Search

You may also like

Op d‘Strooss gesat
Neiegkeeten

Op d‘Strooss gesat

D‘Caritas Lëtzebuerg, där hir Missioun doranner besteet den Äermste bäizestoen

ING Night Marathon: Et gëtt weider gefeiert
Neiegkeeten

ING Night Marathon: Et gëtt weider gefeiert

An dësem Joer feiert den ING Night Marathon säi 15.

Geriicht zu Madrid léist verueteelte Mäerder op fräiem Fouss
Neiegkeeten

Geriicht zu Madrid léist verueteelte Mäerder op fräiem Fouss

Am Dossier ëm d‘Ausliwwerung vum zu Lëtzebuerg verurteelte Jean-Marc Kiesch

Ab e Méindeg: Geännert Ëffnungszäiten am Stater Recyclingszenter

Ab e Méindeg: Geännert Ëffnungszäiten am Stater Recyclingszenter

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt ab e Méindeg, de 6. Juli 2020 nei Zäiten fir de Recyclingszenter op der Areler Strooss gëllen:

  • Vu Méindes bis Freides vu 7:00 bis 19:15 Auer, leschten Accès um 19:00 Auer
  • Samschdes vun 9:00 bis 16:00 Auer, leschten Accès um 15:45 Auer

De Service Hygiène erënnert drun, datt den Accès fir Professioneller op Dënschdes bis Freides inclus limitéiert ass. Méindes a Samschdes dierfe just Privatpersoune kommen.

De Second Hand Shop bleift bis op Weideres zou.

Folgend Reegele gëllen am Recyclingszenter:

  • D’Schutzmoossname mussen vun all Visiteur agehale ginn (Distanz, kee physesche Kontakt, d’Droe vun der Mask um ganze Site);
  • Just 12 Gefierer dierfe gläichzäiteg op der Plaz sinn;
  • An all Gefier dierfen just 2 Persounen, am beschte Fall awer 1 Persoun, sëtze fir auszelueden;
  • Déi maximal Quantitéit pro Dag pro Gefier läit bei 1 m³;
  • Fir de Flux um Site ze garantéieren sollen d’Visiteure schonn am viraus d’Materialien trennen;
  • Fir de Sperrmüll a Gaardenoffäll sollen d’Bierger vun der gratis Collecte profitéieren (RDV via Tel. 4796 3640 oder Email hygiene@vdl.lu).
Related topics Areler Strooss, Ëffnungszäiten, Recyclingszenter, Reegel, sanitär Moossnamen, Stad Lëtzebuerg, VDL
Next post Previous post