Search

You may also like

dislike
Aktioun géint Riets: Eng digital Krichserklärung
Neiegkeeten Stories

Aktioun géint Riets: Eng digital Krichserklärung

Si gehéiert zu deene berüchtegtsten Lëtzebuerger Säiten op Facebook. Net

VDL: De Service Senior plënnert
Neiegkeeten Stories

VDL: De Service Senior plënnert

Vum 7. bis den 12. Januar 2021 wäert de Service

„Big Mike“ setzt ee Kappgeld aus
Neiegkeeten Stories

„Big Mike“ setzt ee Kappgeld aus

Den US-Ausseminister Mike Pompeo huet ugekënnegt, datt d‘US-Regierung jidderengem eng

Stater Gemengerot: Eng mouvementéiert Sëtzung

Wann d‘Finanzen den Haaptplat waren, esou ass de Maufel Sécherheet ville saierlech opgestouss

Stater Gemengerot: Eng mouvementéiert Sëtzung

Den Toun am Stater Gemengerot kéint een als eppes „méi rau“ ëmschreiwen, woubäi een dann awer festhale kann, datt dësen deem an der Chamber entsprécht, drolegerweis awer mat enger liicht anerer Konstellatioun. Koalitioun ass net gläich Koalitioun, och – oder vläicht grad – wëll d‘Acteure bal déi Selwecht sinn, an eng schizophren Approche zur Interessevertriedung opweisen.

Mee eent nom aneren, ëmmerhin herrsche rau Zäiten a mat all Dag dee vergeet, riskéiert sech dat ganz ëmmer weider ze verschäerfen. Gutt, deem wou d‘Finanzen net scho virun der sanitärer Kris ausgaange sinn, firwat de Finanzschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, Laurent Mosar (CSV) och fir eng „aussergewéinlech Period“ een normalen Haushalt presentéiere konnt. Woubäi einfach war dat net.

De Laurent Mosar ass awer weder Fantast, nach Hellseher. Hie gëllt als pragmatesch a besonnen, och wann d‘Rhetorik zuweile Schieter wërft. Fir et kuerz ze halen: de Finanzschäffen hält un den Investitioune fest, esou wéi se ouni Kris geplangt waren. An Zuelen ausgedréckt sinn dat 114 Milliounen Euro déi 2021 vun der Stad Lëtzebuerg fir geplangte Projete mussen opgewannt ginn.

An dat, wou de Finanzschäffe schonn dovunner ausgeet, datt déi lokal Gewerbesteier (-21%) zolidd eng bei d‘Läffele wäert kréien. Och bei de Subsiden an den Dotatiounen (-11%) gesäit et éischter grujeleg aus. De Laurent Mosar léisst keen Zweiwel dorunner, datt sech den Impakt vun dëser sanitärer Kris nach iwwer Jore wäert am Budget vun der Stad Lëtzebuerg wäert novollzéie loossen.

De Budgetsrapporter, Paul Radoux (DP) huet sengersäits drop higewisen, datt d‘Haaptstad an der glécklecher Lag ass, op staark Finanzen zeréckblécken ze kënnen. Si hunn also dee berühmten Apel fir den Duuscht, vun deem oft riets geet. Et ass jo richteg, datt déi Stater ëmmer Récklage gemaach hunn. Dat geet nëmmen dann, wann een eppes huet wat een zréckleeë kann. Just fir komplett ze sinn.

Keng onendlech Reserven

Mee, esou de Rapporter, et ass net well ee sech op gesond Finanze beruffe kann, datt déi onendlech wieren. Wat sech d‘Kris méi laang hinzitt, wat och d‘Reserve méi a Matleedschaft geroden, an esou net auszeschléissen ass, datt Projete mussen zäitlech versat ginn. De Finanzschäffe plaidéiert, wann d‘Ziler sollen agehale ginn, fir d‘Ëmstellen op een nohaltege Wuesstem. Dat kléngt no engem „Plang“.

Fir den Ament geet et awer prioritär drëms d‘Kris iwwerwonnen ze kréien. Et ass och rechneresch méiglech, sollt et sech als noutwenneg erweisen, de lokale Geschäftsleit nach emol finanziell eppes entgéint ze kommen. Wéi grouss de Sputt do ass? Dat goung aus den Ausféierunge vu gëschter net ervir, mee d‘Recette si vun erwaarten 860 Milliounen op 768 Milliounen Euro zeréckgaangen.

Do ass erwisenermoossen ee grouss Lach entstanen an eigentlech verhält et sech esou, datt déi previsionnel Einnamen iwwert den Iwwerschoss bei de geduechten Ausgaben eppes ausgeglach kënne ginn. Fir 2020 waren d‘Depensen op 596 Millioune geschat ginn, tatsächlech huet d‘Stad Lëtzebuerg 595,9 Milliounen Euro ausginn. Intressant: beim Extraordinäre Budget ass et ëmgekéiert.

