Search

You may also like

Editorial: Kuck un de Béifchen- huet dach allen den Dicks gebéit
Neiegkeeten

Editorial: Kuck un de Béifchen- huet dach allen den Dicks gebéit

Se hu gewielt d‘Männer a Fraen aus de Bierger, an

Phas 2: Eng weider Chance fir sech impfen ze loossen
Neiegkeeten

Phas 2: Eng weider Chance fir sech impfen ze loossen

Déi zweet Phas vun der Lëtzebuerger Impfstrategie geet lues awer

money
EU-Kommissioun kënnegt neie Budget un
Neiegkeeten

EU-Kommissioun kënnegt neie Budget un

Déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitär Kris ass net

Gëtt d’Stäreplaz zu enger Luxusplaz?

Pläng vun der ADIA suerge fir Opreegung

Gëtt d’Stäreplaz zu enger Luxusplaz?

Doriwwer sinn déi Lénk an der Stad guer net frou: Luxuswunnenge sollen elo an der Stad op der Stäreplaz gebaut ginn. Dobäi berifft sech d’Partei op Informatioune vu Wort.lu. D’Abu Dhabi Investment Authority (ADIA) soll laut dëser Quell déi ursprénglech Pläng fir hier Terrainen op dëser Plaz iwwerduecht hunn. Esou wëllen se elo op Luxusappartementer setzen, déi se zu engem lukrativem Präis weider vermidde kënnen. Laut déi lénk Stad kéint dat esouguer seng Auswierkungen op den Tram hunn.

déi Lénk Stad wëllen, datt Wunnraum geschaf gëtt, dee fir Leit aus alle soziale Schichten ze kréien ass. Si wéilten Quartieren, wou et eng grouss sozial Mixitéit gëtt. Dëst inklusiv engem ëffentlechem Raum a Geschäfter, déi net all ze wäit ewech sinn.

“Ghetto fir Finanzflüchtlingen”

Datt d’ADIA elo higeet an hei e Projet ukierpt, dee souguer vun hinnen als spekulativ bezeechent gëtt, passt an dës Virstellung net eran. Si schwätzen esouguer vun engem “Ghetto fir Finanzflüchtlingen à ‘Cadres supérieurs de passage'”. Esou gëtt weider betount, datt een d’Entwécklung vun der Stad net private Promoteure sollt iwwerloossen. Si fuerderen de Schäfferot op, dës Propose ze refuséieren. Ebenfalls sollt eng Enteegnung “pour cause d’utilité publique” vun dëse Parzelle geschéien.

D’ADIA gehéiert direkt den Vereenegten Arabeschen Emirater. Esou fënnt een ganz uewen un der Spëtzt vun dëser Organisatioun de President vun de Vereenegten Arabeschen Emirater, den Sheikh Khalifa bin Zayed Al Nahyan

Related topics déi lénk, Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg, Wunnengsmaart
Next post Previous post