Search

You may also like

Transition Days Podcast: Eraus aus dem Büro, eran an de Gaart (Episod 3)
Neiegkeeten

Transition Days Podcast: Eraus aus dem Büro, eran an de Gaart (Episod 3)

Am Kader vun den Transition Days stoung de Mount Dezember

Initiativ Countdown stellt fest: „De Klima huet de globale Krisepunkt erreecht“
Neiegkeeten

Initiativ Countdown stellt fest: „De Klima huet de globale Krisepunkt erreecht“

An enger virtueller Live-Veranstaltung hunn ee Samschdeg prominent Klimaaktivisten, Politiker

Berg-Karabach: ab 12 Auer sollen d‘Waffe schweigen
Neiegkeeten

Berg-Karabach: ab 12 Auer sollen d‘Waffe schweigen

Zu Moskau hunn d‘Vertrieder vun Armenien an dem Aserbaidschan bis

Stater Mobilitéitsdag -Esou gëtt de gratis ëffentlechen Transport gefeiert!

Stater Mobilitéitsdag -Esou gëtt de gratis ëffentlechen Transport gefeiert!

E Sonndeg, den 1. Mäerz geschitt endlech, wat scho séinlechst erwaart ginn ass: Mam Stater Mobilitéitsdag gëtt den Iwwergang zur Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg mat engem décke Programm un Aktivitéite gefeiert. Gläichzäiteg gëtt den Dag genotzt, fir op der Plëss den Infobus, een Informatiounsguichet zum ëffentlechen Transport an der Stad, anzeweien.

Un Animatioun, Concerten, guidéierte Visitten an aneren Aktioune sollt et um Stater Mobilitéitsdag net haperen. Ënnert anerem kann een un enger Rallye deelhuelen, fir esou d’Offer vum AVL, wéi och déi elektresch Bussen, de City Shopping Bus, de City Shuttle, den AVL-Kommandoposten, d’Ateliere vum Busservice oder och den Tramsmusée kennenzeléieren. Belount ginn d’Participante mat super Präisser.

Wien ee Bléck hannert d’Kulisse vum Stater Bus-Service kréie wëll, dee sollt un der guidéierter Visitt um Site zu Hollerech deelhuelen. Presentéiert gi beispillsweis d’Kommandoposten an d’Atelieren, wärend de Visiteur am Tramsmusée eppes zur Geschicht vun ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gewuer gëtt.

D’Mëschung mécht et

Wëll een am Groussherzogtum vun der Plaz kommen, kënnt ee laanscht d’Kombinéiere vu verschiddenen Transportmëttel wuel net dolaanscht. Et gëllt also seng Mëttel ze kennen, se richteg anzesetzen an esou schnellstméiglech vun A no B ze kommen. Aus dësem Grond proposéiert de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) d’Decouverte vun eiser wonnerbarer Mobilitéit, andeems vum Bus, dem City Shuttle, dem Zuch, dem Funiculaire an dem Tram all Mëttel integréiert gëtt. Depart ass um 11:15 Auer, 13:15 Auer a 15:15 Auer op der Plëss.

Net nëmmen all Transportmëttel, mee och all Alter soll um Stater Mobilitéitsdag abezu ginn. Iwwert den Dag verdeelt gi fir déi ganz Famill Concerten, Animatioun an Atelieren ugebueden. Fir de klengen oder groussen Honger ze bändegen, wäerte Food Trucks prett stoen.

D’Stad Lëtzebuerg réit alle Visiteuren um Hin- a Réckwee vum – da gratis – ëffentlechen Transport ze profitéieren. D’Linn 17, sou wéi de City Shopping Bus fueren tëscht dem P+R Bouillon, dem Glacis an dem Stadzentrum all 7 bis 10 Minutten (vun 10:00 bis 18:30 Auer).

Stater Mobilitéitsdag

De komplette Programm mat de geneeën Auerzäiten a weidere wichtegen Informatiounen, fannt Dir ënnert vdl.lu.

Related topics AVL, Bus, Funiculaire, Gratis, Gratis Ëffentlechen Transport, Infobus, Mobilitéit, Stater Mobilitéitsdag, Tram, VDL, Zuch
Next post Previous post