Search

You may also like

Éischt Folge vum Sécherheetsgesetz fir Hong Kong
Neiegkeeten

Éischt Folge vum Sécherheetsgesetz fir Hong Kong

US-Bierger déi a China liewen, sinn vun hirer Regierung opgeruff

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik
Neiegkeeten

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik

Dësen Donneschdeg gëtt et nees haart an der Escher Kulturfabrik.

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht
Neiegkeeten

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht

D‘Annonce vun der Staatstrauer, nom Dout vum Groussherzog Jean, soll

Stauséi: Wann d‘Bloalgen engem d‘Vakanz verdierwen

Stauséi: Wann d‘Bloalgen engem d‘Vakanz verdierwen

Wéinst enger Bloalge-Pescht am Séi vun der Uewersauer, ass et zanter dem 25. Juli verbueden d‘Waasser ze goen. Laut der Administratioun vun der Waassergestioun ass de ganze Séi vum „Problem“ betraff, an all Aktivitéiten um Waasser, wéi beispillsweis segele mussen ënnersot ginn.

De LIST (Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie) ass mat Analyse beoptraagt ginn, an soll erausfanne wat et mat de Cyanobakterien op sech huet. Dës Cyanobakterien, déi vun de Leit gemengerhand als Bloalge bezeechent ginn, produzéieren Toxinnen déi dem Mënsch, der Waasser-Fauna, an den Déiere kënne geféierlech ginn. Dofir gëtt dem Public recommandéiert:

  • net an de Stau schwamme goen, an iwwerhaapt all direkte Kontakt mam Waasser ze vermeiden;
  • d‘Hausdéieren net an d‘Waasser ze loossen, och dovunner drénke sollten se net;
  • keng Fësch aus dem Stauséi an der Uewersauer konsuméieren.

Sollten dës Recommandatiounen net eescht geholl ginn, an nom „schwammen“ fillt ee sech krank, da sollt een méiglechst direkt säin Hausdokter opsichen, an dësen doriwwer informéieren, datt ee méiglecherweis a Kontakt mat Cyanobakterie war. Besser ass et vum Waasser ewech ze bleiwen.

Zum Gléck gëtt et Alternativen

De Stauséi, de Séi zu Wäisswampech mee och d‘Weiere vu Rëmerschen sinn als Buedgewässer ausgewisen, an et gëtt während der Buedsaison regelméisseg op 11 Iwwerwaachungsstatiounen d‘Waasserqualitéit kontrolléiert. No der Entdeckung vun de Bloalgen am Stauséi sinn d‘Kontrollen op der Plaz an d‘Analysen intensivéiert ginn, a bleiwen iwwert déi nächst Woche bestoen.

Besser gesäit et dogéint zu Wäisswampech an zu Rëmerschen aus. Hei goufe bis ewell nach keng Bloalgen entdeckt. Eng gutt Nouvelle, well dat bedeit, datt een hei am vollen Ëmfang vun den Aktivitéiten um an am Waasser profitéieren dierf. Sollt een Zweiwel hunn, esou ass et net falsch, sech op www.waasser.lu ze informéieren.

Et dierf dann och nach drop higewise ginn, datt et keng Risike gëtt, déi mam Konsum vum Drénk- oder Krunnewaasser, dat aus dem Stau an de Reseau SEBES agespeist gëtt, ze dinn hätten. Dat Waasser, dat aus dem Stau gepompelt gëtt, kënnt aus enger Déift vu 25 Meter. D‘Konzentratioun vu Cyanobakterien ass hei geréng, an beim Filtere ginn déi eliminéiert.

Wat sinn Cyanobakterien a wou kommen se hir?

Dat wat een hei allgemeng als Bloalge bezeechent, sinn un a fir sech nëmme Bakterien. Dës Foto-synthetesch Mikroorganisme produzéiere spezifesch Pigmenter. Déi ginn „phycocyanin“ genannt, wéinst hirer blo-grénger Faarf, déi och hannert dem historeschen Numm steet.

Wann déi richteg Konditiounen zesummekommen (waarmt a sonnegt Wieder ouni vill Loft, an dem Waasser vill Stéckstoff a Phosphor zougefouert gëtt) da fillen d‘Bakterie sech wuel a wuesse wéi verréckt. D‘Cyanobakterien evoluéieren a Kolonien an gi séier Dominant, wouduerch se op der Waasseruewerfläch Effloreszenzen produzéiere kënnen. Dat ass da scho spektakulär.

Elo sinn awer déi vun de Cyanobakterie produzéiert Toxinne ganz geféierlech fir de Mënsch an d‘Déieren. Esou d‘Hepatotoxinnen déi d‘Liewer ugräifen, d‘Neurotoxinnen déi d‘Gehir schiedegen oder Dermatoxinnen, déi zu Hautkrankheete féiere kënnen.

mam Laure Schlesser

Foto: Cyanobakterien entstinn aus der Fotosynthes. Et ass hir blo-gréng Faarf déi hinnen de Numm ginn hunn. © Jahn Throndsen/UiO

Related topics Bloalgen, Cyanobakterien, Gesondheet, LIST, Stauséi
Next post Previous post