Search

You may also like

Stauséi: Wann d‘Bloalgen engem d‘Vakanz verdierwen
Kultur Neiegkeeten

Stauséi: Wann d‘Bloalgen engem d‘Vakanz verdierwen

Wéinst enger Bloalge-Pescht am Séi vun der Uewersauer, ass et

What the Fakt – Den éischten Terminator kennt viru 34 Joer eraus
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischten Terminator kennt viru 34 Joer eraus

Hasta la vista baby! Dëse Satz misst jiddwerengem bekannt sinn

What the Fakt – internationale LEGO-Dag
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – internationale LEGO-Dag

Den haitegen Dag steet ganz am Zeeche vun de faarwege

Stanley Quinn: Experimentell Musek mat Häerzblutt!

Stanley Quinn: Experimentell Musek mat Häerzblutt!

Musek ass fir hien net nëmmen eng Passioun, mee een Deel vum Liewen: Zënter 8 Joer schafft de Lëtzebuerger Artist Stanley Quinn reegelméisseg u senger Leidenschaft. Dobäi daucht hien an déi verschiddenst Beräicher an, wot attraktiv Experimenter a setzt alles op Selbststännegkeet.

Fir vill Museker a begeeschtert Fans ass d’Musek ee Mëttel fir Gefiller auszedrécken, Emotioune erauszeloossen a sech verstanen ze fillen. Ma, och de Stanley Quinn notzt dësen deels therapeutesche Wee, fir Erfarungen a Gedanken ze deelen. Dobäi leet hie sech awer net op ee bestëmmte Stil fest.

Him ass et nämlech wichteg, dem Publikum dobaussen eng Freed ze maachen. Ob ee sech elo verstane fillt, d’Melodien den Dag ee Stéck méi schéi gestalten oder d’Fans sech einfach emol mat senge Wierker oflenke wëllen, et geet zu all Ament ëm d’Freed.

Mat Wëllen an Energie

Schonn a Schoulzäiten war d’Motivatioun grouss, fir selwer eppes Musikalesches op d’Been ze stellen. Esou ass déi alternativ Rock-Band „Replay The Best Day“ entstanen, an där Kollegen iwwert 2 Joer d’Leidenschaft zur Musek gedeelt hunn. Als Sänger war hie besonnesch am Beräich Rock a Metal interesséiert, huet sech awer ëmmer oppen fir aner Stiler gewisen.

An esou koum et, datt den Drang zur Musek och no der Opléisung vun der Band nach do war. Verschidden Ännerungen a sengem Liewen hunn den Artist schliisslech op de Wee vum Hip op gefouert. Schnell war him awer kloer datt hien net op aner Leit wëll waarden an ugewise sinn. Wisou also net selwer produzéieren?

Méi einfach gesot, wéi gemaach! Och wann déi digital Era et hiergëtt, datt ee fir d’Produktioun vun engem musikalesche Wierk d’Haus net méi verloosse muss a quasi all Instrument a Beat um Computer erschafe kann, esou braucht et Ënnerstëtzung. Duerch d’Hëllef vum Kevin Blaze koum de Stanley zum „producen“, an huet spéider an Däitschland Course besicht, fir op eege Fauscht qualitativ Beats kreéieren ze kënnen. Säi grousst Idol deemools an nach haut: den Éisträicher Rapper, Sänger a Museksproduzent Left Boy.

Maach wat’s de fills

Nodeems de Stanley Quinn méi experimentell Weeër ageschloen huet, goufen an enger éischter Phas seng Wierker ënnert dem Numm Invasian verëffentlecht. Et muss ee schliisslech bësse Feedback sammelen. Dauernd op der Sich no neie Méiglechkeeten, artisteschem Wuesstem a Fortschrëtt huet hie sech schliisslech un de Rap a Songwriting eru gewot.

Dobäi ass d’Figur Stanley Quinn geschafen ginn, ee Kënschtler ouni Genre, dee mécht wat e fillt.

Um 1. Mee koum säin Album “Source & Destinatioun” eraus, wou d’Singlen “Your Kisses” a “Waves” schonn am viraus presentéiert gi sinn. Hei ginn Kreatiounen vun de leschte Joren zesummegefaasst. D’Texter sinn dobäi op Lëtzebuergesch, Däitsch oder och Englesch. Dat jéngste Wierk “Never Stop” ass um 8. Mee verëffentlecht ginn a steiert a Richtung Pop duer.

„Zudeem sinn ech och stolz op mäin Lidd “Hatt sot Nee”, wou ech op lëtzebuergesch rappen/sangen. De Clip zum Lidd ass selwer gedréit a geschnidden ginn. Vun dësem Lidd krut ech bis elo och den gréissten positiven Feedback. Et geet em eng Erfarung, déi mech schwéier beschäftegt a getraff huet. Dat ass dann dat perfekt Beispill, wie ech meng Gefiller an der Musek verschaffen“, erkläert de Stanley.

D’Zäit wärend der Pandemie huet hie genotzt fir Texter ze schreiwen a sech musikalesch virun ze entwéckelen. Gläichzäiteg dozou si Connections gemaach ginn, aner Kënschtler gepusht an ënnerstëtzt ginn.

Stanley Quinn – De Lëtzebuerger Artist ass ee Museker mat Häerz. Mat Ambitioun an Éierlechkeet knéit hie sech a seng Passioun a léist eis drun deelhuelen.

Dir fannt hien op Facebook, Instagram, YouTube, Spotify a Soundcloud.

Related topics Beat, Hatt sot Nee, Musék, Never Stop, Passioun, Rap, Replay The Best Day, Songwriter, Source & Destinatioun, Stanley Quinn, Therapie, Waves, Your Kisses
Next post Previous post