Search

You may also like

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vum 28. Juli bis den 9. August 2020
Business Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vum 28. Juli bis den 9. August 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

Riseg Pëtrolsquell am Iran entdeckt
Business Neiegkeeten

Riseg Pëtrolsquell am Iran entdeckt

Eng Pëtrolsquell mat engem Potenzial vu geschätzt 53 Milliarde Barrel,

Cargolux – keen Transport vu Schanke vu Léiwen!
Business Neiegkeeten

Cargolux – keen Transport vu Schanke vu Léiwen!

Säit engem gudde Joerzéngt ass den Trafic un déierreschen Trophäe

Déi lëtzebuergesch Start-up „Giftable“ lancéiert seng mobil Applikatioun

Déi lëtzebuergesch Start-up „Giftable“ lancéiert seng mobil Applikatioun

Giftable ass eng nei Start-up, déi vun engem jonken an dynameschen Team gegrënnt gouf a sech wënscht, datt sech besonnesch an dëser schwéierer Zäit Gemeinschafte fannen. Esou solle lokal Entreprisen ënnerstëtzt ginn.

Den Entrepreneur Michel Hoffmann huet dës Start-up gegrënnt. Elo bréngt hien seng nei mobil Applikatioun op de Marché. Domat soll d’Verschécke vu Geschenker sou einfach wéi méiglech gemaach ginn – esou einfach wéi een SMS.

„Alles an dëser ‚Spillorientéierter‘ Applikatioun dréit sech ëm d’Frëndlechkeet an d’Schafe vun enger Gemeinschaft vu Wueltäter. D’Kreativitéit gemëscht mam Schenke schaaft echt Verbindungen an eng beispilllos Intimitéit”, esou de jonken Entrepreneur, dee betount: “Et muss een nëmmen een Beneficiaire auswielen, eng Erfarung déi een deele wëll an eng personaliséiert Noriicht bäifügen, wann ee wëll.”

Wann de Beneficiaire d‘Applikatioun nach net notzt, kritt hien en SMS an deem en informéiert gëtt, datt e Kaddo (Giftable) fir en agaangen ass. Zousätzlech gëtt nach eng Konversatioun mam Ofsender erstallt. Nom Erofluede vun der Applikatioun kann den Empfänger zu engem vun de Partnergeschäfter goen a seng „Erfarunge“ sammelen, andeems hien säi QR-Code ascannt.

Giftable huet zur Zäit méi wéi 60 Partner a sengem Netzwierk – mat méi wéi 150 Sammelstellen an enger Auswiel vun méi wéi 270 Erliefnisser. Eroflueden an Benotze vu Giftable ass fir Benotzer a Parter gratis, déi keng Installatioun- an Abonnementskäschten hunn. D‘Partner profitéiere vun enger digitaler Maartplaz, déi 24/24 op ass. Ëmmer méi Partner, nei Clienten an eng erhéichte Loyalitéit erméiglechen eng echt Erfarung bei der Uwendung vun der digitaler Kaddosiwwerreechung.

Ënnerstëtzt vum Netzwierk „Luxembourg Business Angels“ bitt dës nei Start-up e lëschtegen an innovative Wee fir no bei Frënn a Famill ze bleiwen, wärend zäitgläich lokal Geschäfter wärend dëse schwéiere Pandemie-Zäiten ënnerstëtzt ginn.

“No e puer intensive Méint mat Ausschaffe vun Iddien, Maartstudien a Validéierungen am Joer 2019 hunn mir eis awer dozou entschloss, Giftable wärend der COVID19-Pandemie ze starten, well mir dovun iwwerzeegt sinn, datt grad elo d’Frëndlechkeet an Generositéit an eiser Gesellschaft am kriteschsten an am wichtegste sinn”, erläutert de Michel Hoffmann, d‘entwécklung vun de leschte Méint. 

Haut huet d’Firma 7 jonk Profie mat verschiddenen Hannergrënn. “D’Equipp huet déi verstoppte Méiglechkeete vun dëser Kris séier erkannt. Giftable ass en digitale Kuss, mat deem Dir Äre Léifste kënnt weisen, datt Dir trotz der sozialer Distanzéierung an de verstäerkte Gesondheetsmoossnamen ëmmer un si denkt”, seet d’Melody Le Roy, Produktmanagerin bei Giftable.

Ugesiichts dem Wuesstem vun der Notzerbasis säit der Aféierung Enn September 2020, ass Giftable prett, 2021 nei Mäert an Ugrëff ze huelen. D’Ambitioune sinn grouss an den Horizont ass favorabel. Mir wäerten dës Firma op de richtege Wee bréngen, andeems mir nei Talenter astellen, déi bescht Partner gewannen, eis Notzerbasis sécheren an d’Produkt kontinuéierlech verbesseren”, esou de Michel Hoffmann

D’Equipp ass zouversiichtlech, datt Giftable d’Saache verännert – an och eis Aart wéi mir eis Handye benotze fir mat deenen ze kommunizéieren a verbonnen ze bleiwen déi mir gär hunn a schätzen. Andeems een d’Welt verännert, gëtt ee gläichzäiteg beschenkt. 

Related topics Applikatioun, Freed schenken, Giftable, Kaddo, Start-up
Next post Previous post