Search

You may also like

Éischt spierbar Konsequenze vum Brexit
Neiegkeeten

Éischt spierbar Konsequenze vum Brexit

Si wollte mat aller Gewalt d‘Unioun an den europäesche Bannemaart

D’Brasserie Nationale beweist sech weiderhin an der Groussregioun
Neiegkeeten

D’Brasserie Nationale beweist sech weiderhin an der Groussregioun

No enger fruchtbarer Zesummenaarbecht iwwer vill Joren, hunn d’Brasserien vun

Lëtzebuerger Impfstrategie: Déi zweet Phas mat zwee weideren Impfzentren
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Impfstrategie: Déi zweet Phas mat zwee weideren Impfzentren

Enn dëser Woch wäerten déi éischt Invitatioune fir d’Impfung géint

Visitt vum Stauséi: Online-Reservatioun ab e Samschdeg noutwenneg

Visitt vum Stauséi: Online-Reservatioun ab e Samschdeg noutwenneg

Wéi geckeg belageren Mënschemasse bei guddem Wieder de Stauséi. D’Gemenge ginn der Situatioun net méi Meeschter, op d’Vernonft vun all Eenzele kann een net zielen. Esou gouf elo ugekënnegt, datt ab e Samschdeg eng Online-Reservatioun fir d’Visitt um Waasser noutwenneg ass. Zousätzlecht Sécherheetspersonal këmmert sech Weekends ëm de richtege Beholl.

Nom Verkéierschaos, Fäll vu Wëll-Camping, intensive Partien a virun allem dem Optriede vu risege Mënschemassen – an dat, obwuel mir eis nach ëmmer an enger sanitärer Kris befannen – geet et elo duer. D’Wort hat gëschter matgedeelt, RTL kuerz drop confirméiert, datt ee fir de Besuch op de Wise ronderëm de Stauséi zu Lëlz, Ënsber, Léifreg, der Rommwiss bei Baschelt, a Burfelt seng Plaz um Weekend reservéiere muss.

Hei d’Detailer:

  • De Reservatiounssystem gëllt just fir Weekends. An der Woch kann ee weiderhin ouni Ticket op d’Plage kommen;
  • Reservéiere muss een fir alleguer d’Plagë ronderëm de Stauséi: Ënsber „an der Baaech“ (Plage 1), „Fuussefeld“ (Plage2), Lëlz, Burfelt, Léifreng a Rommwiss;
  • den Accès bleift GRATIS;
  • Reservatioune lafen iwwer de Site an d’APP vum ORT Éislek;
  • Hei de Link fir online ze reservéieren.

T’ass jo iergendwéi ze verstoen, datt een nom Lockdown a mam Zeréckgewanne vun de Fräiheeten, dat gutt Wieder virun enger fantastescher Kuliss genéisse wëll. Géif dat Ganzt mat Respekt viru senge Matmënsche, wéi och virun der Natur oflafen, dann dierft et och kee Problem sinn, vum bloen Himmel, der Sonn an der summerlecher Atmosphär laanscht d’Waasser ze profitéieren.

Dobäi geet et net eleng ëm d’Gesondheet, mee och ëm d’Sécherheet: Bei engem Virfall oder Accident komme beispillsweis weder d’Ambulance, nach d’Pompjeeën laanscht déi parkend Autoen, déi nu emol oft och déi komplett Säitesträifen anhuelen.

D’Ministere Lex Delles a François Bausch hu sech an dësem Kader bereet erkläert, weidert Sécherheetspersonal fir d’Weekender zur Verfügung ze stellen. Donieft soll et verstäerkt zu Policekontrolle kommen.

D’Spärung vum Stauséi wier déi lescht Optioun, déi een an Ugrëff wéilt huelen. Ma, et ass zudeem och schwiereg, duerch d’Form an déi zuelräich Zougäng zum Waasser d’Areal zouzemaachen.

Opmaacherbild © Naturpark Öewersauer / Facebook

Related topics Ëmwelt, Fuussefeld, Natur, Online-Reservatioun, Pandemie, Plage, Police, Reservéierung, richtege Beholl, Rommwiss, Sécherheetspersonal, Stauséi, Summer, Waasser, Zerstéierung
Next post Previous post