Search

You may also like

58. Biennale vu Venedeg – Konscht mat Mënsch a Mier fir Lëtzebuerg!
Neiegkeeten

58. Biennale vu Venedeg – Konscht mat Mënsch a Mier fir Lëtzebuerg!

Um vergaangenen Donneschdeg huet eis Kulturministesch Sam Tanson d’Rees op

US-Medie behaapten den Iran hätt wëllen e briteschen Tanker kaperen
Neiegkeeten

US-Medie behaapten den Iran hätt wëllen e briteschen Tanker kaperen

Esouwuel dem US-President säin Haussender Fox-News wéi och CNN hu

Verlängerung vun de sanitäre Mesure fir d‘Loftfaart
Neiegkeeten

Verlängerung vun de sanitäre Mesure fir d‘Loftfaart

Vu datt sech d‘Lag op der Covid19-Front net entspaant, hunn

STATEC: D‘Konjunktur fluppt an d‘Grenzgänger fannen Aarbechtsplazen

STATEC: D‘Konjunktur fluppt an d‘Grenzgänger fannen Aarbechtsplazen

De STATEC huet en Dënschdeg déi nei Zuele vum Aarbechtsmaart virgeluecht, an et gëtt vill Interessantes aus dem Rapport ze enthuelen. Esou haten zum 31. Dezember 2018 zu Lëtzebuerg alles an allem 421.826 Leit eng Aarbecht. Dovunner waren 191.998 Salariéeë sougenannt Grenzgänger. Zuelen déi awer stänneg mussen aktualiséiert ginn, well d‘Land „wiisst“ rasant.

Zumindest wat d‘Offer um Aarbechtsmaart betrëfft, ass de Wuesstem onverkennbar. Bis Mee vun dësem Joer, ass d‘Zuel vun de Frontalieren op 205.592 geklommen. Zuel vun den Aarbechter an Employéeën aus dem Grenzgebitt ass dann och däitlech méi séier geklomme wéi. D‘Frontaliere weisen eng Progressioun vu 5,6% op, während d‘Residente e Plus vun 2,8% verzeechnen.

Déi dynameschst Secteuren si weiderhin de Bau a sougenannt „ënnerstëtzend Aktivitéiten“. Eppes iwwert e Véierel vun den Aarbechtsplaze sinn hei vertrueden. Déi meescht Leit awer, esou de STATEC, schaffen am Secteur vum Handel, Logistik a Horesca. Hei sinn 97.589 Leit beschäftegt, datt ass eng Progressioun vu +3,6% an engem Joer, an d‘Tendenz bleift steigend.

Related topics Aarbechtsmaart, Frontalieren, Grenzgänger, Statec
Next post Previous post