Hei war eng Recette vu ronn 80 Milliounen erwaart ginn, 86 Milliounen Euro sinn ageholl ginn. Bei den Ausgaben ass et änlech: hei gouf dovunner ausgaangen, datt een 427 Millioune géif ausginn, an et waren der just 377, wouduerch en Excedent an Héicht vu 50 Millioune bleift. Kléngt gutt, ass awer ze relativiséieren, well géintiwwer dem geplangten Haushalt, läit Differenz bei 35 Milliounen.

Dat bedeit, datt den Defizit 2020 bei 291,1 Milliounen Euro geleeën ass, och wann de generellen Defizit mat 118,3 Milliounen nach iwwersiichtlech bleift. Fir dat anert Joer si Recetten an Héicht vun 801,8 Milliounen agesat ginn, bei den Ausgabe sti 622,9 Milliounen am Budget. Dat wier en Excedent vun 178,8 Milliounen. Dat emol fir den ordinären Haushalt vun der Stad Lëtzebuerg.

Beim extraordinäre Budget erhofft e sech Recetten an Héicht vu 86,8 Milliounen, woubäi et bei den Ausgabe scho 622,9 Milliounen Euro sinn. Esou géif 2021 mat engem Defizit vu 421 Milliounen am extraordinäre Budget ofschléissen. De generellen Defizit klëmmt hei op 156 Milliounen. 2021, esou de Budgetsrapporter géif d‘Stad de Kap vun 1 Milliard Euro Ausgaben iwwerschreiden.

An du gouf den Toun gehuewen…

Wann de Budget nach a Rou konnt traitéiert ginn, esou war den Toun, eppes méi grenzwäerteg ginn, wéi d‘Gemengeréit vun der Oppositioun d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) mat hire Froen zum Asaz vun de „schwaarze Sheriffer“ am Garer Quartier drangsaléiert hunn. Säitens der LSAP gouf de Virworf erhuewen, datt dës Mesure net am Virfeld am Gemengerot berode ginn ass.

Déi gréng hunn op de Standpunkt an d‘Aussoe vum Minister fir bannenzeg Sécherheet verwisen, dee jo och éischter „géint“ dës Moossnam ass. Dat wuel an éischter Linn, well et net wierklech eng legal Basis fir dësen Asaz huet. déi lénk hate fréi alertéiert, a wollte vun der Buergermeeschtesch wëssen, wéi eng Roll dës Sécherheetsagente spillen, an ob dës mat Waffen ausstafféiert wieren.

Elo ass et net esou einfach d‘Lydie Polfer aus der Rou ze bréngen, si weess sech mam politeschen Dissens ze arrangéieren huet emol grondsätzlech festgehalen, datt eng „Hëllefspolice“ wäert ginn. Si verweist och op Déifferdeng, wou dës Iddi säit 18 Méint Bestand hätt, an datt bei enger grénger „Direktioun“. Zudeem géif ee säit laanger Zäit mat GDL Security schaffen an hätt Vertrauen.

No iwwer 1.100 Opträg, déi d‘Sécherheetsfirma zur vollster Zefriddenheet vun der Stad Lëtzebuerg erleedegt hätt, hätt ee wéineg Versteesdemech fir d‘Kritik vum Minister Henri Kox (déi gréng), dee wuel d‘Aktioun fir illegal hält, an et elo géif virzéien d‘Kompetenze vun de kommunalen Agenten (Pecherten) ze erweideren. Dëse „Virstouss“ gouf och vun der ASAM (FGFC) kloer begréisst.

D‘Buergermeeschtesch huet dnn nach emol op d‘Grënn fir dës Decisioun higewisen: den Handel mat Drogen an déi dësen Handel begleedent Kriminalitéit, hätten zu enger Onsécherheet am Garer Quartier gefouert, déi net akzeptabel ass. Zudeem hätt sech bei de „kriminellen Elementer“ esou eppes wéi eng gefillte „Stroffräiheet“ breet gemaach, wat d‘Awunner am Alldag géif belaaschten.

Et gouf nach emol drop higewisen, datt d‘Aarbecht vun dëse privat Sécherheetsagente mat der Police koordinéiert gi wier, an zwar wéi de Vertrag mat GDL Security ënnerzeechent gouf. Seet zumindest d‘Lydie Polfer. Si erënnert och drun, datt säit Méint géif ënnersicht ginn, wéi schlëmm d‘Lag am Quartier tatsächlech ass. Och de Syvicol hat sech um Méindeg mam Thema befaasst…

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Budget 2021, Drogenhandel, Finanzschäffen, GDL Security, Laurent Mosar, Lydie Polfer, Pecherten, Police, privat Sécherheetsfirma, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post