Search

You may also like

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)
Neiegkeeten

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)

Fir de fréieren Député-Maire vun Déifferdeng waren déi lescht puer

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs
Neiegkeeten

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs

Dem Mahmoud Abbas, President vu Palestina, geet de Beholl an

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill
Neiegkeeten

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill

Ufank Dezember ass d’Komedie „100 Dinge“ vum a mam Florian

STATEC-Etüd: D’Wuelergoen huet wärend dem Confinement gelidden

STATEC-Etüd: D’Wuelergoen huet wärend dem Confinement gelidden

De STATEC huet haut d’Resultater vu senger Etüd zum Wuelergoe vun de Lëtzebuerger Residenten wärend dem Confinement verëffentlecht. Dobäi geet kloer ervir, datt all 10te Befroten negativ Effekter op seng physesch Gesondheet verspuert, 1 vu 5 Residenten sech méi eleng wéi soss gefillt an een Drëttel vun de Participanten duerch Onsécherheete geplot war.

Net nëmmen eng eventuell Reduktioun vum Akommes, mee och d’Erofschrauwe vun de soziale Kontakter an d’Aschränkungen am ëffentleche Raum hunn um Wuelergoe vun de Residenten gekraazt. Ganzer 39,8 % vun de Befroten hu fir d’Period tëscht Januar a Mäerz 2020, an 38,6 % tëscht Abrëll a Juni 2020 geäntwert, datt si sech méi eleng fille wéi soss (15% fir d’Joer 2018). Wärend um Ufank vum Confinement sech souguer 21,2 % vun de Residenten vill méi eleng wéi soss gespuert hunn, sinn dës Zuelen bis Juni just bis op 18,9 % erofgaangen. Am Verglach dozou louch een virun 2 Joer bei tëscht 1,4 an 3,3 %.

Wuelergoen

Wat de STATEC nach a sengem Rapport festgehalen huet, ass, datt virun allem Persounen ënnert 35 Joer, Männer a Persounen, déi duerch hiert Akommes defavoriséiert sinn, sou wéi och Studenten haaptsächlech vun Einsamkeet betraff gewiescht.

Wuelergoen

Bleiwe mir beim Thema Suen, esou gëtt ervirgehuewen, datt 2019 een Erwuessenen am Duerchschnëtt e verfügbart mediaant Akommes vun 3.007 € pro Mount zur Verfügung hat. Duerch de Lockdown hu 16 % vun de Residenten e méi klenge Salaire erhalen. Besonnesch betraff waren déi Secteuren, déi eigentlech déi héchste Fraisen droen (Restauratioun, Hotellerie, Commerce, Konstruktioun). Och ob Fraen a Jugendlech hat de Confinement beim Akommes en negativen Impakt. Datt de finanziellen Aspekt an d’Wuelergoen awer net onbedéngt zesumme gehéieren, gëtt gläich nach emol méi genee erkläert.

D’Liewensfreed huet gelidden

Fir déi éischt Woche vum Confinement huet 1 vu 4 Befroten uginn, datt säi Liewen manner zefriddestellend ass wéi normalerweis, an dëst Resultat ass onofhängeg vum Geschlecht. All 5. Persoun ass guer net zefridden. D’Frae schénge sech allerdéngs wärend der Zäit vum Lockdown e bëssen erholl ze hunn: Vum Ufank vum Confinement bis zum Enn hin ass d’Zefriddenheet nees ëm 4 % geklommen.

Wuelergoen

Dobäi hat een zu Lëtzebuerg eigentlech am leschte Joer den Niveau vum Wuelergoen op de selwechten Héchstniveau wéi zu Lescht 2010 brénge kënnen.

De sougenannte PIBien-être, mat deem d’Wuelergoe vun de Residente berechent gëtt, streckt sech iwwert 11 Dimensiounen, dorënner beispillsweis d’Aarbecht, de Logement, d’Gesondheet, den Equiliber tëscht Privat- a Beruffsliewen, Ëmwelt oder och déi physesch Sécherheet. Dës Dimensioune bezéie sech op 63 Indicateuren, déi fir een exakt a vertrauenswierdegt Resultat suerge sollen.

Wien elo denkt, datt Wuelergoe just duerch finanzielle Wuelstand ervir gëtt, deen täuscht sech. Beim Rapport huet de STATEC nämlech de PIBien-être mat der Analys vum Luxembourg Index of Well-Being (LIW) verglach. Do gouf nämlech festgestallt, datt ab 2011, also 3 Joer no der Finanzkris, d’Wuelergoen eréischt erofgaangen ass. Den niddregsten Niveau gouf 2013 erreecht, d’Zuele sinn duerno awer nees geklommen. Ab 2018 konnt ee sech nees dem Niveau vun 2010 unnäheren, wat dann och 2019 esou bliwwen ass. Et goung de Lëtzebuerger gutt.

Dobäi kënnt, datt d’Residenten ab 2016 hir Fräizäit nees mat deenen Aktivitéite verbruecht hunn, déi si gäre maachen, wouduerch och d’Wuelergoe geklommen ass. Am Grafik hei drënner ass donieft kloer ze gesinn, datt d’Kurve vum LIW net de selwechte Rhythmus huet, wéi de PIB/Kapp (traditionellen Indicateur fir déi ekonomesch Performance).

Wuelergoen

Mir brauche sozial Kontakter

„Jiddwereen wäert zoustëmmen, datt de Mënsch e soziaalt Wiesen ass. Mir gesinn et u senger Ofneigung géint d’Einsamkeet, sou wéi säi Wonsch no Gesellschaft, iwwert de Kader vu senger Famill hinaus“, sou sot et de briteschen Naturfuerscher an Evolutiounsbiolog Charles Darwin schonn am 19. Joerhonnert.

De Mënsch braucht einfach sozial Kontakter fir sech matzedeelen, Stress ofzebauen, Ënnerstëtzung a Verständnes ze kréien. Net nëmmen eist Gehir bleift doduerch méi fit, mir liewen och méi gesond a laang. Wéi vill sozial Kontakter ee braucht, muss dobäi all Persoun fir sech selwer entscheeden.

De kompletten an detailléierte Rapport fannt Dir HEI, déi gekierzte Versioun HEI.

Opmaacherbild: © Mitchel Lensink / Unsplash

Related topics Akommes, Confinement, Coronavirus, Covid-19, Depressioun, Einsamkeet, Eleng-sinn, Etüd, Lëtzebuerger Resident, Lockdown, Pandemie, Statec, Wuelergoen
Next post Previous post