Search

You may also like

Dem „Great-Barrier-Reef“ geet et beschtens
Neiegkeeten Sport

Dem „Great-Barrier-Reef“ geet et beschtens

…also eigentlech net, mee d‘Regierung mam ultra reliéise Premier, wollt

Irak: Ugrëff op Regierungskritiker
Neiegkeeten Sport

Irak: Ugrëff op Regierungskritiker

Bei enger Attack op Regierungskritiker an der irakescher Haaptstad, sinn

Zum Gedenke vun den Affer vun Hiroshima
Neiegkeeten Sport

Zum Gedenke vun den Affer vun Hiroshima

Peppeng um 6. August… wärend d‘Duerf an de fréie Mueresstonne

Stand Up Paddling – Mat Balance a Spaass um Waasser

Stand Up Paddling – Mat Balance a Spaass um Waasser

Et ass eng vun den beléiftste Waasseraktivitéiten iwwerhaapt, an dobäi erweist sech Stand Up Paddling als e richtege Ganzkierpertraining, deen d’Balance fërdert an d’Muskele schounend stäerkt. Och zu Lëtzebuerg erlieft „Paddelen am Stoen“ ëmmer méi e grousse Succès. Mee wouhier kënnt den Trend a wisou erfreeë sech esou vill Mënschen un der Kombinatioun aus Briet a Paddel?

Egal ob Floss, Mier oder Séi, Stand Up Paddling kann quasi an all Gewässer ausgeüübt ginn. Zu Lëtzebuerg bitt sech besonnesch de Stauséi zu Lëlz gutt fir Ufänger un, déi hir éischt Beweegungen um Board op rouege Gewässer woe wëllen.

Ma, och fir méi erfuere Persounen lount sech den Tour iwwert de beléifte Waasserreservoir – eng villfälteg Ëmgéigend an nei Perspektiven erwaarden de Paddler. Ugebuede gëtt d’Aktivitéit ënnert anerem och zu Déiljen a Rouspert.

Fir méi iwwert den Ursprong vum Stand Up Paddling gewuer ze ginn, musse mir a Polynesien reesen. Zum engen waren et d’Fëscher, déi sech zum Deel am Stoen an hire Kanue viru beweegt hunn. A wéi kéint et anescht sinn, fanne sech weider Spueren zum SUP an Hawai, dem Land, wou d’Surfen erfonnt gouf.

Et soll de Sport vum Kinnek gewiescht sinn a just auserwielte Persounen hätte sech um Briet, an equipéiert mam Paddel, virubeweegen dierfen. An den 1960er Joren sollen dunn d’Beach Boys vu Waikiki den Touristen esou e Gefill fir d’Wellen ginn hunn. En anere Begrëff fir Stand Up Paddling ass dofir och „Beach Boy Surfing“.

Nodeems de Surfboom an de 70er Joren nees zeréckgaangen ass, hunn Ufank vun den 2000er Joren Sportler d’Virdeeler vum SUP nees fir sech entdeckt. Esou war et och un Deeg, wou keng Welle waren, méiglech ze trainéieren.

Stand Up Paddling
© Shari Pleimelding / moien.lu

Do hätte mir da schonn ee Virdeel: Stand Up Paddling ass, wéi schonn uewe gesot, op all Gewässer méiglech, sou laang een dann um Briet stoe bleift. Wichteg ass et nämlech d’Gläichgewiicht ze halen a sech duerch Paddelen virun drécken ze kënnen. Huet een den Trick bis eraus, fillt et sech bal wéi Schwiewen un.

E weidere Pluspunkt: Dës Aktivitéit ass e Ganzkierper-Training, dee sech fir all Persoun, onofhängeg vum Geschlecht, Alter, Gewiicht a Fitnesszoustand eegent. Duerch dat dauernd Ausbalancéieren ginn op eng douce Aart a Weis d’Muskelen am ganze Kierper gestäerkt.

Léisst d’Kraaft an den Ärem no, kann ee sech einfach nees op d’Briet setzen an d’Natur genéissen. A soubal et ze waarm gëtt, ass de Sprong an d’Waasser nëmmen ze recommandéieren.

De wichtegste Punkt ass allerdéngs, datt Stand Up Paddling e risege Spaass bréngt!

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Balance, Ganzkierper-Training, Gläichgewiicht, Hawai, Lëlz, Ofkillung, Polynesien, Sport, Stand Up Paddling, Stauséi, Surfen, Waassersport
Next post Previous post