Search

You may also like

Richtungsweisenden AfD-Kongress zu Dresden
Kultur Neiegkeeten

Richtungsweisenden AfD-Kongress zu Dresden

Fir de sougenannte Buergfridden ze erhalen, goufen um Kongress vun

Kultur-Versammlung 2020: E Bilan zum KEP an d’Erausfuerderunge fir Artisten
Kultur Neiegkeeten

Kultur-Versammlung 2020: E Bilan zum KEP an d’Erausfuerderunge fir Artisten

Gëschter huet Kulturministesch Sam Tanson an der Philharmonie en éischte

12 Méint an 12 Geschichten – D’Schwieregkeeten am soziale Beräich (Deel 4)
Kultur Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten – D’Schwieregkeeten am soziale Beräich (Deel 4)

„Autiste kënne sech der Gesellschaft net upassen“ oder „Een deen

D’Stater Braderie – Upassunge fir d’Editioun 2020

D’Stater Braderie – Upassunge fir d’Editioun 2020

Duerch déi aktuell Pandemie huet d’Stad Lëtzebuerg, zesumme mat der UCVL verschidde Moossnamen op d’Been gestallt, sou datt d’Visiteuren um Méindeg, den 31. August 2020 mat rouegem Kapp op der traditioneller Stater Braderie vun de Promotiounen an Offeren profitéiere kënnen.

Fir d’Editioun 2020 wäerte just Stänn vun den etabléierte Geschäfter an der Haaptstad ze fanne sinn. D’Droe vun der Schutzmask ass obligatoresch – souwuel fir Verkeefer, wéi och fir d’Visiteuren. An den Etablissementer mussen d’Verkeefer selwer fir de Respekt vun de sanitäre Moossname suergen.

Esou wäert um Dag vun der Stater Braderie de Verkaf vun alkoholeschem Gedrénks am ëffentleche Raum verbuede sinn. Och Iessbuden wäert een an de Verkafsstroossen keng fannen. Op e gudde Maufel an eng Erfrëschung muss een awer net komplett verzichten: Am Food Village um Knuedler (fir d’Uewerstad), respektiv an der Rue Origer (fir de Garer Quartier) gëtt fir d’Wuelergoe vum kafwëllege Visiteur gesuergt.

A Saache Mobilitéit sief gewosst, datt d’Rue Origer an d’Avenue de la Liberté fir de Verkéier gespaart wäerte sinn.

Opmaacherbild © Artificial Photography / Unsplash

Related topics Avenue de la Liberté, Food Village, Geschäfter, Knuedler, Promotioun, Rue Origer, sanitär Moossnamen, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Stater Braderie, UCVL, Verkaf
Next post Previous post