadeur

Mat der Zäit gouf de Stan Lee zum Ambassadeur vum Comic an den USA. Hien huet Konferenzen op Universitéite ginn, a war reegelméisseg Gaascht op „Conventions“. Seng lescht Liewensjoer ware markéiert duerch e puer juristesch Ausenanersetzungen. De Stan Lee hat e Prozess géint seng fréier Entreprise „POW! Entertainment“ ageleet, mee huet dann d‘Saach fale gelooss.

Bei der Sortie vum éischte Spiderman-Film (2002), hat de Stan Lee och eng Plainte géint Marvel agereecht. Hien hat d‘Entreprise verlooss, an huet Marvel beschëllegt seng Autorerechter net ze respektéieren. 2005 hu béid Parteien sech op eng Entschiedegung vun 10 Milliounen US-Dollar gëeenegt.

Stan Lee

Méi rezent: eng „Masseuse“ hat de Stan Lee der Aggressioun bezichtegt. E Fait deen de Stan Lee ëmmer vu sech gewisen huet. Am Juni hat säin Affekot e restriktiivt Weisungsrecht géint de fréieren Assistent vum Editeur agefuerdert. Laut Rumeure sollt den nonzegjäregen ausgenotzt gi sinn. Den Affekot hat uginn, datt säi Client sech net méi der Emprise vu sengem Assistent erwiere konnt.

mam Javier Tovar an dem Leo Mouren/AFP

Foto: De Stan Lee, gebiertege New Yorker mat Wunnsëtz zu Los Angeles, ass um Méindegmueren an engem Spidol vun der Metropol gestuerwen. An de 60er Joer, huet de Stan Lee zesumme mat Marvel den amerikanesche Comic revolutionéiert, a weltwäit eng nei Kultur verbreet. © Frazer Harrison/Getty Images/AFP

Related topics Hulk, Marvel, Spiderman, Stan Lee, Walt Disney, X-Men
Next post Previous post