Search

You may also like

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi
Erkläert

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi

Et si gutt Noriichten, déi Eurostat bréngt: An den Euro-Länner

Europawahlen: Är Stëmm fir de Klimaschutz
Erkläert

Europawahlen: Är Stëmm fir de Klimaschutz

E Sonndeg fannen d‘Wahle fir d‘Europaparlament statt. Op dësem Dag

Vulkanausbroch op Java
Erkläert

Vulkanausbroch op Java

Op der indonesescher Insel Java ass de Merapi ausgebrach –

Stäreschnäizen um Himmel, d’Perseiden erkläert

Stäreschnäizen um Himmel, d’Perseiden erkläert

Si goufe scho virun 2.000 Joer am ostasiatesche Raum beuecht, mee och an Europa sinn se eppes méi laang bekannt. Riets ass vun de Perseiden, d‘Iwwerreschter vum Koméit 109P/Swift-Tuutle.

Deen zu Recht bekannte Spektakel um Nuetshimmel, deen ëmmer am August ze gesinn ass, erreecht an der Nuecht vum 12. op den 13. August säin Héichpunkt. D‘Perseiden – och Laurentiustréine genannt – dat sinn Stëbskär grouss Brochstécker vum genannte Koméit. Si befannen sech dann och a senger Ëmlafbunn, a bilden ee sougenannte Meteorstroum.

60 Kilometer an der Sekonn

De Koméit selwer ëmkreest d‘Sonn all 133 Joer. D‘Äerd kräizt op hirem Wee ëm d‘Sonn, d‘Ëmlafbunne vun de Koméitereschter. Déi fléie mat enger Geschwindegkeet vu 60 Kilometer an der Sekonn duerch d‘Äerdatmosphär. Hei ioniséieren se opgrond vun der Reiwung vun de Loftmoleküllen laanscht d‘Fluchbunn. Wéi hell se liichten, hänkt dann awer vun hirer gréisst of.

Grouss Stécker kënnen däitlech méi hell, wéi déi hellste Stären um Nuetshimmel erschéngen an zéien en opfällege Schwäif hannert sech hir. Schonn ab dem 10. August trieden dës Stäreschnäize verstäerkt op. 1835 hat de belsche Mathematiker Adolphe Quételet drop opmierksam gemaach, datt de Phänomen ëmmer am August stattfënnt. Vun do un ass drop opgepasst ginn an d‘Stäreschnäize goufe gezielt.

Ass den Himmel schéi kloer, da kann een dëse Spektakel eigentlech tëscht dem 17. Juli an dem 24. August gesinn. Den August gëtt dann och als Stäreschnäize-Mount bezeechent. Am stäerksten awer ass den Effet tëscht dem 10. an dem 14. August. Da verglousen honnerte Perseiden-Stëpskären an onser Atmosphär.

Am beschte sinn ze gesinn an de fréie Moiesstonnen tëscht 1:00 a 4:00 Auer  ze gesinn. Fir de Beobachter, deen sech zu deem Ament op der Äerd am Beräich vun der gréissten Unzuel u Brochstécker befënnt, sinn déi meeschte Stäreschnäizen ze gesinn. Wa keng Wolleken um Himmel sinn ass et méiglech bis zu honnert där Stäreschnäizen an der Stonn ze gesinn. Wien wëll kann sech dann all 30 Sekonnen eppes wënschen.

Quell: NASA

Foto: NASA

Related topics Weltraum
Next post Previous post