Search

You may also like

money
ArcelorMittal kuckt 2020 emol fir unzefänken an de Réckspigel
Neiegkeeten

ArcelorMittal kuckt 2020 emol fir unzefänken an de Réckspigel

Et war schonn eppes gewot den Empfang fir Neijoerschdag zu

dislike
President Paul Kagame am Ruanda erëmgewielt
Neiegkeeten

President Paul Kagame am Ruanda erëmgewielt

E Samschdeg huet d‘Bevëlkerung vum Ruanda d‘Victoire vum neien ale

money
Wat bréngt d‘Reform vum Faillittegesetz?
Neiegkeeten

Wat bréngt d‘Reform vum Faillittegesetz?

Elo läit de Gesetzestext 6539 zur Reform vun der Legislatioun

Déi 92. Editioun vun der Stater Braderie steet un!

Déi 92. Editioun vun der Stater Braderie steet un!

E Méindeg, den 30. August steet d’Stad Lëtzebuerg ganz am Zeeche vum Verkaf, Konsum an de gudde Präisser. Iwwer 200 Händler wäerten op de Stroosse vun der Uewerstad an am Garer Quartier hir Wueren ubidden. Et gëtt recommandéiert, op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen.

Vun Animatioun, iwwert Liewensmëttel, hin zu Kleedung an Accessoire wäert d’Stater Braderie nees de volle Programm ze bidden hunn, an dovunner kënne Visiteure vun 9:00 bis 19:00 Auer profitéieren.

Bleiwe mir bei „voll“, da gëllt et natierlech och sech un déi sanitär Moossnamen ze halen, wat da bedeit an ze volle Stroossen wou den Ofstand vun 2 Meter net ka garantéiert ginn, de Mond-Nues-Schutz ze droen.

Stater Braderie 2021

Mat Bus an Tram kann ee sech mëttlerweil an der Stad Lëtzebuerg ganz gutt fortbeweegen. Duerch déi verschidde Stroossen, déi e Méindeg eleng fir d’Foussgänger reservéiert sinn, kéint et a Saache Fortbeweegung a Parken nawell schwiereg ginn. Dofir sollt een, wann ee scho mam eegene Gefier kënnt, dëst op engem vun de P+R (Bouillon, Houwald, Kockelscheier, Stade) ofzestellen an dann de Bus ze huelen.

Sollt een wierklech den Auto an der Stad stationéiere wëllen, da kann ee vum Parking „Europaplaz“ um Kierchbierg a Parking „Fort Wedell“ (Garer Quartier) profitéieren, déi exzeptionell deen Dag gratis sinn. De Parking „Fort Neipperg“ (Garer Quartier) wäert Samschdes wärend 4 Stonnen, Sonndes a Méindes jeeweils eng Stonn gratis sinn.

Fir genuch Plaz fir Händler a gewëllte Clienten ze hunn, ass d’Rue Notre-Dame ab der Rue de l’Ancien Athénée fir de Verkéier gespaart. Och d’Avenue de la Liberté ass tëscht der Rue Heine an der Hollerecher Strooss vum motoriséierte Verkéier ausgeschloss. D’Deviatioun verleeft iwwert d’Avenue Marie-Thérèse an d’Route d’Esch, respektiv iwwert de Boulevard de la Pétrusse. E Plang fannt Dir HEI.

Weider Informatioune ginn et hei:

Opmaacherbild: © nakaridore – www.freepik.com

Related topics Ëffentlechen Transport, Garer Quartier, Kaf, Rue Notre-Dame, sanitär Moossnamen, Spärung, Stater Braderie, Uewerstad, Verkaf, Visiteur
Next post Previous post