Search

You may also like

Unesco-Weltkonferenz iwwer Bildung fir nohalteg Entwécklung
Neiegkeeten

Unesco-Weltkonferenz iwwer Bildung fir nohalteg Entwécklung

Gëschter huet d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg

ULC mam beholl vum Bausecteur „onzefridden“
Neiegkeeten

ULC mam beholl vum Bausecteur „onzefridden“

Mat der Reprise vun de Wirtschaftsaktivitéiten, vun deem emol an

Däitschland: 1 Millioun Opluetstatioune bis 2030
Neiegkeeten

Däitschland: 1 Millioun Opluetstatioune bis 2030

Virum haidegen „Auto-Sommet“ am Kanzleramt, huet sech déi däitsch Bundeskanzlerin

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen

Beim leschte Kaffi-Croissant mam Stater Schäfferot, stoungen nieft klenger Sujeten, d‘Aschreiwunge vun den auslännesche Bierger fir d‘Gemengewahlen am Mëttelpunkt. D‘Interpretatioun vun den Zuelen ass keng einfach Saach, mee am grousse ganzen dierf een zefridde sinn

Mat insgesamt 34.396 ageschriwwe Bierger ergëtt sech géintiwwer 2011, eng Hausse vun 5,6%. Heivunner sinn der 27.827 Lëtzebuerger (+2%) an 6.569 Auslänner (+24,5%). D‘Fransouse (1.549) stelle mat de Portugise (1.422), bei den auslännesche Matbierger déi gréisste Fraktioun duer. Och bei den Italiener (718), den Däitschen (505) a de Belsch (480) ass den Interessi un der Gemengepolitik nach respektabel.

Zuele richteg deiten

De Schäffe Patrick Goldschmidt (DP) stellt awer kloer, datt et geféierlech ass, de Prozentsaz als Grondlag fir eng Analys ze huelen. A netto Zuele sinn fir d‘Gemengewahle vun dësem Joer, ronn 2.000 Leit méi ageschriwwe wéi 2011. Dat ass gutt, och wann een natierlech frou driwwer gewiescht wier, méi Leit hätt zum Matmaache beweege kënnen.

32.000 Bierger, déi eligibel sinn fir sech an d‘Wahllëschten anzedroen, waren dann och vun der Gemeng direkt ugeschriwwe ginn. Säitens der Stad ass, nieft enger grousser Campagne, also wierklech alles an d‘Wee geleet ginn, d‘Leit ze informéieren. D‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) ass dann awer net onzefridden, well déi Zuele jo awer relativ bleiwen. Et erlaabt och unzehuelen, datt, wien sech net aschreift, d‘Situatioun gutt fënnt, soss kéint dat jo mat sengem Vott kontestéieren.

Et ass eben ee Choix, dee jidderee fir sech trëfft. Woubäi drun erënnert gëtt, datt d‘Gemeng net eréischt dräi Méint vrun de Wahle d‘Bierger informéiert. D‘Campagne ass wuel en Héichpunkt, mee all Bierger, dee fréier oder spéider am Biergerzenter virstelleg gëtt, kritt d‘Informatioun.

Endlech Vakanz?

Um Niveau vun der Chantieren ass et geschwënn, wéinst dem Kollektivcongé, eppes méi roueg an der Stad. Woubäi tëscht dem 28. Juli an dem 20. August awer op verschidde Plaze muss weidergeschafft ginn. Dat ass de Fall a verschidde Schoulen, beim Lux-Tram an am Ban de Gaasperech, wou eng Strooss muss fäerdeg ginn.

D‘Sam Tanson (déi gréng) huet nach bestätegt, datt den dynameschen Affichage op de Busarrêten gutt viru kënnt. Vun den 230 geplangte Panneaue sinn der ronn 180 fäerdeg, a bis Enn Joer sollten se all hänken, respektiv stoen. Mat dem Affichage, ginn d‘Busser an „Echtzäit“ ugewisen an och iwwer eventuell Behënnerungen am Reseau gëtt een hei informéiert.

Eng flott Nouvelle fir all déi, wou aus Zäitgrënn nach net déi schéin Aussicht vum „City Skyliner“ genéisse konnten: dee steet nach bei der Gëlle Fra bis den 20 August. Eng gutt Iddi an ee flott Konzept huet Succès. Beim Volet „Sportwochen“ ass matgedeelt ginn, datt et nach fräi Plaze gëtt beim „Dance Arts“ an dem „Mini Sailing“. All néideg Informatioune fënnt ee wéi gewinnt um Internetsite vun der Stad Lëtzebuerg.

Foto: © Martine de Lagardère

Related topics Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post