Search

You may also like

Bauprojet beim Josy Barthel – Är Meenung ass gefrot!
International Kultur Neiegkeeten

Bauprojet beim Josy Barthel – Är Meenung ass gefrot!

De Stade Josy Barthel an déi Beräicher ronderëm sollen an

De Feind am eegenen Haus
International Kultur Neiegkeeten

De Feind am eegenen Haus

Zu Paräis war et Mëttwoch an der Mëttegstonn zu enger

LL.MM. de Kinnek an d’Kinnigin vun der Belsch zu Lëtzebuerg
International Kultur Neiegkeeten

LL.MM. de Kinnek an d’Kinnigin vun der Belsch zu Lëtzebuerg

Um haitege Moie sinn LL.MM. de Kinnek an d’Kinnigin vun

T’ass de 4. Mee – Zäit d’Laserschwäert auszepaken!

T’ass de 4. Mee – Zäit d’Laserschwäert auszepaken!

Den George Lucas huet d’Welt ronderëm d’Jedi-Ritter an déi donkel Muecht geschafen, Millioune Fans liewen d’Filmreih mat vollem Häerzen aus. Um haitege 4. Mee gëtt dofir weltwäit de grousse Star Wars Dag gefeiert. D’Muecht sief mat Iech!

Esou richteg Kloerheet, wisou grad haut den internationale Star Wars Dag gefeiert gëtt, kritt een eréischt, wann ee sech déi englesch Versioun vun engem, vun de bekanntste Sätz aus engem Film u kuckt. Nee, an dësem Fall handelt et sech net ëm „Luke, I am your father“, mee ëm „May the force be with you“. Ma, dat klengt jo bal wéi „May the fourth be with you“ – also Mee de Véierten sief mat Iech… nee, loosse mir dat léiwer mat der Iwwersetzung.

Wahrscheinlech géifen haut grouss Eventer stattfannen, fir de Kampf tëscht Gutt a Béis an engem fiktiven Universum ze zelebréieren. Eng donkel Muecht hënnert eis dorun: Covid-19. Et gëllt also, sech doheem mat Popcorn virun d’Télé ze setzen an Krich vun de Stären, Attack vun de Klonkrieger oder och De leschte Jedi ze kucken (eigentlech wollte mir déi Saach ma der Iwwersetzung dach si loossen? Wéi inkonsequent).

Ongebrachenen Erfolleg

Déi epesch Saga duerft 1977 seng Premiere feieren. Dem Regisseur George Lucas säi Wierk ass dobäi direkt ënnert de Plafong geschoss, an och haut, iwwer 40 Joer méi spéit, hält d’Begeeschterung net op. Star Wars ass eent vun den erfollegräichste Wierker, déi jeemools kreéiert gi sinn.

Dobäi ass de Saz „May the Fourth be with you“ déi éischt Kéier an der Politik gefall. Et war nämlech d’Margaret Thatcher, déi esou um 4. Mee 1979 hir nei Tâche als britesch Premierministesch kommentéiert a gefeiert huet. Un der Ausso hu wuel vill Leit Gefale fonnt.

Trotzdeem huet et eng Zäit gedauert, bis et zum éischten offizielle Star Wars Dag komme konnt. Deen huet nämlech haut virun 19 Joer am Toronto Underground Cinema stattfonnt. D’Evenement huet dobäi net nëmmen aus engem Film-Marathon, mee och aus engem Concours fir de beschte Kostüm bestanen.

An dësem Kader bitt Star Wars haut eng Reih Aktivitéiten un, déi ganz einfach Doheem fir Begeeschterung suergen. Vu lëschtege Iddien fir säin Iessen ze zerwéieren, iwwert krativ Bastelvirschléi oder och Quizzen dierft haut kengem langweileg ginn.

Star Wars

Kylo Ren Onigiri oder dach éischter Porg Gromperen? Fonnt op starwars.com.

Ob eleng Doheem mam Laserschwäert virum Laptop, Jedi-Party mat de Familljememberen, respektiv dem Partner – ganz no de Reegele vum Confinement natierlech – oder och Mat Darth-Vader-Mask beim Spadséiergank, de 4. Mee sollt als Fan gefeiert ginn! Wat ass bei Iech geplangt?

Opmaacherbild: © John Moeses Bauan / Unsplash

Related topics Aktiounsdag, Film Marathon, George Lucas, Jedi, Kylo Ren, Margareth Thatcher, May the fourth be with you, Porg, Saga, Science Fiction, Star Wars Dag
Next post Previous post