Search

You may also like

De Kampf ëm Venezuela: Hëllefsgidder fir Dissidenten
Money Neiegkeeten

De Kampf ëm Venezuela: Hëllefsgidder fir Dissidenten

De selwer ernannten Interimspresident Juan Guaido huet e clevere Schachzuch

Katalounien: heftegt Geklapps op de Stroossen a Generalstreik
Money Neiegkeeten

Katalounien: heftegt Geklapps op de Stroossen a Generalstreik

De Protest géint dat „politescht“ Uerteel vum ieweschte Geriichtshaff zu

D‘Odile Linden erhält den Europäesche Biergerpräis 2018
Money Neiegkeeten

D‘Odile Linden erhält den Europäesche Biergerpräis 2018

D‘Odile Linden, fréier Enseignante aus dem Lycée Aline Mayrisch, huet

money

De STATEC huet ee Rass an der Kristallkugel

De STATEC huet ee Rass an der Kristallkugel

Déi sougenannten Experte vum nationale statisteschen Déngscht (STATEC) hunn ee schwéiere Stand, an dat net eréischt zanter der Covid19-Pandemie a der unhänglecher Wirtschaftskris. Dat hëlleft allerdéngs net, well et gëtt jo awer vun dëse Mënschen erwaart, datt si Previsioune virleeën, déi gefällegst ee positiven Touch enthale sollen.

Um Méindeg, huet et dann och eng entspriechend „gutt Nouvelle“, laut den Zuelenakrobate steet sech eist Ländche ganz gutt do: esou wier de Wirtschaftswuesstem net esou dramatesch Réckleefeg, wéi dat befiercht gouf. Esou hat ee mat engem Abroch tëscht 3,5% a 4,5% gerechent, mee un Enn waren et fir d‘Covid19-Joer, dann awer „nëmmen“ 1,5% ëm déi de Wuesstem zeréckgaangen ass.

Aus dem Communiqué geet awer och ervir, datt hir héich sollicitéiert Kristallkugel – méiglech ass och datt si den Update vu Win98 nach net zougestallt kruten – en zolitte Rass wärend der Kris erlidden huet. Et géif, esou de STATEC, vill ze vill Ongewëssheeten, an et kéimen all Dag neier derbäi. Dat zwéngt den nationale statisteschen Déngscht, sech nei Methoden zouzeleeën.

Gemengt ass domat, datt ee sech mat verschiddene Simulatioune gläichzäiteg muss beschäftegen, déi sech dann och u méiglechen Entwécklunge vun der sanitärer Kris soll orientéieren. Do kënnt de STATEC natierlech séier u seng natierlech Grenzen. A well komplizéiert net genuch ass, erwaart déi héich Politik vun de Wirtschaftsastrologen, datt si Zouversiicht ausstralen an de Leit Mutt maachen.

Si liwwere wat bestallt gëtt

Am Kontext vun dësen Zeenarien, geet et duer de Mëttelwäert ze ermëttelen. Dee wier fantastesch, gemooss un der Tatsaach, datt de BIP fir 2021/2022 ëm 4% an d‘Luucht geet, fir sech dann uschléissend op ee jäerleche Plus vun 2,5% anzependelen. Et profitéiert natierlech net jiddereen d‘Selwecht, mee de STATEC weess, wéi eng Acteuren sech besser, als méi séier, erkréie wäerten.

Dat ass interessanterweis d‘Finanzplaz, wou den Ament ee Sozialplang deen anere jot, an et kloer ëm „Restrukturatioune“ geet, déi esou absolutt näischt mat der Covid19-Pandemie ze dinn hunn. Dës Erkenntnis erzwéngt awer och d‘Ausso, datt den Aarbechtsmaart 2021 sech net wäert erhuele kënnen. Nei Aarbechtsplaze gëtt also eréischt 2020? D‘Orakel vum Findel mengen dat jiddefalls.

Fir dëst Joer gesinn se beim STATEC ee Wuesstem vum Aarbechtsmaart ëm déi 1,7% an ab 2022 sollt een da bei +2,8% leien. Kléngt op den éischte Bléck net verkéiert, wäert awer kaum duergoe fir d‘Mass un de Leit, déi an d‘Aarbechtslosegkeet gedriwwe goufen, opzefänken. Mee mir sinn net „déi aner“ a 7% Chômage an de Joren 2023/24, sollt d‘Land verkraafte kënnen, mengt de STATEC.

Et gëtt un der Inflatiounsschrauw gedréit

Well et insgesamt net wierklech gutt ausgesäit, et dann awer nees „Changementer“ huet, hu se beim STATEC en Inflatiounstaux vun 1,7% ausgerechent. Dat dierft hinnen net schwéier gefall sinn, well d‘Pëtrolspräisser um Weltmaart zéien nees un, an dem Energieminister seng CO²-Steier dréckt och op de Portmonnie. Déi gouf dann och intelligenterweis neutraliséiert an aus dem Wuerekuerf geholl.

Dat heescht dann awer, datt en Index fréistens fir 2022 ze erwaarden ass, vu datt d‘Inflatioun 2% iwwerschreide muss. Zu den Zeenarien: ugeholl am 2. Semester wier den Albdram eriwwer, da kéint ee vun engem BIP-Wuesstem vu +7,1% ausgoen; bleift allerdéngs dëst Joer wéi et ass, géif de BIP 0,5% verléieren. Dat heescht dann awer och, datt et nees méi Aarbechtslosegkeet am Land gëtt.

Kuerz a knapp resuméiert: eigentlech hu se beim STATEC (seng Prognose berouen op den Date vun Oxford Economics) absolutt kee Schimmer wat op eis duer kënnt. Mat vill verschidden Zeenarien awer kann zumindest behaapt ginn, et hätt een all Eventualitéit berécksiichtegt.

Illustratioun: Gerd Altman / pixabay

Related topics BIP, Indextranche, Inflatioun, Prognosen, Statec, Zeenarien
Next post Previous post