Search

You may also like

Editorial: Ee President op Steroiden
Neiegkeeten

Editorial: Ee President op Steroiden

Hie gesäit sech selwer – seng Fans iwwregens och –

NATO: ee Bündnis mat Zukunft?
Neiegkeeten

NATO: ee Bündnis mat Zukunft?

Déi nordatlantesch Verdeedegungsallianz, an där sech esou grouss Demokratie wéi

Shutdown: Dem FBI geet de Goss aus
Neiegkeeten

Shutdown: Dem FBI geet de Goss aus

De Shutdown geet a seng fënneft Woch an esou lues

STATEC: 5,8% méi Stierffäll, wéi erwaart

STATEC: 5,8% méi Stierffäll, wéi erwaart

Am vergaangene Joer goufen am Ganze 4.609 Stierffäll verzeechent. Op Basis vun den Erfarungen vun de leschte Joren hat de STATEC mat 4.356 Doudege gerechent, gëtt awer elo am Verglach zu 2019 mat engem Plus vun 326 Stierffäll konfrontéiert. Besonnesch Männer a Persounen iwwer 75 Joer ware betraff.

Ier et iwwerhaapt zum éischte Covid-Doudege komm ass, hate sech d’Zuelen eigentlech verbessert. De Wanter war mëll an huet keng richteg Grippe-Saison mat sech bruecht. Esou sinn tëscht Januar a Mëtt Mäerz „just“ 899 Doudesfäll ze verzeechnen. 2018 goufe fir dësen Zäitraum 1.072, an 2019 ganzer 966 Stierffäll opgezeechent.

Ab der éischter Persoun, déi mat oder u Covid-19 gestuerwen ass, si bis Enn Dezember 3.749 Stierffäll gezielt ginn. Dat sinn der 249 méi, wéi an der selwechter Period 2019. Besonnesch am November an Dezember hunn d’Zuele vun de generellen Doudesfäll hiren Héchstwäert erreecht mat 525, respektiv 493 Doudegen.

Medezinesch Fortschrëtter hunn et méiglech gemaach, datt de Mënsch méi laang lieft. Laut den Opzeechnunge vun dësem Joerhonnert sinn d’Stierffäll bal konsequent erofgaangen. Esou musse mir bis an d’Joer 2010 zeréckgoen, fir op en ähnlech héije Mortalitéitstaux ze kommen – dee läit fir 2020 bei 7,3% a setzt d’Doudesfäll mat der duerchschnëttlecher Populatioun vum Joer an e Kontext. Ma, wier d’Grippewell komm, hätten méi héich Zuele kënne verzeechent ginn.

STATEC zur Stierflechkeet

D’Liewenserwaardung ass liicht erofgaangen

No de Statistike vun 2020 louch d’Liewenserwaardung fir Fraen bei 85,3 Joer (-0,7 Joer), fir Männer bei 80,1 Joer (-0,3 Joer). Dobäi geet de STATEC dovunner aus, datt d’Liewenserwaardung ouni Pandemie liicht geklomme wier.

STATEC zur Stierflechkeet

Wärend der éischter Well (Mäerz bis Mee 2020) eng Baisse vun der Stierflechkeet constatéiert ginn ass – dës ass nämlech bei den 20 bis 49 Järegen ëm 14,6% a bei de 60 bis 69 Järegen ëm 5,6% erofgaangen – gouf bei der zweeter Well (Oktober bis Dezember 2020) genee de Contraire bemierkt.

STATEC zur Stierflechkeet

Am Verglach zu de leschte Joren gouf besonnesch ab dem Alter vun 90 Joer eng Hausse bei der Stierflechkeet bemierkt. Esou sinn am leschte Joer 16,1 % vun den 90 bis 94 Järege gestuerwen ( 2017 an 2019 waren et 14%) a bei den 95 bis 99 Järegen ass dës Zuel vu 4,1% op 5% eropgaangen. Mat 35% weisen déi 80 bis 89 Järeg den héchste Wäert an der Statistik op.

Méi Doudeger wéi erwaart

Ouni sanitär Kris hätt de STATEC mat 4.356 Stierffäll gerechent. Fir d’Berechnung goufen d’Zuele vun de leschte Joren gekuckt a mat der Wahrscheinlechkeet jee no Alter a Geschlecht ze stierwen verrechent. Soumat gëtt elo vun eng Iwwerstierflechkeet vu 5,8% geschwat. Schliisslech goufen 253 Doudesfäll méi gezielt, wéi erwaart.

Ma, grad ab dem Alter vu 75 Joer hat e sech verschat.

STATEC zur Stierflechkeet

E kuerze Bléck op dëst Joer

Am ganzen éischten Trimester 2021 sinn 1.223 Doudeger gezielt ginn. Si ënnerdeele sech an 440 am Januar, 362 am Februar, 421 am Mäerz. Generell stellt de STATEC fest, datt d’Stierffäll par Rapport zu dëser Period 2020 ëm 8,7% geklomme sinn, mee awer nach ënnert den Zuele vun 2018 leien.

Dobäi sollt een och berécksiichtegen, datt d’Populatioun ëm 1,4% gewuess ass. D’Altersmoyenne bei 80,6 fir Fraen an 74,9% fir Männer.

Opmaacherbild: © Tanalee Youngblood / unsplash

Related topics Altersmoyenne, Doudesfäll, éischt Well, Populatioun, Sanitär Kris, Statec, Stierffäll, Stierflechkeet
Next post Previous post